Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rockhal: Three Days Grace als musikalesch „Outsider“
dating website for dogs matchmaking services in usa

uk singles dating site

Gëschter Owend ass d’Rockhal sengem Numm trei ginn an huet

herpes dating sweden
dating website for dogs matchmaking services in usa

De Londoner Vertrag, erkläert

Lëtzebuerg huet missen e puer Etappen huelen, éier d’Groussherzogtum endgülteg

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC
dating website for dogs matchmaking services in usa

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC

Am Kader vum 42. Rot vun de Gouverneure vun der

Drock op US-Waffelobby klëmmt

140 amerikanesch Entreprise fuerdere Senateuren op, verschäerfte Waffegesetz unzehuelen

Drock op US-Waffelobby klëmmt

Am Februar vun dësem Joer war dem amerikanesche Senat e Gesetzesentworf zur Verschäerfung vum Wafferecht virgeluecht ginn, dee scho vum Representantenhaus gestëmmt gi war. En engem oppene Bréif fuerderen elo 145 Entrepreneure vun de Senateuren d‘Gesetz unzehuelen.

Domatter erhalen d‘Demokrate bei hirer Fuerderung elo dann endlech och Ënnerstëtzung aus der Wirtschaft. An hirem oppene Bréif – deen um Donneschdeg vun der New York Times verëffentlecht gouf – setzen sech „d‘Patronen“ fir dat vun den Demokraten abruechte Gesetz an. Mam Gesetz soll verhënnert ginn, datt eng Persoun déi net iwwerpréift ginn ass, sech eng Waff kafe kann.

DrockAn hirem Schreiwes hunn d‘Patrone festgehalen, datt Waffegewalt (an Amerika) net inevitabel ass, mee vermeidbar an dofir géif et Schrëtt déi de Kongress ënnerhuele kann a muss, Waffegewalt ze verhënneren an ze reduzéieren. Et wier net tolerabel datt hei „d‘Hänn an de Schouss“ geluecht ginn an dee vun de Republikaner dominéierte Senat misst et dem Representantenhaus gläich maachen.

DrockDe Fraktiounschef vun de Republikaner am Senat, Mitch McConnell, huet d‘Fuerderung verstanen, well awer dem Senat d‘Gesetz eréischt dann zur Ofstëmmung virleeën, wann den US-President sech zu dësem geäussert an eng Positioun bezunn huet. D‘Spriecherin vum Representantenhaus Nancy Pelosi werft dem McConnell vir mat senger „Strategie“ Mënscheliewen op d‘Spill ze setzen.

E Waffegesetz matten am Wahlkampf?

An Amerika geet net eleng ëm Waffegesetzer, mee éischter ëm déi prinzipiell Fro, ob et ee Recht op Waffebesëtz – esou wéi an der Verfassung verankert – muss ginn. Ëmmer méi Amerikaner sinn der Usiicht datt deem net esou ass. U sech also einfach? Leider net, well d‘Recht eng Waff ze droen ass virun allem eng politesch Fro, an et léist sech fir eng Verfassungsännerung keng Majoritéit fannen.

DrockBal 300 Leit hunn dëst Joer hiert Liewen an enger vun de sëlleche Masseschéissereie (dat ass Asaz vu Waffegewalt mat méi wéi dräi Affer) verluer. Vun deene massegen „Eenzelfäll“ ass net ze schwätzen. Néierewou kann ee sech sécher fillen, iwwerall kann et geschéien an et ass schonn esou gutt wéi iwwerall Passéiert, a Kierchen, op Volleksfester, an enger Disco an esouguer op der Schaff.

DrockAn elo ass Wahlkampf. Dee mat Ofstand schlechtsten Termin fir esou eppes wéi Waffegesetz oder Verfassungsännerung unzeschwätzen. Et sief dann et huet ee keng politesch Ambitiounen. An den Donald Trump huet sech widderholl a senge Rieden a via Twitter drop behaapt, deen eenzege Kandidat ze sinn, dee sech fir d‘Grondrecht op Waffebesëtz fir all Amerikaner géif asetzen…

mat indymedia/was

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Demokraten, Masseschéisserei, Republikaner, USA, Waffegesetz, Waffelobby
Nächsten Artikel Virrechten Artikel