Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Virreider an der EU: Glyphosat-Verbuet zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

De Virreider an der EU: Glyphosat-Verbuet zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg wäert wuel dat éischt Land an der Europäescher Unioun

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
Meenung Neiegkeeten

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!
Meenung Neiegkeeten

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!

Um 5. Abrëll 2019 huet den Transportminister François Bausch, a

De Staat muss Drock op ArcelorMittal ausüben

De Staat muss Drock op ArcelorMittal ausüben

Fir déi lénk ass den ugekënnegten Ofbau vu 15% un Aarbechtsplaze beim Stolkonzern ArcelorMittal inakzeptabel. Ouni sech am Virfeld mat der Regierung ofgeschwat oder d‘Gewerkschafte virgewarnt ze hunn, schéngt ArcelorMittal e strategesche Manöver virzebereede fir d’Firma op Käschte vum Staat an och Mataarbechter ze restrukturéieren.

D’Covid19-Kris gëtt hei nëmmen als Excuse benotzt gëtt. Dat kann ee besonnesch aus der Annonce vum Stolkonzern schléissen, 123 nei Astellunge virzehuelen, esou aus dem Feele vu genauen Zuelen zum geplangten Ofbau vun Aarbechtsplazen an den Informatiounen zu de betraffene Fabricken.

Et dierf net vergiess ginn, datt ArcelorMittal weider vun der Staatshëllef profitéiert an datt d’Firma sech verflicht huet weider zu Lëtzebuerg ze investéieren. Dozou kënnt, datt ArcelorMittal och vun indirekten Hëllefsmëttel profitéiert huet, wéi zum Beispill de fräie Gebrauch vun illegalen Deponien zu Lëtzebuerg.

D’Covid19-Pandemie an d‘Iwwerproduktioun um Stolmaart kënnen den Ofbau vu méi wéi 570 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg net rechtfäerdegen. D’Detailer, déi sou en Ofbau ze rechtfäerdege feelen eendeiteg. Mir bestreiden op en Neits de feelende staatlechen Afloss op déi Lëtzebuerger Stolproduktioun. Alternativen zu der destruktiver Sich no maximalem Gewënn gëtt et zum Beispill bei eisen Noperen am Saarland.

déi lénk steet solidaresch mat de Mataarbechter Stolproduzent, déi hei eng zolidd mam Hummer kruten a rifft d’Regierung op alles ze maache fir dës Aarbechtsplazen ze schützen an ArcelorMittal u seng Engagementer ze erënneren. déi Lénk fuerdert och, datt ArcelorMittal sech zum Erhalt vun de Lëtzebuerger Produktiounsstanduerter bekennt. déi lénk wäerten d’Entwécklunge genee observéieren an den Drock oprechterhalen.

Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Jessica Mersch – D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: © Larry Costales / unsplash

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Covid19, déi lénk, Plazenofbau, Restrukturéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel