Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit
Neiegkeeten

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit

160 Länner si weltwäit vun der Coronavirus-Pandemie betraff. CARE erweidert

Buchpresentatioun vun Uncover – Die Trollfabrik
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun Uncover – Die Trollfabrik

Mam Buch Uncover – Die Trollfabrik (Loewe Verlag) trëfft den Auteur

ADR: Vu Klimawandel iwwer Wuesstem bis hin zur Verfassung
Neiegkeeten

ADR: Vu Klimawandel iwwer Wuesstem bis hin zur Verfassung

D‘ADR ass keng Partei wei déi aner, a si kann

Et gëtt awer droleg Gestalten

Et gëtt awer droleg Gestalten

E jonke Mann, deen de 6. Mäerz an engem Post-Shop e Smartphone gestuel hat, dobäi vun den Employéen aus dem Buttek ugehale gouf, firwat deen dës mat enger Sprëtz bedreet huet, sech dunn awer der Police, wéi déi bis op der Plaz war, gestalt huet, wier eigentlech keng Zeil wäert.

Eigentlech, well wéi esou oft, et gëtt Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann. Nodeems de Brigang zu Schraasseg ofgeliwwert gi war an dëse mat engem Affekot via Visiokonferenz a Kontakt gesat gi war, huet hie just eng Demande un säi Verdeedeger geriicht: „Maacht datt ech nach op d‘mannst zwee Joer am Prisong bleiwen“, esou de Wuertlaut.

Viru Geriicht huet de Mann an den Zwanzeger d‘Faiten ouni grouss Ëmstänn zouginn. D‘Justiz wollt sech domadder net zefridde ginn, a wollt eppes zu den Hannergrënn wëssen. Den Ugekloten huet erkläert, datt hien Ufank Mäerz „op d‘Strooss gesat“ ginn, nodeems hien 20 Méint an Untersuchungshaft gesiess war, dat awer wéinst anere Faiten.

Fir déi krut dëse wuel erwisenermoossen drogesüchtege Mann datt eng Prisongsstrof vun 2 Méint, firwat hie keck géintiwwer de Riichter an der Uklo gemengt huet: „déi 18 Méint kënnt der mir jo dann urechnen“. Blöd just datt eis Riichter fir ze laachen sech mussen am Keller aspären, a fir esou en Humor wéineg Versteesdemech hunn.

Do kann s de näischt maachen

Dem drogesüchtege Brigang säin Affekot war siichtlech beméit, net op déi vu sengem Client formuléiert Demande anzegoen, an huet d‘Geriicht drun erënnert, dat no geltendem Recht, d‘Geriicht gehalen ass, säi Client bezunn op d‘Faiten ze verurteelen an net sengem „Wonsch“ nozekommen. Nondikass awer och…

De Parquet, deen dem Client seng Demande awer duerchaus recevabel muss fonnt hunn, huet emol 15 Méint feste Prisong fir „Stiele mat Bedreeung“ gefrot, a brauch sech net virwerfen ze loossen, op Strofmoossfuerderunge vun Ugekloten anzegoen. Fir d‘Geriicht war d‘Demande vun dësem drolege Gesell och iergendwéi berechtegt an huet a sengem Sënn geurteelt.

Hien ass dann en Donneschdeg, esou wéi hien et gefuerdert huet zu zwee Joer festem Prisong verurteelt ginn. Domadder kéint een ënner Ëmstänn den Dossier zou, an eng Fläsch Wäin opmaachen. Dat wier mindestens esou Kuerzsiichteg wéi d‘Urteel u sech, firwat een de Bléck iwwert den Tellerrand eraus muss schwäife loossen.

An der tëscht ass gewosst, datt dësen Unikum, dee sécherlech kee virbildlechen Acteur vun eiser Gesellschaft ass: „keng Schaf, keen Dach iwwert dem Kapp a schonn emol guer kee Goss huet“. Datt de Mann keng Loscht méi hat stänneg seng Sucht mussen ze befriddegen, et wéineg aner Optiounen huet an och hie all Dag hongereg gëtt, kéint säi „Wonsch“ erklären.

Do muss dach méi derhannert sinn…

Et huet net vill Recherche gebraucht, de Kärel ass am „Milieu“ bekannt, fir en Argument geliwwert ze kréien. „Hien ass net deen eenzegen, dee léiwer am Bing sëtzt wéi sech hei baussen ze stressen. Do gëtt et ze baffen, den Dokter „Methadon“ an d‘Giischtercher wëllen och kee Stress, an de Staat bezilt d‘Pëllen“, esou den Tommy (*)

Et der gëtt der, déi es deem ganzen esou midd sinn, datt de Bing direkt als eng Erhuelung betruecht gëtt. A wann hie sech eppes um Rimm rappt a kee Sträit mat de Beamte sicht, huet en och gutt Aussiichten an ee puer Méint op Giwenech verluecht ze ginn. Do huet hien da bessert Iessen, eng Beschäftegung an en eegent Zëmmer“.

Dat mécht awer nach ëmmer kee Sënn? „Du hues wuel nach net op der Strooss gelieft an all Dag däi Schoss gebraucht“, esou den Tommy de weider erkläert: „Wann s de bis zu Giwenech sëtz, verdéngtst de Geld, den Echange mat aneren Detenuen ass méi labber, a mat eppes Gléck fannen si der eng Schaff. Op der Strooss ouni Adress geet dat net“.

Hien hält et fir plausibel, dat de Mann guer net wëlles hat „net erwëscht ze ginn“ d‘Menace wieren ee Mëttel zum Zweck gewiescht, fir datt et och sécher eng Prisongsstrof gëtt. Hie wier bei wäitem net deen éischten an net dee leschten, deen dëse Wee aschloe géif. Dem Tommy seng Erklärung ass esouwuel plausibel wéi kredibel a bitt ee ganz neie Bléck op eis Spaassgesellschaft

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

(*) aus ersiichtleche Grënn ass den Numm natierlech erfonnt, an den Enregistrement – no der “véier Ae Kontroll” – an der Redaktioun definitiv geläscht ginn

Ähnlech Sujeten Affekot, Brigang, Drogesucht, Geriicht, Justiz, Prisong, Zukunftsperspektiven
Nächsten Artikel Virrechten Artikel