Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch
De „massive“ Jo vun den Iren zum Recht op de
De „massive“ Jo vun den Iren zum Recht op de
„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an
Kaum ee fäert d‘Summerlach esou vill wéi e Journalist. Virun
Offiziell ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahle vum 14. Oktober nach net lancéiert, a well sech d‘Patronat net schéngt an de Parteiprogrammer erëmzefannen, huet d‘Vereenegung vun de Lëtzebuerger Entreprisen (UEL) elo seng Propose verëffentlecht, an hofft berécksiichtegt ze ginn.
Am Virwuert zu sengem Bäitrag fir de politeschen Debat heescht et dann och: „De gewéinleche politeschen Discours ignoréiert all ze oft, datt déi privat Entreprise e Pilier vun eiser Gesellschaft a seng haapt Quell fir Räichtum ass“. Dobäi wier et den Optrag vum Patronat dofir ze suergen, datt et e nohaltege Wirtschaftswuesstem gëtt an Aarbechtsplaze geschafe ginn. D‘Patronat wier zudeem och de Garant fir e funktionéierende Sozialstaat an déi sozial Kohäsioun.
D‘UEL erënnert dann och nees dorunner, datt de lëtzebuergesche Sozialsystem besonnesch generéis ass. D‘Patronat warnt dann och virun enger falscher Approche säitens de Regierung, déi sech géif op Projektioune baséieren, déi um demographesche Wuesstem berout. Am Zäitalter vun der Digitalisatioun an dem technologesche Wandel, sollt sech d‘Politik awer op e qualitative Wuesstem beruffen, an net wéi elo, op ee quantitative Wuesstem. Dat wier „nohalteg“.
Bei de Krankeversécherung, déi laut dem Patronat weder koherent ass, nach uerdentlech geréiert gëtt, miss een ufänken. Hinne schwieft eng Reform vir mat där d‘Finanzéierung vun de Soine ganz eleng vum Salariat muss gestemmt ginn. Kompenséiere wëll dat d‘UEL duerch d‘Unhiewe vum Bruttoloun. Eng kontradiktoresch Ausso, well bis ewell goufe Lounerhéijungen ëmmer refuséiert.
Och bei de Pensioune gesäit d‘UEL Reformbedarf. Si wëllen datt d‘Pensiounen nom Prinzip muss determinéiert ginn, dee sech op d‘Cotisatioun bezitt. Iwwerhaapt soll d‘Entwécklung vun der Rent net méi un d‘Evolutioun vun de Salaire soll gebonne ginn. Och de Pensiounsalter misst zwéngend un Liewenserwaardung ugepasst ginn. Gemengt ass, datt well een am allgemenge méi laang lieft, d‘Pensioun entspriechend méi kleng muss ausfalen, et géif een déi jo méi laang bezéien.
Den „Educatiounsforfait“ gehéiert laut UEL ersatzlos gestrach, an de Regime vun der Fonction Publique soll un de generelle Regime ugepasst ginn. Eigentlech géifen se d‘Beamte gäre ganz ofschafen, mee déi Fuerderung muss hinnen dann awer ze gewot gewiescht sinn…
Interessant am Pabeier vun der UEL: et ass een der Usiicht, datt sech dës Proposen an de Kontext vun engem qualitative Wuesstem aschreiwen, an et d‘Flicht vum Patronat ass sech iwwert déi eege Prioritéiten auszedrécken. Et wier ee besuergt wéi mam Chômage ëmgaange gëtt, a wéi een derzou bäidréit der Entwécklung vum Aarbechtsmaart gerecht ze ginn.
Vill Patrone géifen sech beschwéieren, esou d‘UEL, datt Aarbechtsplazen onbesat bleiwen, an dat net nëmmen am Secteur vun den neien Technologien (TIC), mee och villen anere Secteure géif et schlecht ausgesinn. Et wier deemno noutwenneg, datt een e Gläichgewiicht tëscht der Demande an der Offer schaaft. Dat ganzt iwwert eng Formatioun an/oder berufflech Reorientéierung. D‘Käschte soll de Staat droen, an finanzéiere kéint een dat duerch eng Revisioun vun der „Entschiedegung“.
Bei der Patronatsvertriedung interesséiert ee sech awer och nach fir déi nohalteg Entwécklung, déi sozial Kohäsioun, d‘Sécherheet an d‘Gesondheet op der Aarbechtsplaz, den ëffentlechen Transport, de Logement an d‘Ëmwelt. Beim Logement huet d‘UEL erstaunlecherweis unerkannt, datt deen ze deier ass. Dat awer nëmme well et och d‘Entreprise belaascht. Si sinn allerdéngs der Meenung, datt et net um Niveau vum Bau klemmt, mee u Baugeneemegungen hapert…