Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Patiente Vertriedung: Gratis juristesch Assistenz u bestëmmten Datumer
speed dating rav

Patiente Vertriedung: Gratis juristesch Assistenz u bestëmmten Datumer

Ab Februar 2019 offréiert Patiente Vertriedung Asbl all éischten Donneschdeg

canada online dating free
speed dating rav

before online dating

Dem Donald Trump seng Decisioun, Stol an Aluminium, deen importéiert

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt
speed dating rav

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt

Se si veriergert, jo scho richteg rosen: déi CSV-Deputéiert, Laurent

D‘Piraten, d‘adr an e Shitstorm dee wéineg gutt Argumenter huet

D‘Piraten, d‘adr an e Shitstorm dee wéineg gutt Argumenter huet

Säit d‘Deputéiert vun de Pirate bekannt ginn hunn, datt si sech fir eng Zesummenaarbecht mat der adr, op der Basis vun engem technesche Grupp ausgeschwat hunn, ass uerdentlech eng lass an de sozialen Netzwierker. De Sven Clement, President vun de Piraten, verdeedegt d‘Entscheedung an weist op e neits drop hin, datt et sech net ëm eng politesch „Allianz“ handelt.

Dorops hin ass zu engem bossege Géigenargument komm: „wann deem esou wier wéi dat de Clement behaapt, missten déi dräi Koalitiounspartner fusionéieren!“, heescht op an engem Post op Facebook. Domat wollt drop ugespillt ginn, datt d‘Pirate mat der adr an dem Wee 2050 sech sollten zesummendoen. De Mann op Facebook huet de PiD (déi mat de Piraten an d‘Wahle gaange sinn) vergiess, an och soss éischter wéineg Ahnung wat et bedeit en „technesche Grupp“ ze sinn.

adr a Pirate sinn um Pabeier eng Fraktioun, net awer e politesche Grupp. Elo ass et richteg ze bemierken, datt sech de President déi onraisonnéiert Reaktiounen net virstelle konnt, wéi hien dës Entscheedung abruecht a matgedroen huet. Hie muss sech elo beschëllege loossen, seng Séil un den Däiwel verkaf ze hunn. Dat vun de politesche Géigner, a Leit déi sech fir Experten halen….

Wien am Glashaus sëtzt, sollt net mat Steng geheien

Aus de Reie vun der LSAP (déi dräi Sëtz bei de leschte Wahle verluer hunn) ass et den Alex Bodry deen sech iergert. Iergert doriwwer, datt e Fernand Kartheiser d‘Pirate bei de Presidentekonferenz vertrëtt. Hien ënnerschléit gekonnt, datt dës „Presidentekonferenz“ eng strikt administrativ Funktioun huet, mee d‘Riednerzäite bestëmmt. Dat nennt een de Leit Sand an d‘Ae streeën.

De Sven Clement hält wéineg vun dësem verbalen Exkurs aus dem sozialistesche Lager. Si hätten eppes fonnt, oder villméi mengen eppes fonnt ze hunn, wat vun hire Koalitiounsverhandlungen oflenkt. De President vun de Pirate gëtt sech zouversiichtlech, datt wann emol bis bekannt ass, op wat sech d‘LSAP agelooss huet, fir un der Regierung bedeelegt ze sinn, de Wand ëmschloen dierft.

Wann een e gescheite Schachzuch mécht, méi Riednerzäit a méi finanziell Zouwendungen erhale kann, domatter allerdéngs déi selwecht „Avantagen“ och dem politesche „Géigner“ zoukomme léisst, muss een et de Leit och esou erklären, datt et um Enn verständlech ass. Datt ass béide Säiten (och d‘adr muss sech Kritik aus den eegene Reie gefale loossen) an dësem Kontext net gelongen.

Fir d‘Pirate keng gutt Ausgaangslag, zemools, wann een der Usiicht ass, datt déi ganz Weess wat en technesche Grupp ass. Et weess eben net all Mënsch wat dat ass, well dat huet et – och wann et am Chambersreglement esou virgesinn ass – esou nach net ginn, oder ass esou laang hir dat sech kee méi dru kann erënneren. Da kann et passéieren, datt sech de Mythos vun enger Fusioun verbreet.

Ähnlech Sujeten adr, Chamber, Krautmaart, Piraten, Shitstorm, technesche Grupp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel