Search

You may also like

Italien wéinst Feinstëbs an héchster Alarmbereetschaft
Neiegkeeten

Italien wéinst Feinstëbs an héchster Alarmbereetschaft

Vu Bologna op Florenz an iwwer Mailand op Turin a

Véier indiskutabel Konditioune fir d‘Gesondheet vun de Salariéeën ze schützen
Neiegkeeten

Véier indiskutabel Konditioune fir d‘Gesondheet vun de Salariéeën ze schützen

No enger ganze Rëtsch u Videokonferenzen tëscht dem Aarbechtsminister Dan

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen
Neiegkeeten

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen

Virun net ganzer dräi Méint hat et zu Senneng am

D‘POST produzéiert elo Stroum

Beetebuerger POST-Verdeelerzentrum vun Enovos mat Solar-Panneauen ausstafféiert

D‘POST produzéiert elo Stroum

Wéi um Freideg den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) am Schloreen an der Industriezon zu Beetebuerg ukomm ass, huet hien – sécher fir déi fiicht Stëmmung eppes ze hiewen – gemengt: „Et ass ee gudden Dag fir vun der Sonnenenergie ze profitéieren“.

Woubäi de Minister net ganz onrecht huet, well eigentlech ass all Dag e gudden Dag fir vun enger erneierbarer Energie ze profitéieren, och wa bei Reen et vun der Sonn eppes manner Rendement ka ginn. Et ass dann och kengem en Zacken aus der Kroun gesprongen, wéi dës schon impressionnant Solaranlag offiziell ageweit ginn ass. E Projet dee POST an Enovos zesummen ugaange sinn.

An dës Anlag ka sech weise loossen: d‘Produktiounscapacitéit vun dëser Anlag läit bei 674.000 KW/h. Dat entsprécht dem energetesche Besoin vu ronn 170 Menagen. An et dierft och eréischt den Ufank sinn, well de Staat huet eng Ausschreiwung fir d‘Installatioun an de Betrib vun Anlage mat enger Gesamtleeschtung vun 13,9 Mwp* lancéiert. Dat wier Stroum fir 3.400 Haushälter.

Bis 2030, esou de Wëlle vum Minister Claude Turmes, sollen all Joers 100 Mwp Leeschtung zousätzlech duerch esou oder ähnlech Projete produzéiert ginn. Hien deen am Mee „Är Energie fir eise Planéit“ gefuerdert huet, ass iwwerzeegt, datt Photovoltaikanlagen e grousse Beitrag zum Klimaschutz leeschte kënnen. Elo muss hien awer nach déi Privat Entreprisen iwwerzeegt kréien.

(* Mat Mwp ass de „Megawatt peak“ gemengt. Eng am Beräich vun der Photovoltaik gebräichlech, awer net normgerecht Bezeechnung fir déi elektresch Leeschtung (Watt) vu Solarzellen. Dës Eenheet déngt derzou, ënnerschiddlech Solarzellen a Solarmodulen ënner genormte Konditioune vergläichen ze kënnen.)

Related topics Beetebuerg, Claude Turmes, ENOVOS, Post, Solarenergie
Next post Previous post