Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Nossknacker – dat bescht Balletsmäerche vir d’Wanterzäit
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Nossknacker – dat bescht Balletsmäerche vir d’Wanterzäit

De Ballet vum Nossknacker baséiert um Alexandre Dumas senger Versioun

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!
International Kultur Neiegkeeten Stories

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!

The Last Jedi ass e Film deen oppe refuséiert, der

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de siwenten Dag
International Kultur Neiegkeeten Stories

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de siwenten Dag

Gëschter hunn den Arthur Kluckers an den Nicolas Kess hir

Dr. Mariam Al-Sohel: Homosexualitéit mat Zäppchen „heelen“!

Dr. Mariam Al-Sohel: Homosexualitéit mat Zäppchen „heelen“!

Mir sinn nees am Kuwait ënnerwee, wou nieft engem Soziolog, deen erkläert, wéi ee seng Fra richteg beetsche soll, elo och eng Doktesch behaapt, datt ee mat gudder Ernierung, an engem speziell entwéckelten Zäppchen Homosexualitéit „heele“ kann – geet et dann nach?

Am Mäerz 2019 huet Dr. Mariam Al-Sohel an engem Interview erkläert, datt si mat dëser Method d’Leit dozou brénge kann, datt Léift ënnert Gläichgeschlechtleche verhënnert ka ginn. Um vergaangenen Dënschdeg huet d’Netregierungsorganisatioun „Middle East Media Researsch Institute (MEMRI), déi d’Medien am noen Osten analyséieren, een Deel vum Interview mat der Doktesch an de sozialen Netzwierker verëffentlecht.

D’Al-Sohel erkläert, datt hiren „therapeuteschen Zäppchen“ dat gläichgeschlechtlecht sexuellt Verlaangen drossele kann. D’Heelung soll dobäi duerch eng „prophetesch Medezin“ ervir geruff ginn, déi op dem Koran baséiert. Laut hiren Angabe soll Homosexualitéit no Mëssbrauch optrieden a sech duerch een – opgepasst!- Analwuerm manifestéieren. Esou soll déi „falsch“ sexuell Orientéierung bekämpft ginn, andeem een dëse Wuerm, dee sech vu Sperma ernäert, einfach vernicht. Natierlech kréie Mann a Fra den Zäppchen an ënnerschiddleche Faarwen ugebueden.

Zwiwwelen a Muerte fir d’Männlechkeet?

D’Doktesch gëtt weider Rotschléi. Esou soll ee schwule Mann seng Männlechkeet duerch Wuerzelgeméis a battert Iesse steigere kënnen. Beispillsweis solle Réidercher, Zwiwwelen a Muerten immens gutt hëllefen – ah bon?

Et muss een dobäi uginn, datt Kuwait als immens homophoobt Land gëllt. Wien sech zur Homosexualitéit bekennt, deem dréit de Prisong. Mee och am Rescht vun der Welt ass „homo-Heelung“ wuel nach ëmmer beléift. Bei sougenannte Konversiounstherapië soll Mann a Fra léieren, dat anert Geschlecht nees léiwen ze léieren. Schliisslech ass Homosexualitéit net vun der Natur virgesinn. Oder dach?

homosexualitéit

Den Homo-Wahnsinn am Déiereräich

Gläichgeschlechtlech Léift huet eng Plaz an der Natur! Et ass nogewisen, datt ronn 1500 Déierenaarten hir Homosexualitéit ausliewen. Dorënner si Giraffe genau esou vertrueden, wéi Fësch. Am meeschte verbreet ass et allerdéngs bei Déieren, déi an Häerden liewen. Doduerch gëtt net nëmmen dat soziaalt Netzwierk gestäerkt, mee och Konflikter a Froen zur Féierungspositioun gi gekläert.

Dobäi wëll och am Déiereräich Mann a Mann, oder och Fra a Fra zu Eltere ginn. Et konnt beobacht ginn, datt beispillsweis schwul Flamingoen, d’Eer vun heterosexuellen Aartgenosse klauen, fir déi Kleng als hiert Eegen opzezéien. Lesbesch Storche gräifen dobäi op d’Samenspend vun engem Drëtten zeréck a Méiwen adoptéieren einfach verloosse Jongdéieren.

Also Madamm Doktesch, e bësse méi Akzeptanz wann ech gelifft – sou wäit dat dann a Kuwait ubruecht ass! Homosexualitéit, wat sech bei Mënsch an Déier als natierlech erausstellt, sollt an ärer Welt och emol méi wëssenschaftlech korrekt betruecht ginn. Mee vläicht gëtt esou gläich een Zäppchen géint d’Dommheet erfonnt?

Ähnlech Sujeten Al-Ansari, Dr. Mariam Al-Sohel, Heelung, Homophobie, Homosexualitéit, Kuwait
Nächsten Artikel Virrechten Artikel