Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff
International Neiegkeeten

hook up tt

D‘USA hunn sech um Méindeg an enger nach ni dogewieschter

san jose hookup
International Neiegkeeten

No 25 Joer Natura 2000 bleift d’Missioun déi selwescht

Um Groeknapp zu Grolënster ass ee Sonndeg de 25. Gebuertsdag

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?
International Neiegkeeten

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen ugeklot. Bréissel ass dovunner iwwerzeegt, datt d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff, d‘Onofhängegkeet vum polnesche Justizsystem a Fro stellt. Dëse „Sträit“ tëscht Warschau a Bréissel hält schonn iwwer zwee Joer un.

Dat polnescht Gesetz zum ieweschte Geriichtshaff, dat de Pensiounsalter vu de Riichter vu 70 op 65 Joer erofgesat huet „ass net kompatibel mam Recht vun der europäescher Unioun“, heescht et säitens der EU-Kommissioun. Si hunn elo den Dossier an d‘Hänn vum europäesche Geriichtshaff (CJUE) geluecht.

Zousätzlech zu der „Plainte“ huet d‘Kommissioun beim europäesche Geriichtshaff „provisoresch Mesure“ gefuerdert. Domatter soll den ieweschte Geriichtshaff a Polen, nees an den Zoustand vu virum 3. Abrëll 2018 versat ginn, Datum vun der litigiéiser Legislatioun. Zudeem ass den CJUE gebuede ginn eng „acceleréiert Prozedur“ anzeleeden.

D‘Onofhängegkeet vun der Justiz

Esou soll et séier zu enger definitiver Entscheedung an dëser „Affär“ kommen, déi zum Géigestand vun enger Infraktiounsprozedur ginn ass, déi bei Summerufank ageleet huet misse ginn. Tatsächlech kënnen duerch des Reform, 27 vun den 72 Riichter vum ieweschte Geriichtshaff a Polen, gezwonge ginn, hir Pensioun ze huelen.

Bréissel behaapt sech drop, datt „dat polnescht Gesetz zum ieweschte Geriichtshaff ass net kompatibel mam Recht vun der europäescher Unioun, wëll se de Prinzip vun der Onofhängegkeet vun der Justiz, an och d‘Onversetzbarkeet vun de Riichter, a Fro stellt“.

Et ass dann och scho fir d‘zweet, datt den CJUE wéinst de rezente Justizreformen, vun der europäescher Exekutive saiséiert gëtt. Am Dezember hat d‘EU-Kommissioun, déi polnesch Regierung mat enger Plainte beluecht, wëll déi eng Reform vun der Juridiktioun vum gemenge Recht duerch- an ëmgesat hat.

„Nei“ Rechtsstaatlechkeet a Polen

Dës Prozedure beim CJUE gi parallel zu enger wiesentlech méi strenger an exzeptioneller Prozedur gefouert. Heibäi geet ëm d‘Aktivéiere vum Artikel 7 vum EU-Traité. Dëse war am Dezember 2017 vun der EU-Kommissioun opgeruff ginn, well een der Usiicht war, datt et global betruecht „en däitleche Risk vun enger Violatioun vum Rechtsstaat a Polen“ gëtt.

E Mechanissem dee bis dohinner nach ni ausgeléist gouf, an den 12. September och géint Ungarn aktivéiert ginn ass. Esou hat et d‘EU-Parlament entscheet. Sollten dës Prozeduren erfollegräich duerchgesat ginn, kann et theoretesch derzou féieren, datt dat concernéiert Land, säi Stëmmrecht am EU-Rot entzu kritt.

Dat kann awer nëmme „Eestëmmeg“ entscheet ginn. (Dat betraffe Land dierf natierlech net mat ofstëmmen). Hei stéisst sech Bréissel dann awer un de Länner vun der sougenannter Visegrad-Grupp. Déi Stinn hannert der Politik vun der Partei fir Recht a Justiz (PiS) an dem Viktor Orban. Woubäi et hei schonn duergeet, wann sech Polen an Ungarn „eens“ sinn.

mat AFP

Foto: Parvis vum europäesche Geriichtshaff. © G.Fessy/CJUE

Ähnlech Sujeten Artikel 7, EU-Kommissioun, Europäesche Geriichtshaff, Justizreform, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel