Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?
International Money Neiegkeeten

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?

Den UN-Sécherheetsrot ass beméit de Fridden an der helleger Stad

Den Dylan Pereira ass den Held vun Hockenheim
International Money Neiegkeeten

Den Dylan Pereira ass den Held vun Hockenheim

Et kann een et dréinen a kéiere wéi e wëll,

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!
International Money Neiegkeeten

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!

Gëschter hu sech am Parc Hôtel Alvisse zuelräich Leit getommelt,

money

Dräi Milliarden Euro Finanzhëllef

EU-Kommissioun beschléisst Hëllefspak zur Ënnerstëtzung vun de Partner, mee et ass just geléint

Dräi Milliarden Euro Finanzhëllef

Finanzhëllef ass ee wichtegt Instrument zur Iwwerwannung vun der Sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19. Um Mëttwoch huet den EU-Rot e Beschloss ugeholl, mat deem bis zu 3 Milliarden Euro als „Makrofinanzhëllef“ fir zéng Erweiderung- an Noperschaftspartner solle bereetgestallt ginn.

Dëst Geld soll dëse Länner als Prêt zu besonnesch gënschtege Konditioune gewäert ginn. Dës gutt gemengte Finanzhëllef soll wéi follegt verdeelt ginn:

  • Albanien: 180 Milliounen Euro;
  • Bosnien Herzegowina: 250 Milliounen Euro;
  • Georgien: 150 Milliounen Euro;
  • Jordanien: 200 Milliounen Euro;
  • Kosovo: 100 Milliounen Euro (*);
  • Moldawien: 100 Milliounen Euro;
  • Montenegro: 60 Milliounen Euro;
  • Republik Nordmazedonien: 160 Milliounen Euro;
  • Tunesien: 600 Milliounen Euro;
  • Ukrain: 1,2 Milliarden Euro.

Dëst Feld soll de Partner hëllefen hiren onmëttelbare Finanzéierungsbedarf ze decken, deen als Folleg vun der Covid19-Pandemie eppes gewuess ass. Zesumme mat der Hëllef vum internationale Währungsfong (IMF), sollen dës Finanzhëllefen derzou bäidroen, déi makroekonomesch Stabilitéit sécheren a Raum schafen, fir Ressourcen zum Schutz vun der Bevëlkerung bereetzestellen an d‘Bewältegung vun de sozioekonomesche Folge vun der sanitärer Kris ze assuréieren.

(*) Dës Bezeechnung beréiert net d‘Standpunkten zum Statut a steet am Aklang mat der Resolutioun UNSCR 1244/1999) wéi der Expertise vum internationale Geriichtshaff zur Onofhängegkeetserklärung vum Kosovo.

Illustratioun: © Bruno Neurath-Wilson / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, EU-Rot, Finanzhëllef, Makrofinanzhëllef, Partner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel