Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sea Shepherd Lëtzebuerg: Dat erwaart Iech Ufank 2020!
International Neiegkeeten

Sea Shepherd Lëtzebuerg: Dat erwaart Iech Ufank 2020!

Mam Bléck op dat Aalt an dat Neit hu Sea

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“
International Neiegkeeten

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“

Um Haaptsëtz vun der Post war um Mëttwoch eng weider

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)
International Neiegkeeten

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)

Et ass Hierscht. De vill erwaarten Hierscht mat sengem „Neistart“

DR-Kongo: Manktem un Hëllef am Kampf géint d’Riedelen

DR-Kongo: Manktem un Hëllef am Kampf géint d’Riedelen

D’Epidemie vun de Riedelen, déi den 10. Juni offiziell ausgesprach ginn ass, ass an der Demokratescher Republik Kongo (DRK) déi Mäerdereschst säit 2011 an 2012. Tëscht Januar an Ufank August 2019 sinn ganzer 145.000 Persounen infizéiert ginn, dovunner sinn der 2.758 gestuerwen. Trotz der Gravitéit vun der Epidemie maangelt et nach ëmmer un Acteuren a Fonge fir op dës Kris ausräichend ze reagéieren.

Wou ee bei de Riedelen 2,5 vun den 8,9 Milliounen Dollar fir Cluster Santé mobiliséiere konnt, hat d’Ebola-Epidemie méi Opmierksamkeet op sech gezunn. Am Oste vum Land sinn honnerte Milliounen Dollar gesammelt ginn, zuelräich Hëllefsorganisatiounen hu sech gemellt fir géint d’Krankheet ze kämpfen.

Och den Karel Janssens, Missiounschef vun den Dokteren ouni Grenzen an der DRK, schléit Alarm, datt elo dringend eng adaptéiert Léisung benéidegt gëtt. Fir d’Populatioun a besonnesch déi erkrankte Kanner ze rette wieren net genuch Acteuren um Terrain. Mat reegelméissege Projeten an Interventioune probéiert de Grupp an den 13 Provënze vum Land d’Epidemie an de Grëff ze kréien.

d'Riedelen

© Franck Ngonga/MSF

Säit Ufank des Jores huet d’Ekipp vun den Dokteren ouni Grenze 474.863 Kanner tëscht 6 a 59 Méint geimpft. A medezinescher Behandlung sinn zënterhier 27.439 Patiente gewiescht. Säit kuerzem hunn d’Dokteren och déi nei Zonen, wéi beispillsweis d’Provenz Mai-Ndombe am Weste vun der DRK betrueden. Eng Noutfall-Ekipp intervenéiert hei, sou datt eng weider Ausbreedung vun de Riedelen an de Gesondheetszone laanscht de Floss Kasaï limitéiert ka ginn.

D’Basis vun den Doktere bleift weiderhi mobil, sou datt och Zonë mat schwéierem Accès gehollef ka ginn. „Den einfache Fait fir d’Impfstoffer bis op de Punkt ze bréngen, wou d’Kanner geimpft musse ginn, ass schonn eng enorm Aufgab. Mir mussen d’Impfstoffer kill halen, wat eng Killketten viraussetzt. Heivir braucht ee Frigoen, Generatoren, Kraaftstoff an schnell Transportmëttel“ erkläert de Pierre Van Heddegem, Koordinator um Terrain bei der Noutfall-Ekipp géint d’Riedelen.

D’Riedelen eng héich ustiechend Infektiounskrankheet, bei der nach kee spezifeschen Traitement existéiert. Déi eenzeg Moossnamen, déi kennen ergraff ginn, sinn Impfungen an d’Behandlung vun de Symptomer.

Opmaacherfoto: © Franck Ngonga/MSF

Ähnlech Sujeten Demokratesch Republik Kongo, Dokteren ouni Grenzen, DRK, Epidemie, Impfung, Infektiounskrankheet, Riedelen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel