Search

You may also like

Op Uweisung vum US-Justizministère gëtt nees higeriicht
Neiegkeeten

Op Uweisung vum US-Justizministère gëtt nees higeriicht

Vill US-Bundesstaaten haten se wuel nach, just ëmgesat hu si

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt
Neiegkeeten

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt

Et ass ee matten an der Chrëschtvakanz, an trotz allem

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof
Neiegkeeten

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof

Bei Schéissereie sinn de Weekend an den USA 30 Mënschen

Drogendealer viru Geriicht

Falsch Pabeieren, keng Openthaltserlaabnes an ee Businessplang mat fatale Folgen

Drogendealer viru Geriicht

En Donneschdeg huet sech d‘Gericht zu Lëtzebuerg mat zwee Drogenhändler ausenanergesat, déi vun hiren Affekoten als „aarm Däiwele“ ouni de Sou presentéiert goufen. Datt Aarmut awer kee Grond ass sech mam Verkaf vun Drogen „iwwer Waasser ze halen“ ass, huet de Beschëllegten nach emol misse verdäitlecht ginn.

Hannergrond:

Ufank 2019 huet d‘Police vun enger Informantin Hiweiser op d‘Aktivitéite vun de Beschëllegten Ali K. a Salah A. zougeschoustert kritt an déi huet am Abrëll vum selwechte Joer d‘Ermëttlungen opgeholl. Et ware wuel nach aner Persounen involvéiert, mee d‘Zankerten hu sech séier op déi zentral Roll vun den zwee Männer konzentréiert. Déi hu sech als „agespillten Ekipp“ erwisen.

Laut der Police huet et Kontakter mat engem hollännesche Fournisseur ginn, d‘Transaktioun – also de Echange Wuer géint Geld – wier iwwert ee „Kontakt“ an der Belsch erleedegt ginn. Eng Kéier am Land, ass d‘Wuer un ee gréissere Keeferkrees weidergeleet ginn. Si hätten eng gutt Struktur opgeriicht an wiere beschtens organiséiert gewiescht, esou den Enquêteur an der Audienz.

Am Wuere-Portfolio huet et Heroin, Kokain a Cannabisproduite ginn. Wéi d‘Police sech déi zwee gekroopt hat, konnte ronn 650 Gramm Heroin, 200 Gramm Kokain an eppes iwwer 3.600 Euro Boergeld, wéi divers Utensilien séchergestallt ginn. Aus der Enquête geet ervir, dat iwwert den Zäitraum vun der Ermëttlung 3,6 Kilo Heroin an 1,2 Kilo Kokain „ausgeliwwert“ goufen.

Duerch d‘Ecoute kann d‘Police 207 Transaktiounen noweisen. De Beamten dee viru Geriicht seng Depositioun gemaach huet bestätegt, datt unhand vun der Iwwerwaachung „Bestellunge“ vun 1,3 Kilo Heroin an 475 Gramm Kokain ze notéiere waren.

Et deet hinne leed

Unhand der Beweislag huet de Salah A. géintiwwer den Ermëttler den „Ëmfang“ vum Trafic esou confirméiert. Viru Geriicht huet de Beschëllegte gemengt datt hie seng Dot géif bereien. De Mann dee sech illegal am Land ophält staamt aus Tunesien, an huet därmoosse vill „Identitéiten“ dat engem Dronke gëtt. Säi Geschäftspartner hätt hien an Holland kenne geléiert.

Wat seng falsch Pabeiere betrëfft, esou konnt sech de Mann net méi entsënne wou hien do sollt dru komm sinn. Säin Affekot, de Maître Hellal, wuel wëssend datt säi Client schonn an der Belsch fir Drogenhandel verurteelt ginn ass, huet de Sursis ugefrot an dem Geriicht verséchert, datt et net zur Widderhuelung wäert kommen, zumindest net mat him.

Den Ali K. ass vum Maître Knaff vertruede ginn, dee säi Client just als „Mëttelsmann“ an een aarme Kärel duergestallt huet, dee just versicht hätt seng Lag ze verbesseren, also der Misär ze entkommen. Hien hätt d‘Drogen op „Uweisung an Demande“ verkaf. A sengem Fall sollt d‘Geriicht de feste Prisong op 10 Méint festleeën, déi Zäit déi de Beschëllegten an Untersuchungshaft war.

D‘Staatsanwältin gesäit dat eppes meng Streng a bezitt sech op den Ëmfang an d‘Dauer vum Trafic. Si fuerdert 60 Méint fir de Salah A. an 42 Méint fir den Ali K. plus eng der Dot entspriechender Geldstrof. Wiem seng Argumenter viru Geriicht besser Waren, déi vun der Defense oder der Uklo, wäert een den 11. Juni gewuer ginn, da soll d‘Urteel gesprach ginn.

Illustratioun: © Amy Humphries / unsplash

Related topics Affekot, Drogendealer, Drogenhandel, Geriicht, Police, Prisong, Schrasseg
Next post Previous post