Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss
Neiegkeeten

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet,

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!
Neiegkeeten

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!

Ufank Juni hunn den Transportminister François Bausch an den Transportminister

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter
Neiegkeeten

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Wéi ech vum Tageblatt en Artikel mam Titel „Bequeme Künstler?“

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!

Wien der Meenung ass, datt d‘Beamte vun der Police Méindes ee méi „relaxen“ Dag hätten, well sech d‘Brigangen, déi Duuschtereg an déi Presséiert hire „fräien Dag“ géifen huelen, déi muss een op dëser Plaz enttäuschen. Nee och Méindes sinn Dommheet a kriminellt Verhale ganz aktiv…

Esou goufen an der Nuecht vun e Méindeg op e Sonndeg zwee Droge-Kuréier – also eigentlech sougenannte „Mauliesel“ oder op englesch „Bodypacker“ – gepëtzt. An der Garer Avenue zu Lëtzebuerg haten sech dräi Persoune bei engem „Geschäft“ iwwerrasche gelooss, an de Beamte muss eng „gutt Nues“ bestätegt ginn. Si hu vermutt, datt do eng weider hannert der Heck stécht.

Kuerzerhand ass de Procureur informéiert ginn, deen net weider gezéckt huet, an déi „Verdächteg“ an de Scanner beuerdert hat. Domatter war et da kloer: déi zwee Brigangen haten, wéi ee fréier gesot hätt „keng gutt an der Panz“. Béid Persoune sinn nach um Méindeg zur Saach vun engem Untersuchungsriichter befrot ginn. Aus dem Bericht ass net ze enthuelen, op si agespaart goufen.

Drogen… och am Auto

E Méindeg kuerz viru Mëtternuecht, hunn d‘Polizisten zu Péiteng, um Parking an der Strooss op Rächels e Gefier kontrolléiert. Pech fir d‘Männer am Auto: de Geroch vu Cannabis war esou opdrénglech, datt de Beamten näischt iwwreg bliwwen ass, wéi eng Kierperkontroll un béide Persounen duerchzeféieren. Nom Opfanne vun 11 Gramm Cannabis ass e Protokoll erstallt ginn.

Bal zur gläicher Zäit zu Rodange: hei war eng Automobilistin zimlech presséiert, wéi si duerch d‘Lonkecher Strooss „geflunn“ ass. Nodeems d‘Beamten d‘Fra gesamt Auto ugehalen huet, hunn d‘Poliziste misse constatéieren, datt d‘Madamm eppes ze déif an d‘Glas geluusst hat. Bei 1,2 Promill ass Protokoll erstallt an d‘Gefier immobiliséiert ginn. De Führerschäi gouf net agezunn.

Schonn um Sonndegmueren 5.20 Auer, waren déi Diddelenger Polizisten um Parking op der Gar op e Gefier gestouss, datt mat de Standluuchten einfach an der Géigend gestanen huet. Och hei war de Geroch vu Cannabis, deen den Insasse vum Auto zum Verhängnes ginn ass. Beim ënnersichen, hunn d‘Beamte 66 Gramm Haschisch fonnt. Protokoll gouf erstallt an den Auto immobiliséiert.

Ähnlech Sujeten Alkohol, Drogen, Police, Verkéierskontroll, Vitesse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel