Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“
mobile home propane hookup Neiegkeeten

casual dating nrw

Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,

düsseldorf speed dating
mobile home propane hookup Neiegkeeten

Rock de Schleck mécht Stëmmung

Wann déi 9. Editioun vu Rock de Schleck och vum

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt
mobile home propane hookup Neiegkeeten

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher

Dramatesch Zeene viru Lampedusa

Migrante vun der „Open Arms“ sprangen aus Verzweiwlung vum Schëff a versichen u Land ze schwammen

Dramatesch Zeene viru Lampedusa

E Samschdeg hunn déi italienesch Autoritéiten iwwer 20 Mannerjäreger vun der „Open Arms“ geholl, well d‘Situatioun et „gebueden“ huet. Fir déi restlech 107 Persounen u Bord vum Schëff, huet den Inneminister Matteo Salvini, nach keng gréng Luucht ginn. D‘Schëff gouf vu Spuenien „agelueden“ den Hafe vun Algeciras unzelafen. Dat wieren 965 Séimeilen ze iwwerwannen.

Zanter 17 Deeg elo, ass d‘Open Arms vun der spuenescher ONG Proactiva Open Arms mat senger mënschlecher Fracht ënnerwee. Eng Rei vun de Migranten, déi si aus dem Mëttelmier opgeholl hunn ware gesondheetlech an engem deraart schlechten Zoustand, datt si hu missen evakuéiert ginn. E Samschdeg dann hunn déi Mannerjäreg dierfen d‘Schëff verloossen. An elo, wéi geet et weider?

LampedusaDéi spuenesch Regierung huet der ONG ugebueden den andaluseschen Hafen zu Algeciras als „sécheren Hafen“ unzesteieren. Eng Optioun déi ugesiichts der Situatioun u Bord vun der Open Arms ze spéit kënnt. Eng Spriecherin vun der ONG huet däitlech gemaach, datt et vollkommen onrealistesch ass, de Migranten an der Crew, ënnert dësen Ëmstänn, d‘Iwwerfaart zouzemudden.

Lampedusa

D’Offer dierfen zu Algeciras (Andalousien) unzelanden kënnt eppes spéit. Et wieren nach emol 965 Séimeilen ze iwwerwannen, wat d’Crew an d’ONG de Migranten net méi zoumudde wëll.

Wéi schlëmm et u Bord vum Schëff ausgesäit huet gëschter de Grënner vun der ONG Proactiva Open Arms, Oscar Camps, iwwer all méiglech Kanäl der Welt matgedeelt. Et wier de wier de Punkt erreecht, wou et net méi geet. „Mir hu stänneg virun dëser Situatioun gewarnt, d‘Verzweiwlung huet Grenzen. Si sprangen an d‘Waasser an d‘Crew versicht si dovunner ofzehalen“, esou d‘Info…

Kann ee politesch Interessen iwwer Mënscheliewe stellen?

Zanter dem Donneschdeg also läit d‘Open Arms onmëttelbar virun der Insel Lampedusa, an de Matteo Salvini ass net bereet iergendwellech Konzessiounen ze maachen, firwat déi 107 verbliwwe Migranten um Schëff festsetzen. An hie kann net vu senger Politik Ofstand huelen, dat well hien alles an d‘Wee geleet huet, fir d‘Koalitiounsregierung ze stierzen an Neiwahlen ze provozéieren.

Lampedusa

Géint Hëllefsorganisatiounen hetzen a krass Lige verbreeden huet den Ament an alle sozialen Netzwierker Héichkonjunktur. Si hu groussen Zousproch, den Haass an d‘Hetz gëtt milliounefach gedeelt. De Populismus a Rietsextremismus gëtt allerdéngs och ëmmer méi oft vun eigentlech gutt ausgebilten an informéierten Individue verbreet.

Zur Lag huet sech dunn och Madrid geäussert: „Déi onbegräiflech Reaktioun vun den italieneschen Autoritéiten a besonnesch déi vum Inneminister Matteo Salvini, all d‘Häfen zouzemaachen huet Spuenien zur Ëffnung vun Algeciras motivéiert“. Dat kléngt op den éischten Ament besser wéi et tatsächlech geduecht ass. Virun enger Woch hätt d‘Open Arms d‘Aluedung nach kënnen unhuelen.

Lampedusa

De Matteo Salvini hält u senger Politik fest a kann domatter bei senge Landsleit Punkten. Säi Wonsch d‘Muecht ze iwwerhuelen ass ongebrach an esou „Aktiounen“ wéi hie se demonstrativ a mediegefälleg inzeenéiert, wierken sech positiv an de Sondagen aus.

De Matteo Salvini huet esou nees eng politesch wichteg Victoire fir sech verbuche kënnen. An datt hie sech Freed, huet den Inneminister och net verstoppt. Op Twitter heescht et dann och: „Wien haart bleift, gewënnt“.De spuenesche Virschlag – dee vill ze spéit gemaach ginn ass – hëlleft dem Chef vun der rietsextremer Lega Nord, seng Immigratiounspolitik no eegenem Gusto ëmzesetzen.

Et ass net dat eenzegt Boot dat en Hafe brauch…

Während d‘Ae vun der Welt op d‘Open Arms geriicht sinn, huet déi italienesch Küstewaach bei Lampedusa 57 Migranten aus enger Nossschuel opgegraff an op d‘Insel bruecht. Laut der ANSA géif et sech hei ëm Tunesier handelen, mee déi italienesch Autoritéiten hunn dat zur Stonn nach net bestätegt. Ënnert hinne war eng schwanger Fra an en Teenager mat engem Nervenzesummebroch.

LampedusaNet ze vergiessen, datt dat vun Dokteren ouni Grenzen (MSF) mat SOS-Méditérranée gechartert Schëff „Ocean Viking“ och 356 Mënschen opgeholl huet an den ament viru Sizilien op d‘Erlaabnes waart, e sécheren Hafen dierfen unzesteieren. Et hunn sech mëttlerweil eng Rei Länner gemellt, déi bereet sinn d‘Migranten opzehuelen. Dozou gehéiere Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland…

LampedusaDës „Noutléisungen“ hunn sech etabléiert, kënnen awer net d‘Äntwert op e Problem sinn, un deem och Europa net ganz onschëlleg ass. Wann et schonn net méiglech ass eng Politik vun der Vernonft ze etabléieren, esou sollt een d‘Humanitéit net aus den Ae verléieren. Hei beweisen d‘Membere vun der europäescher Unioun, wéi wéineg hinne selwer un de „Wäerter“ geleeën ass déi si verdeedegen.

mat indymedia/rom/lpd

Foto: © Proactiva Open Arms

Ähnlech Sujeten Algeciras, Lampedusa, Matteo Salvini, Migratioun, Open Arms
Nächsten Artikel Virrechten Artikel