Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Statt Parkplaz: Raum fir Entspanung, Spill a Begéinung
Neiegkeeten

Statt Parkplaz: Raum fir Entspanung, Spill a Begéinung

Um Samschdeg den 21. September hunn déi gréng Stad Lëtzebuerg

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“
Neiegkeeten

Cannabis: Franséisch Assemblée stëmmt d‘Schafung vun enger „Forfait-Amende“

E Freideg an der Nuecht, huet déi franséisch national Assemblée

surprise
Du hues en Twitter-Account? Da muss de däi Passwuert elo änneren!
Neiegkeeten

Du hues en Twitter-Account? Da muss de däi Passwuert elo änneren!

Vum Sozialnetzwierk Twitter ass en Donneschdeg matgedeelt ginn, datt si

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir en dramatesche Verloscht u Biodiversitéit. Zu Lëtzebuerg befannen sech zwee Drëttel vun den natierleche Liewensraim an onbefriddegendem oder schlechtem Zoustand, woumat e Réckgang vun den Déierenaarten anhir geet. D’Populatioun un heemesche Villercher ass ëm méi wéi ee Véierel zeréckgaangen, respektiv ausgestuerwen. Vum Feldhong, iwwert d’Fliedermaus bis hin zum Päiperlek ass eis Natur a Gefor.

All 6 Joer gëtt e Rapport zum Erhalungszoustand vun den natierleche Liewensraim an de wëlle Planzen an Déieren aus de gesammelten Daten erstallt. Dëse Bericht vum Zäitraum 2013-2018 verheescht näischt Guddes. Fir d’Situatioun an d’Haaptpunkte verständlech z’erklären huet den Observatoire de l’Environnement Naturel gëschter op seng Konferenz gelueden.

„Den aktuellen Erhalungszoustand vun den natierleche Liewensraim, de wëlle Planzen- an Déierenaarten ass an héijem Mooss besuergniserreegend. Wa mir net schnellstméiglech Géigemoossnamen ergräifen, wäerte vill Déieren- a Planzenaarten och zu Lëtzebuerg an de kommende Joren ausstierwen“, sou de François Benoy, President vum Observatoire.

Liewensraim

François Benoy, President vum Observatoire de l’Environnement Naturel © Shari Pleimelding/moien.lu

Zur katastrophaler Situatioun

Bei den Habitater kann ee just bei engem Drëttel vun de Liewensraim vun engem gënschtegen Zoustand schwätzen. Vun den 28 zu Lëtzebuerg verzeechente Liewensraim sinn der 5 an onzouräichendem a 14 a schlechtem Zoustand. An Zukunft rechent een mat weidere Verschlechterunge bei de Fiichtgebidder an dem oppene Land.

Liewensraim

Presentatioun vum OBSERVATOIRE DE L’ENVIRONNEMENT NATUREL

Ma, och bei den Déiere gesäit et schlecht aus: D’Flächen, déi ëmmer méi rare, respektiv a schlechtem Zoustand sinn, gi vun zuelräichen Déieren- a Planze besiddelt, déi elo ënnert der Situatioun leiden. Ganzer 80 % vun den Déieren- a Planzenaarte befannen sech an engem prekärem Zoustand.

Liewensraim

Presentatioun vum OBSERVATOIRE DE L’ENVIRONNEMENT NATUREL

Dobäi kënnt, datt ee Véierel vun den heemesche Vullen en dramatesche Réckgang erlieft, oder se scho ganz ausgestuerwe sinn. Heizou gehéiert beispillsweis de Grousse Groen Neimäerder oder d’Feldhong.

Dës Weideren ass d’Populatioun vu praktesch alle Fliedermausaarten – och déi beléift Zwergfliedermaus – zeréckgaangen, sou wéi och de Bestand un Amphibien, Päiperleken oder Aarten, déi op proppert Waasser ugewise sinn.

Liewensraim

Presentatioun vum OBSERVATOIRE DE L’ENVIRONNEMENT NATUREL

Naturschutz bréngt eppes

An dësem ganze Misär wollt een awer och op positiv Aspekter agoen. Duerch gezilt Fërder- a Wiederansiidlunsprogrammer konnt beispillsweis den eigentlech ausgestuerwenen Heckefräsch nees méi oft zu Lëtzebuerg gesi ginn. An och de Biber, dee vum Mënsch verdrängt ginn ass, fänkt nees u sech bei eis am Land wuel ze fillen.

Liewensraim

Presentatioun vum OBSERVATOIRE DE L’ENVIRONNEMENT NATUREL

De President François Benoy huet dofir ervirgehuewen, datt aktiven Naturschutz säin Zweck erfëllt. Et misst een just hannendru bleiwen a Standhaftegkeet beweisen, fir d’Moossnamen duerchzesetzen.

Facteuren a Léisungen

Verantwortlech fir d’Verschlechterung vun der Natur an Ëmwelt ass virun allem déi intensiv Landwirtschaft. De n héijen Asaz vun Dünger a Pestiziden, sou wéi déi enorm Unzuel u Véi zéien zuelräich negativ Konsequenze mat sech.

Direkt op zweeter Plaz befënnt sech d’Urbaniséierung, respektiv d’Verbauung, wärend d’Verännerung vun natierleche Systemer op drëtter Plaz steet. Weider Facteure sinn d’Forstwirtschaft an den Ausbau vun der Verkéiersinfrastruktur. Allerdéngs gëtt hei ervirgehuewen, datt de Klimawandel éischter wéineg Auswierkungen an dësem Beräich gehat hätt.

Liewensraim

Presentatioun vum OBSERVATOIRE DE L’ENVIRONNEMENT NATUREL

„Et gëllt mat an net géint d’Natur ze schaffen“ huet de François Benoy ervirgehuewen. Dofir huet den Observatoire och eng Rei vu Léisunge presentéiert. Et dierft een net nëmme pléischteren, mee et misste konkreten Ännerunge virgeholl ginn.

Dofir fuerdert den Observatoire de l’Environnement Naturel generell eng méi nohalteg Entwécklung an eng ëmweltfrëndlech Landwirtschaft mat strukturräichen Agrarlandschaften. Och Naturflächen mussen ausgebaut an d’ Naturschutzpolitik gefërdert ginn.

Geziilt Schutzprogrammer, d’Ausweitung vun de Schutzzonen an och d’Kenntnisser iwwert d’Liewensbedingunge vun den Aarten hunn e staark positiven Effekt erlieft. Elo gëllt et drun ze bleiwen an ze handelen. D’Zäit drängt fir den aktuelle Biodiversitéitsverloscht ze stoppen.

Hei ass nach emol dat Wichtegst zesummegefaasst:

Liewensraim

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Roger Biwer, François Benoy, Nora Elvinger vum Observatoire de l’Environnement Naturel © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Ausstierwen, Déierenaarten, Ëmwelt, Fiichtgebidder, Fliedermaus, François Benoit, Liewensraum, Natur, Nora Elvinger, Observatoire de l'Environnement Naturel, Päiperlek, Rapport 2013-2018, Réckgang, Roger Biwer, schlechten Zoustan, Verloscht u Biodiversitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel