Adequat Aarbechtskonditioune fir dat edukatiivt a psychosoziaalt Personal am Enseignement
Fir de 7. Dezember ass ee weidert Treffen tëschent de
Fir de 7. Dezember ass ee weidert Treffen tëschent de
De Sommet tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-Un
Nee de Lëtzebuerger Äerzbëschof a Kardinol Jean-Claude Hollerich, Virsëtzende vun
Et ass nees ee waarme Summer an deen huet folgerichteg en Impakt op d‘Waassergestioun. Bei eise wallouneschen Nopere gëtt d‘Waasser knapp, an d‘Regionalregierung huet misse fir den Hainaut, de Brabant-Wallon an d‘Province de Luxembourg Moossnamen ergräifen.
Betraff sinn eelef Gemengen, esou de Communiqué vun der „Cellule Sécheresse“ vum regionale Krisenzenter, de schon de 17. Juni éischt Mesure geholl hat. Dramatesch war d‘Lag do nach net, dat wëll et eppes Néierschlag ginn hat, mee elo spëtzt sech d‘Situatioun zou. Déi ënnerierdesch Reserve ginn zu Enn, d‘Baachen hunn net méi den noutwennegen Debit an d‘Flëssstänn sinn ze niddreg.
Eng vun den éischte Konsequenzen: Ausflich mam Kayak sinn elo keng méiglech, d‘Schëffer hu laang Waardenzäite virun de Schleisen, Auto wäschen an de Gaart netzen dierf een den Ament och net. D‘Gemengen déi generell Aschränkunge beim Waasserverbrauch verhaangen hu sinn: Bouillon, Gouvy, Habay, Libin, Manhay, Rochefort, Stoumont, Theux, Tellin, Tenneville an Trois-Ponts.
Säitens de Meteo ass keng Hëllef ze erwaarden. Laut dem nationale meteorologeschen Déngscht, soll et déi nächst Deeg Waarm (Temperaturen iwwer 25°C) an dréche bleiwen, wat zu weidere Problemer féiere kann. D‘Restriktiounen hunn en direkten Impakt op den Tourismus, an dat grad zu enger Zäit, wou eigentlech Vakanz doheem ugesot ass, a Wallounien groussen Zousproch huet.
Ausser op de grousse Stauséier hunn déi hydroelektresch Zentralen hir Aarbecht missen astellen. Déi lescht Waasserleef, déi nach bis virun e puer Deeg mam Kayak konnte befuer gi sinn ab haut och net méi zougängeg. Déi nächst Sëtzung vun der „Cellule Sécheresse“ ass fir den 13. August virgesinn. Sollt et weiderhin esou dréche bleiwen, muss et zu weider Restriktioune kommen.
mat indymedia/nam
Illustratioun: © Engin Akyurt / unsplash