Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi ganz „Gescheit“ hunn dat mat der Meenungsfräiheet net verstanen
https://moien.lu/persona-5-consequences-for-dating-everyone/ https://moien.lu/jogo-high-school-hook-up/

somali dating sites uk

Nëmmen e Grapp voll Manifestante waren et, déi e Samschdeg

dating darwinism
https://moien.lu/persona-5-consequences-for-dating-everyone/ https://moien.lu/jogo-high-school-hook-up/

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien

Dem Donald Trump ass u Groussbritannien vill geleeën, schonn eleng

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar
https://moien.lu/persona-5-consequences-for-dating-everyone/ https://moien.lu/jogo-high-school-hook-up/

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar

Bagdad zelebréiert d‘Befreiung vun Tal-Afar, eng vun de leschte vum

D’USA maache weider Drock op den Iran

US-Sécherheetsberoder John Bolton bestätegt Asazbereetschaft vun der Arméi

D’USA maache weider Drock op den Iran

Nom Ofschoss vun enger amerikanescher Spionage-Dron duerch d‘Wiechter vun der Revolutioun an dem a leschter Minutt verhënnertem Ausbroch vum 3. Weltkrich, erhéijen d‘USA den Drock op déi islamesch Republik. Op Besuch an Israel hat den John Bolton fir d‘Ajatollahen zu Teheran e klore Message: „Eis Arméi ass zu all Ament Asazbereet“. Dorops hat den Iran och eng Äntwert.

Am Kontext vu sengem Frëndschaftsbesuch beim israelesche Ministerpresident, Benjamin „Bibi“ Netanyahu, huet dem Donald Trump säi Sécherheetsberoder, John Bolton, sech zu Jerusalem a Krichsrhetorik geüübt: „Ons Arméi ass nees opgestallt, nei an zu jidderzäit asazbereet“. Den US-President hat en Ugrëff op den Iran fir den Ament „ugehalen“, esou den Hardliner vu Washington.

Iran

De John Bolton behaapt sech drop, datt den Iran sech virgeholl hätt, déi ganz Regioun an de Chaos ze stierzen, fir déi eege Muechtuspréch duerchzesetzen. Teheran sollt d‘USA net ënnerschätzen an dem US-President seng „Besonnenheet“ net als Schwächt bewäerten. Et hätt keen den Ajatollahen eng „Juegdlizenz“ fir den Noen Osten ausgestallt, sot hie bei der gemeinsamer Pressekonferenz.

Iran

De Benjamin „Bibi“ Netanyahu an dem US-President säi Sécherheetsberoder, John Bolton hu sech am Jordan-Dall ëmgekuckt. © GPO

Säi Gespréichspartner hat dozou och en Avis: „Déi iranesch Aggressiounen an der Regioun hunn no der Ënnerzeechnung vum Atomofkommes am Joer 2015 spronghaft zougeholl. D‘Ophiewe vun de Sanktioun hunn zu enger Zounam vum Terror an der Aggressioun vun Teheran gefouert“, esou den israelesche Ministerpresident. (Den Iran wëll och weiderhin Israel vun der Landkaart tilgen. NvdR)

Geostrategesch Interessen an nei Sanktiounen

Hëlt ee eppes Ofstand vu den Differenzen tëscht dem Iran an Israel, déi ganz real a brandgeféierlech sinn, esou ginn et fir d‘USA nach aner Grënn, de Revolutiounsgardisten (déi Washington op d‘Lëscht vun den Terrororganisatioune gesat huet) an den Ajatollahen „Grenzen opzeweisen“. A Syrien beispillsweis, ënnerstëtzen d‘USA d‘Rebellen, den Iran a Russland de Bachar al-Assad.

Iran

Am Jemen ënnerstëtzen d‘USA déi saudesch Krichskoalitioun an domatter indirekt de Regime, während den Iran hannert den Houthi-Rebelle steet. Israel, e Land mat ganz eegenen Interessen, huet an de leschte Méint och widderholl Ziler a Syrien ugegraff. Militäresch Aktivitéiten, déi an Zesummenhang mam Opstelle vun iraneschen Eenheete bei de Golanhéichten ze brénge sinn.

Iran

Den Donald Trump spillt och nach mat a kënnegt via Twitter nei Sanktioune géint den Iran un, déi schonn haut sollen a Kraaft trieden. Interessanterweis huet de Milliardär Teheran Hëllef bei der wirtschaftlecher Entwécklung ugebueden, wann de Regime dauerhaft op de Bau vun Atombomme verzichte géif. Leider huet den Trump géinteniwwer den Ajatollahen seng Kredibilitéit verspillt.

Iran

Gläichzäiteg gi Cyber-Ugrëff géint d‘Wiechter vun der Revolutioun gefouert. Déi huet de Milliardär laut der Washington Post ugeuerdent. Si hätten och erfollegräich d‘Kontroll vu Rakéite gestéiert. An zu Teheran warnt de Generol Gholam al-Raschid d‘USA virun de Folgen déi e falscht Handelen an der Regioun kann hunn. Um Site vun de Revolutiounsgardisten huet hien däitlech Wierder fonnt.

Iran

„Falls et zum Krich komme sollt, geréit alles ausser Kontroll a kee Land kann d‘Ausmooss an d‘Dauer vun dësem Konflikt an de Grëff kréien. (…) D‘USA sollte mam Liewe vun hiren Zaldote gewëssenhaft ëmgoen an net onnéideg op d‘Spill setzen“, esou de Generol. Laut him baséiert dat ganz um strategesche Konflikt tëscht dem Iran an der Dräierkoalitioun USA-Israel-Saudiarabien.

mat indymedia/was/tlv

Foto: De Benjamin „Bibi“ Netanyahu an den John Bolton wëllen d‘Bezéiunge verstäerken. Bei sengem Frëndschaftsbesuch an Israel stoung awer den Dissens mam Iran däitlech am Virgrond. © GPO

Ähnlech Sujeten Iran, Israel, Konflikt, Sanktiounen, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel