Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vianden Tattoo Convention 2019: Wëllkomm op der Ink-Party!
mobile dating sites australia

Vianden Tattoo Convention 2019: Wëllkomm op der Ink-Party!

Vergaangene Weekend hunn zu Veianen am Kulturzentrum Larei nees Tätowéier-Maschinne

https://moien.lu/prince-harry-dating-hermione/
mobile dating sites australia

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“

D’Parlamentarier vun der NATO, déi nach bis haut zu Warschau

USA: Sexuelle Mëssbrauch op der Ohio State University
mobile dating sites australia

USA: Sexuelle Mëssbrauch op der Ohio State University

Gëschter huet sech de President vun der Ohio State University

Drogenhändler am Garer Quartier gepëtzt a Brandstëfter gesicht

Drogenhändler am Garer Quartier gepëtzt a Brandstëfter gesicht

Déi beschte Geschäftsiddi daacht näischt, wann däi Business illegal ass. Déi Erfarung hunn déi lescht Woch e puer Drogenhändler um eegene Leif misse maachen. Dobäi war jo grouss a breet ugekënnegt ginn, datt een net méi gewëllt ass sech am Garer Quartier alles gefalen ze loossen…

Et muss ëmmer een den Ufank maachen

Esou waren d’Beamten um Samschdeg virun enger Woch, bei enger an engem Lokal an der Garer Avenue duerchgeféierter Persounekontroll ee Mann opgefall, deem d’Uwiesenheet vun der Police net ganz geheier war, firwat hien eng Geleeënheet ofgewaart an ergraff huet, fir sech ze verfuussen. Domatter huet hie sech leider verdächteg gemaach an d’Poliziste sinn him nogaangen. E puer Meter weider konnten si de Gesell unhalen a hu misste feststellen, dat hie “gewiergt huet”.

Domatter war de Verdacht, datt de Mann Droge bei sech huet zimlech offensichtlech. Hie gouf also opgefuerdert d’Drogen “erauszeginn”. Déi “Boule” déi hien am Mond hat huet hie méi oder manner behäerzt “hier ginn”. An esou engem Fall muss de Verdächtegen dann op duerchsicht ginn, wat sech als gutt Iddi sollt erweisen, well et konnten nach 11 Tute mat Marihuana séchergestallt ginn. Dat Boergeld wat hie bei sech hat an den Handy sinn och confisquéiert ginn.

Well de Verdacht bestanen huet, datt et dem Mann awer gelongen ass en Deel vun den Drogen ofzeschlécken, huet de Procureur eng grëndlech Iwwerpréiwung ugeuerdent. De Personnage ass uschléissend am Spidol duerch de Scanner gejot ginn, wou déi 14 “Friemkierper” dann nees an Erscheinung triede konnten. Dat waren där Beweiser méi wéi genuch firwat den Drogendealer verhaft gouf a schonn den Dag drop e Rendez-vous mam Untersuchungsriichter hat.

Schlechte Start an d’Woch

E Méindeg virun enger Woch, huet eng Patrull déi ze Fouss um Tour war, géint der Owend bemierkt wéi op der Garer-Plaz eng Persoun vun enger anerer Drogen iwwergi krut. Fir de Client war an der Bouneweger-Strooss “Faarf bekennen” ugesot. Dee wollt wuel net esou richteg, huet awer agesinn datt et besser ass matzeschaffen an huet de Polizisten eng Boule Kokain iwwerginn. E Passage um konnt dem Mann dunn awer net méi erspuert ginn. Bei méi geneeëm Hikucke gouf dann och nach ee bëssi “Gras” fonnt.

Fir den “Händler” war an der Glesener-Strooss den Owend gelaf. Hien huet wuel och agesinn, datt et wéineg Sënn mécht sech de Batti ze stellen an huet de Beamten emol fir unzefänken eng “Tut” an de Grapp gedréckt. Dat war wuel léif gemengt, mee ee Passage um Büro konnt him net erspuert ginn. Et gouf Geld a verschiddene Währungen an de Smartphone beschlagnahmt. Och bei dësem Mann bestoung Verdacht, datt hien Drogen “verschléckt” kéint hunn. Gutt fir hien, de Scanner huet näischt weider erginn. Um Dënschdeg hat hien dann eng Entrevue mam Untersuchungsriichter.

Déi haten de Weekend näischt Besseres ze dinn

E Freideg dann, war et um Boulevard d‘Avranches, wou d‘Polizisten um 17 Auer en Drogenhändler op frëscher Dot erwëscht hunn, wéi dësen engem Client dräi „Boule“ Kokain verklappt huet. Jo och hie gouf mat op de Büro geholl, säi Boergeld an de Handy sinn an d‘Aservatekummer gewandert, hien an d‘Këscht. Um Samschdeg war dann den Termin beim Untersuchungsriichter. Géint de „Client“ gouf Protokoll erstallt.

Nach ëmmer um Freideg: hei huet et am Kader vun der Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit eng grouss ugeluechten „Kontroll“ am Garer Quartier ginn, déi tëscht 21 an 23 Auer vun der Police (Beamten aus diverse Kommissariater, d‘Verkéierspolice an d‘Hondsstaffel) an der Jean-Pierre David Heldenstein duerchgefouert ginn ass. Dräi Gefierer sinn an der Kontroll „duerchgefall“ well: ee Chauffer ouni gülteg Assurance ënnerwee war; en anere weder Assurance nach Steiervignette hat, dofir awer eppes Marihuana an eng Prezisiounswo mat derbäi hat. Beim drëtte Chauffer huet et eendeiteg Hiweiser op Drogekonsum ginn, wat sech duerch e „Schnelltest“ bestätege sollt. Hie huet sech Spidol enger Blutt- an Urinprouf missen ënnerzéien.

Wien huet mam Feier gespillt?

Um Samschdeg huet et op de Musel gebrannt: eppes no hallwer aacht war e brennend Gefier um Parking vun der Schwämm zu Réimech gemellt ginn. D‘Pompjeeë ware séier op der Plaz an de Schued konnt a Grenze gehale ginn. Knapp zwou Stonnen drop hunn d‘Pompjeeën zu Bech-Klengmaacher op en Neits missen agräifen, och hei huet e Gefier a Flame gestanen. A béide Fäll ass et beim Materialschued bliwwen, mee si hu Froen opgeworf…

Bei der Police gleeft een net wierklech un Zoufäll, zumindest net an esou engem Kontext. Eng kriminell Handlung kann net ausgeschloss ginn, firwat Police a Parquet dës Virfäll batter eescht huelen. D‘Judiciaire ass op d‘Plaz beuerdert gi fir ze ermëttelen. Et ass wuel nach eppes fréi fir vun engem Brandstëfter ze schwätzen, firwat d‘Police dann och um Sonndeg en Appell un eventuell Zeie geriicht huet sech ze mellen. Wien heizou eppes ka bäidroen, dee soll dat w.e.g. iwwert den 244 771 000 (Police Réimech) maachen.

Foto: © Police

Ähnlech Sujeten Brandstëftung, Drogenhandel, Parquet, Police, Procureur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel