Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Péiteng: Um rietsen A blann?
Neiegkeeten

Péiteng: Um rietsen A blann?

De politesche Rietsruck an der Gemeng Péiteng ass de Piraten

D‘Message vum OGBL (Video)
Neiegkeeten

D‘Message vum OGBL (Video)

Grad an Zäite wou Noutstandsgesetzer d‘Kontroll iwwert eise soss dach

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv
Neiegkeeten

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv

Zu Esch Belval hat ee Samschdeg déi Lëtzebuerg Sektioun vun

D‘Revendicatioune vum SNPGL

D‘Gewerkschaft vun der Police fuerdert de Reklassement vun alle Memberen aus der Gehaltsgrupp C1 an d‘Gehaltsgrupp B1

D‘Revendicatioune vum SNPGL

No der rezenter Ëmsetzung vun zwee Arrêten vum Verwaltungsgeriicht vum Januar 2019 (41761C & 41762C), mat deenen eng Decisioun vum Minister fir bannenzeg Sécherheet, am Bezuch op den Avancement an der Gehaltsgrupp annuléiert ginn ass, an dem Minister zur Verfolgung zeréck geleet gouf, huet bei de Betraffene fir eng gréisser Well vun der Frustratioun gesuergt.

An tatsächlech, folgend dës Urteeler, ass d‘Anciennetéitslëscht, déi eréischt zum 1. August 2018 am Kontext vun der Reform vun der groussherzoglecher Police erstallt ginn ass, ganz nei opgesat ginn. Wann dëse Remaniement enger gewësser Unzuel vu Fonctionnaire profitéiert huet, esou ginn hei aner Beamten an hire Rechter a Carrière-Perspektive geschiedegt.

Um Freidegmueren (28. August) huet eng Delegatioun vun dëse geschiedegte Fonctionnairen sech mat de Vetrieder vun der CGFP an dem SNPGL concertéiert. Et muss nach emol ënnerstrach ginn, datt et net dës Beamte sinn, déi d‘Ursaach fir dës konkret a reell Problemer sinn, an et ass esou net concevabel, datt si d‘Konsequenzen dovunner ze droen hunn. Hëlt sech deem un, gëtt ersiichtlech, datt et nëmmen ee Wee gëtt, dëse Knuet ze léisen an ze verhënneren, datt weider Fäll entstinn.

De SNPGL revendiquéiert also op en Neits, datt all d‘Membere vun der Gehaltsgrupp C1 an déi hinnen zoustoend Gehaltsgrupp B1 reklasséiert ginn. All d‘Gewerkschaftsvertrieder sinn sech de statutäre Problemer bannent der Police bewosst, an hunn de Betraffenen all Ënnerstëtzung zougesot, fir an dësem däregen Dossier eng gutt an equitabel Léisung ze fannen.

An dësem Sënn, wäert zäitno eng Entrevue mam zoustännege Minister ugefrot ginn, fir dësem dann entspriechend Léisungsvirschléi ze ënnerbreeden. Eng séier Klärung vun dëse Problemer, dierft och dem Effort vun der Regierung, bezunn op de Rekrutement vun neie Beamten, dee fir déi nächst Joer annoncéiert gouf, ganz favorabel sinn.

matgedeelt vum SNGPL, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten CGFP, Gehälter, Rekrutement, SNPGL, Statut
Nächsten Artikel Virrechten Artikel