Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du wëlls an der EU méi ze soen hunn? Dës Biergerconsultatioun bitt der eng Méiglechkeet!
Meenung Neiegkeeten

Du wëlls an der EU méi ze soen hunn? Dës Biergerconsultatioun bitt der eng Méiglechkeet!

Vir den Europadag vun haut bitt d’Europa Kommissioun d’Geleeënheet, un

Europa-Wahl op der „Insel“
Meenung Neiegkeeten

Europa-Wahl op der „Insel“

Et sinn Europa-Wahlen an entgéint allen Erwaardungen (an dësem Fall

Nostalgie a Rubik’s Cube, fënnef Saachen déi een iwwert Ungarn wësse soll
Meenung Neiegkeeten

Nostalgie a Rubik’s Cube, fënnef Saachen déi een iwwert Ungarn wësse soll

An Ungarn gëtt um haidege Sonndeg e neit Parlament gewielt.

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)

Ass de Patronage vum CNFL duerch d‘Groussherzogin eng politesch Missioun?

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)

En Donneschdeg ass dem Premierminister Xavier eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten, Fernand Kartheiser, zougestallt ginn, an där d‘Roll vun der Monarchie a besonnesch déi vun der Groussherzogin, Maria Theresa, am politesche Kontext hannerfrot gëtt. Den Toun ass nawell krass.

Datt den ADR-Deputéierten nëmme „konditionell“ eppes fir dat senger Usiicht no „schwaacht Geschlecht“ iwwreg huet, doriwwer kéint et Bicher ginn. De nationale Fraerot (Conseil national des femmes du Luxembourg – CNFL) als „feministesch Organisatioun“ ze bezeechne wier u sech net ustéisseg, wann am Schreiwes un de Premier net en däitlech sexisteschen Ënnertoun enthale wier.

An hei hätten dem politesche Macho seng Fraktioun- a Parteifrënn gutt gedoen, dem Fernand Kartheiser seng Fro un de Xavier Bettel ze iwwerliesen. Dat well de Politiker am Fong net onrecht huet nozefroen, op de Patronage vun enger Organisatioun, déi jo erwisenermoosse politesch aktiv ass, enger Groussherzogin am Kontext vun der „Retenue“ déi hiert Amt verlaangt, ubruecht ass.

Mee den Deputéierten ass emotional gesteiert, wat dem Sujet deen hien eigentlech wëll uschwätzen net gerecht gëtt. Hien ënnerstellt dem CNFL „sexistesch a männerfeindlech Aktivitéiten“. Vun do aus ze behaapten, et géif sech heibäi ëm eng „Manifestatioun déi sech geziilt géint d‘Männer riicht, wéi wann dës net och Affer vun haislecher Gewalt wieren“, stellt Grondsätzleches a Fro.

Emotioune sinn och politesch

Elo ass natierlech net gewosst, op den Politiker just nëmme provozéiere wëll, an op et schlicht an ergräifend en emotiounsgesteierte „Fauxpas“ ass. Woubäi béid Méiglechkeeten de benotzten Toun am Schreiwes net entschäerfen. Geséchert ass dogéint, datt d‘Roserei déi sech erausliese léisst, mat senger 2005 gegrënnter Männervereenegung (AHL) a Verbindung ze bréngen ass.

An och dogéint muss ee keen Awand hunn, firwat et och bei parlamentaresche Froe wichteg ass, sech op dat „Eigentlecht“ ze konzentréieren an net vu lauter Ongemaach mam Läffel an de Bräi ze fachen. Säin eigentlecht Uleies ass et jo, eng Amëschung an d‘Politik vum Land duerch den Haff ze verhënneren. An deem géifen, wann et propper formuléiert ass, och d‘Fraen am Land zoustëmmen.

Esou gesinn, muss ervirgehuewe ginn, datt et zimlech mat den Hoer erbäigezunn ass, ze fuerderen, datt d‘Groussherzogin op hiren Titel ze verzichten hätt, a sech nëmmen als Privatpersoun fir déi „feministesch Kausa“ abréngen dierft. De Fernand Kartheiser kéint zudeem net bestreiden, datt och wann d‘Groussherzogin den Titel géif ofleeën, si awer weiderhin als „Altesse“ géif ugesi ginn.

Eigentlech e Monarchist

Richteg bosseg gëtt dat ganzt dann och nach, wa gewosst ass, datt den ADR an den Deputéierte Fernand Kartheiser e fervente Verdeedeger vun eiser Monarchie ass. An och hei huet hien absolut Recht drop hinzeweisen, datt esou ee „politesche Patronage“ d‘Monarchie u sech géif a Fro stellen. Als Monarchist sollt de Politiker sech dann elo awer selwer hannerfroen. Esou geet et einfach net.

Monarchie

Fir de Premier dierft och der Quadratur vum Krees gläich kommen, dem Deputéierten seng Fro esou ze beäntwerten, datt se zur Zefriddenheet gereecht. Zum enge muss dësen dem Deputéierte bestätegen, datt sech weder d‘Groussherzogin nach soss e Member vum Haff an dat politescht Geschäft anzemëschen huet, an zum anere misst hien d‘Fro mat der Groussherzogin beroden.

Als ofschléissend Remark muss erlaabt sinn drop hinzeweisen, datt et üblech ass, datt sech den Haff an Organisatioune mat engem zivilgesellschaftlechem Optrag abréngt. Esou Organisatiounen – an dat gëllt selbstverständlech och fir d‘Rout Kräiz – intervenéieren awer och „politesch“ wann hir Missioun et verlaangt, a sief et nëmmen datt si en Avis zum engem Gesetzprojet areechen…

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten adr, CNFL, Feminismus, Fernand Kartheiser, Monarchie, parlamentaresch Fro, Sexismus, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel