Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
10 signs you're dating a loser Neiegkeeten

https://moien.lu/castle-and-beckett-dating-in-real-life/

Ab dem Zäitpunkt, wou abstrakt Konscht hir Plaz fonnt huet,

https://moien.lu/catholic-online-dating-reviews/
10 signs you're dating a loser Neiegkeeten

What the Fakt – Den Ufank vum Enn vun der Titanic!

Als deemoleg gréisst Passagéierschëff vun der Welt huet d’Titanic als

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt
10 signs you're dating a loser Neiegkeeten

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt

D’Gesetz vun der Policereform, dat bis ewell op all politeschem

Nom Drock vu Bréissel stoppt Rumänien d‘Justizreform

Juncker begréisst Besënnung vu Ministerpresidentin Dancila

Nom Drock vu Bréissel stoppt Rumänien d‘Justizreform

Zanter Méint huet déi rumänesch Regierung de kalen Otem vun der EU-Kommissioun am Genéck gespiert an elo huet d‘Ministerpresidentin Viorica Dancila annoncéiert, den Doleancen aus Bréissel Rechnung ze droen an d‘Justizreform nach emol ze iwwerschaffen.

Beim „Sträit“ tëscht Rumänien an der EU-Kommissioun ass et komm, well d‘Regierung am Kader vun der Justizreform, d‘Korruptiounsstrofrecht lackere wollt. En entspriechend Gesetz war vum Parlament am Abrëll beschloss ginn. Mat der Reform wiere Verjärungsfriste fir Delikter verkierzt an Krimineller net fir hir Doten zur Rechenschaft gezu ginn. Dat konnt Bréissel net akzeptéieren.

Bréissel

Esou hätt en Täter, wann hie no enger Bestiechung eng Plainte géint sech selwer mécht (an et nach keng Ermëttlunge ginn huet) kënne Stroffräi aus der Affäre kommen. Zudeem sollten d‘Strofe fir Verontreiung an/oder Amtsmëssbrauch zolidd erofgesat ginn, wann déi Beschëllegt den entstanene Schued ersetzen. De konservative Staatspresident hat d‘Gesetz un d‘Verfassungsgeriicht geschéckt.

Eng europäesch Approche

Wéi d‘Verfassungsgeriicht op dem Klaus Iohannis reagéiert huet ass net gewosst, dofir awer datt d‘EU-Kommissioun de Rumäne mat Konsequenze gedreet hat, fir de Fall, datt dës héchst ëmstridde Reform wéi presentéiert géif ëmgesat ginn. De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans hat de Rumänen, déi d‘EU-Presidence hunn, schliisslech mat Prozedure gedreet.

Bréissel

Fir den EU-Kommissiounspresident war et e gudden Dag fir Rumänien a fir Europa. Korruptioun wier nu emol kee Kavaléiersdelikt, an d‘Strofrecht an dësem Kontext ze lackeren, einfach inakzeptabel. D‘Viorica Dancila huet gëschter bestätegt, datt een déi ëmstridde Justizreform nach emol wäert iwwerschaffen. © RO2019EU

Nodeems Bukarest d‘Message dann och verstanen an sech derzou entscheet huet anzelenken, war zu Bréissel d‘Freed grouss. Am Kontext vun der Entrevue mat der rumänescher Ministerpresidentin, hunn de Frans Timmermans an de Jean-Claude Juncker, d‘Entscheedung vum Viorica Dancila begréisst. Si huet nach emol betount, datt Rumänien ëmmer eng europäesch Approche gehat hätt.

Ganz esou „fräiwëlleg“ wéi et duergestallt gëtt war dann awer net. Esou muss een an dësem Kontext och d‘Uerteel, dat géint de Virsëtzende vun de rumänesche Sozialdemokraten, Liviu Dragnea, verhaange ginn ass eng Roll gespillt huet. Deen ass (endlech) wéinst Ustëftung zum Amtsmëssbrauch, zu 42 Méint Prisong veruerteelt ginn. Dat heescht net dat et elo besser gëtt…

mat indymedia/bct/bru

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, mat der rumänescher Ministerpresidentin Viorica Dancila an dem Vizepresident vun der Kommissioun, Frans Timmermans, no enger „klärender“ Entrevue. © RO2019EU

Ähnlech Sujeten Bréissel, Frans Timmermans, Jean-Claude Juncker, Justizreform, Liviu Dragnea, Rumänien, Viorica Dancila
Nächsten Artikel Virrechten Artikel