Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Meteorologesch war 2017 ee „waarmt“ Joer
https://moien.lu/cepr-euro-area-business-cycle-dating-committee/ Stories

best christian devotions for dating couples

D‘ASTA, de Wiederdéngscht vum Landwirtschaftsministère huet um Dënschdeg eng Evaluatioun

nova scotia dating laws
https://moien.lu/cepr-euro-area-business-cycle-dating-committee/ Stories

Remix! – Esch2022 géif sech iwwert Virschléi freeën

Esch2022 luet jiddereen derzou an, iwwert d‘Internetsäit www.esch2022.lu Virschléi fir

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?
https://moien.lu/cepr-euro-area-business-cycle-dating-committee/ Stories

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?

Zwou Frae waren an engem Londoner Nuetsbus iwwerfall ginn, well

Dräi einfach Schrëtter fir en besseren Alliéierten se sinn.

Dräi einfach Schrëtter fir en besseren Alliéierten se sinn.

D’Welt ass net fair. Dat ass jo keen Geheimnis. Verschiddener hunn méi, anerer hunn manner. Esou ass et och mat Privileegien. Mee genausou wei déi Räich deenen Aarmen kënnen hëllefen, kënnen och déi Privilegéiert sech fir Minoritéiten asetzen. Hei sinn dräi einfach Punkten fir domatten un ze fänken.

1. Check your Privileg!

Gespréicher iwwer Gläichberechtegung fänken domatten un, dass een sech sengem Privileegie bewosst ass. Et muss een d’sozial Dynamik an eiser Gesellschaft, déi eis all am Alldag beaflossen, opbréngen.

Privileegien hunn heescht net, dass een en schlechten Mënsch ass, mee just dass een d’Liewen méi einfach huet wei anerer. Dat kennt duerch Saachen, déi een an D’Wei geluecht krut, op déi ee keen Afloss huet. Zum Beispill: Geschlecht, Rass, Sexuell Orientéierung, Gender Identitéit, Handicaps. Am Patriarchat ass et eben esou, dass wäiss cis hetero Männer et am einfachsten hunn.

Privileegien hunn heescht och net, dass een sech muss fir déi Virdeeler entschëllegen. Et ass allerdéngs wichteg, dass een sech dëse bewosst ass. Virun allem wann een sech wëll fir d’Rechter vun Minoritéiten asetzen. Wa mer wëlle fir Gläichberechtegung kämpfen, mussen mer ufänken d’Bewosstsinn an d‘Visibilitéit ze erhéijen.

2. Shut Up & Listen!

Empathie geet nëmmen bis op e Punkt. Mir kënnen nëmmen wierklech wëssen, wei den Alldag vun engem mat manner Privileeg ausgesäit, wa mer an deem senger Haut stiechen. Mee esou einfach ass dat jo net, also ass dat nächst bescht, einfach mol den Mond ze halen. Et ginn einfach Themen iwwer déi mir näischt wëssen. Do wëssen anerer mäi wei mir, well si erliewen et jo Dag an, Dag aus.

Nolauschteren ass och net nëmmen eng gutt Saach well mir eppes leieren, mee well mer och Ënnerstëtzung, Wellen an Respekt weisen.

Wat mer och maachen kënnen ass zerécktrieden. Am Patriarchate kréien wäiss hetero Männer am meeschten Opmierksamkeet. Mir kennen eisen Privileegien huelen fir anere Platz ze maachen. Wann mir den Mond halen hëllefen mer aneren hir Stëmmen ze verstäerken.

Also Mond zou an d’Oueren gespëtzt.

3. Educate

Informatioun geet an zwou Richtungen. Wann ee Frënn huet, déi eis gären hëllefen des Saachen ze verstoen, ass et jo méi einfach. Mee souguer dann ass et net ëmmer un deenen déi schonn leiden och nach alles ze erklären. Mir kennen proaktiv sinn! Recherchéieren an liesen, fir des Themen ze verstoen. Et gi vill passend Youtuber, Blogs an Säiten an allen Sproochen.

Elo wou mer schonn e bëssen méi wëssen, wéi verschidden Minoritéiten Diskriminatioun erliewen, kënnen mer hëllefen déi Informatioun ze verbreeden. Leider ass et esou, dass mir ganz oft deenen nolauschteren sinn déi esou sinn wei mir. Natierlech musse mer do oppassen, dass mer Minoritéiten net nach méi ënnerdrécken an deem s mer hinnen Wierder an den Mond leeën. Et fënnt een ëmmer eng Fra déi seet et mécht hir näischt aus wann se vun Männer ob der Strooss ugepöbelt gelt, mee an Realitéit ass esou eng Erfarung méi beängschtegend wéi charmant. Dëse Beispill ass och gutt fir ze weisen wei een sech kann asetzen. Wann eng Fra engem Mann säin ‘Hey Baby’ zeréckweist, kann ginn déi Wieder net weit. Wann een als Mann awer sengem Kolleg seet, esou mat Fraen ze schwätzen wär awer net esou cool, erreecht dat schonn méi. Et muss sech hält een dohinner stellen an soen: Nee dat ass net OK!

Et ass net ëmmer einfach sech mat dësen Themen ze beschäftegen. Dat wichtegst ze verhalen ass dass mer net opginn. Et huet een villäicht net ëmmer d’Energie fir dat richtegt ze maachen mee soulaang mir wëssen wat eis Intentiounen sinn, kennen mer eis weider dofir asetzen. Privileegien an d’Ënnerdréckung sinn jo keen natierlecht Ëmfeld. Mir sinn sozial dorobber konditionéiert. Dofir zielt jo och all Effort, ob kleng oder grouss.

Stellt weider Saachen an Fro! Setzt iech fir anerer an! Zesumme kënne mer d‘Patriarchat zerstéieren!

Foto: Elijah Nouvelage / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Ähnlech Sujeten Feminismus, Gläicheberechtegung, Rassismus, Sexismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel