Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg huet säin neit Scheedungsrecht
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet säin neit Scheedungsrecht

Zanter dem Donneschdeg ass d‘Gesetz, dat de Riichter fir Familljenugeleeënheete

Erklärung vun der KPL zur Situatioun a Venezuela
Neiegkeeten

Erklärung vun der KPL zur Situatioun a Venezuela

Déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg veruerteelt an aller Schäerft all d‘Aktioune

Wéi gutt kenns du d’Musel?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Musel?

D’Musel ass e wichtege Floss fir Lëtzebuerg. Dat wëssen net

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen

De Landeskongress vun der Piratepartei Stong voll an ganz am Zeeche vun den Gemengewahlen déi dëst Joer esou muenches vun hire Membere wäert ofverlaangen. An net manner wéi sechs Gemenge gëtt den etabléierte Parteien de Kampf ugesot, dat ganz ënnert dem Motto: Modern – Fair – Transparent.

Schonns virum Landeskongress, deen sech dëst Joer an d’Klierfer Schlass agelueden hat, huet hire Generalsekretär, den Andy Maar den Accord fir ee faire Wahlkampf ënnerschriwwen. Ee Punkt deen um Kongress net méi ervirgehuewe gouf awer scho verdäitlecht dat een wëlles huet sech mat Respekt an op Aenhéicht ze begéinen.

Ee Gedanken deen och vum Parteipresident Sven Clement ënnerstrach gëtt. Hien ass net erpicht op eng Amerikaniséierung vun der politescher Ausernanersetzung an schléisst trotz allem net aus dat et am Wahlkampf kéint zimlech perséinlech ginn. Et schéngt him dann och wichteg dat seng Kandidaten sech net op ee Face-Face mat Schléi ënnert der Giertellinn aloossen, mee programmatesch an Themenorientéiert an hire respektive Gemengen den Bierger begéinen.

Eng aner Politik ass net nëmme méiglech mee och noutwenneg

Mamm kloren Ziel ee puer Setzer ze erreechen ass et wichteg dem Bierger an de verschiddene Gemengen éierlech ze begéinen. De Slogan soll dann och verdäitlechen dat et net wierklech Modern Gemengen zu Lëtzebuerg gëtt.

D’Piraten um Landeskongress am Klierfer Schlass © Martine de Lagardère

De Sven Clement fuerdert och méi professionell Strukturen an mécht däitlech dat d’Piratepartei sech eendeiteg vir eng Trennung vun de Mandate wäert positionéieren. „Mir brauche manner Deputéiert-Maires an méi Buergermeeschter“ sou den President. „Wann een béides kombinéiert fänkt een iergendwann un sech géint enaner auszespillen an dat kann net am Sënn vun de Bierger leien.“

Fir den Generalsekretär Andy Maar muss d’Kampagn vun der Piratepartei dem bipolare Wahlkampf tëscht de Regierungsparteien an der CSV paroli bidden. Dat d’Gemengen ee wichtegt Standbee vun der Gesellschaft sinn muss deem eenzele verständlech gemaach ginn. Grad zu Lëtzebuerg, wou dach alles eng verbonnen ass, mussen d’Gemengen dem 21.Joerhonnert gewuess sinn.

De Parteipresident Sven Clement fuerdert eng programmatesch an themenorientéierte Kampagn. © Martine de Lagardère

Nieft dem Haaptthema ass um Landeskongress awer och d’Landespolitik ugeschwat ginn. Hei gouf besonnesch säitens dem Vizepresident Camille Liesch d’Verkéiers- an Aarbechtsmaartpolitik vun der Regierung ugeprangert. Hie kritiséiert dat d’Regierung hir Wahlprogrammer an den Tirang geluecht hätt a just nach op vue géif navigéieren ouni richteg Léisungen unzebidden.

Fir déi eenzeg Fra am Virstand déi Wuert ergraff hat, wor d’Steiergerechtegkeet en Uleies. D’Lucie Kunakova kritiséiert an aller Däitlechkeet d’Ongläichgewiicht tëscht Privatstéit a PME’en am Verglach mat multinationalen Entreprisë. Zudeem huet Si den Androck dat d’Steierreform just den Zweck soll erfëllen de Bierger ofzespeisen. Verständlech wann ee sech bewosst ass dat Leit déi 40 Stonne schaffen 39% Steiere bezuelen, d’Konzerner déi op Lëtzebuerg gelackelt goufen awer nach just 1%.

A sechs Proporzgemenge wëllen d’Piraten ee Wuert matschwätzen

Fir d’Bierger aus de Gemengen: Stad, Esch/Uelzecht, Péiteng, Ettelbréck, Klierf a Kielen steet also eng iwerléenswäert Alternativ zu esouwuel den sougenannten „etabléierten“ Parteien, mee awer och der populistescher ADR en der arrivistescher Lénk eppes géinteniwwer.

Piratepartei-Virstandsmitglied Lucie Kunakova huet eng berechtegt Kritik un d’Steierreform gericht. © Martine de Lagardère

D’Chancen sech géint d’LSAP, DP, déi Gréng an d’CSV duerchzesetze sinn allerdéngs geréng, esou divers Politikexperten. Dat sinn allerdéngs déiselwecht déi net vum engem méigleche Brexit ausgaange sinn an och den Donald Trump net als President vun Amerika gesinn hunn. D’Piraten hunn eng wesentlech méi betount humanistesch Approche wéi den ADR, ouni d’Probleemer vun der Migratioun an de Refugiéen aus den Aen ze verléieren. Am Bezuch op déi Lénk, sinn d’Piraten eppes méi progressiv an ee bedéngungslost Grondakommes muss genau esou diskutéiert ginn, wei et néideg ass déi jonk Entrepreneuren (am Sënn vu Start-Ups an Garage Workshops) ze motivéieren an ënnerstëtzen.

Alles an allem versprécht mat der Piratepartei de Wahlkampf an deenen ugeschwate Gemenge ganz interessant ze ginn. Elo bleift ze hoffen dat sech besonnesch déi jonk Bierger an de betraffene Gemenge fir de Programm interesséieren an hir Chance notzen sech engem participativen demokratesche Prozess ze stellen.

D’Piratepartei wäert wéi gewinnt vill Präsenz an den neie Medien hunn an wuel kaum vun de Parteizeitunge wei Lëtzebuerger Wort an Tageblatt iwwerméisseg zu Wuert kommen. Och dierf erwaart ginn dat wéinstens RTL, elo wou se jo d’Roll vun engem ëffentlech-rechtleche Presseorgan zougesprach kruten, d’Piraten op déi divers Ronndëschgespréicher wäerten alueden.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel