Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht
Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën
Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën
De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo
Als Minister fir Kommunikatioun a Medie war de Xavier Bettel
A Saudiarabien goufen zwou Ariichtunge vum Staatskonzern Aramco mat Dronen ugegraff. Duerch d‘Attack si Feier ausgebrach, déi laut den Autoritéiten awer ënner Kontroll sinn. Wien derhannert stécht ass onkloer. Et kënnt regelméisseg zu Uschléi op saudesch Infrastrukturen duerch Houthi-Rebellen aus dem Jemen. Fir dës Operatioun mécht Washington awer Teheran verantwortlech.
An enger Erklärung vun der saudescher Regierung heescht et, datt duerch d‘Attack d‘Produktioun ëm 5,7 Millioune Barrel, op ronn d‘Hallschent vun der eigentlecher Kapassitéit zréckgefuer huet misse ginn. Laut dem Energieminister, dem Prënz Abdulaziz bin Salmane bin Abdulaziz soll et sech awer nëmmen ëm eng temporär Situatioun handelen. Zudeem wiere scho Moossnamen ergraff ginn.
Esou soll den Ausfall duerch d‘Aspeisung vu bestoenden Uelegreserve kompenséiert ginn. Och aus Washington heescht et, datt ee bereet ass sengem saudeschen Alliéierten ënnert d‘Äerm ze gräifen, sollt et noutwenneg sinn. Dat heescht, datt d‘USA si bereet d‘Fräigab vun eegene Reserven ze ginn, sollt et zu Enkpäss kommen. Mat der IEA wëllen d‘USA elo iwwer global Moossname beroden.
Zur Attack op d‘Raffinerien zu Abqaiq a Churais war et um fréie Samschdegmuere komm. Bei Dagesubroch waren d‘Flame kilometerwäit ze gesinn. Dampwolleken hu sech bis 150 Kilometer wäit iwwert d‘Kinnekräich ausgebreet. Laut dem saudeschen Energieministère hätt et awer keng Blesséierter bei dësem Uschlag ginn. An elo stellt sech déi grouss Fro: „Wie stécht derhannert?“.
Mat Sécherheet – och wann den US-Ausseminister mam Fanger op Teheran weist – léisst sech dat zur Stonn net soen. Gewosst ass, datt an de leschte Méint besonnesch säitens de jemeniteschen Houthi-Rebellen ëmmer nees Uschléi op saudesch Infrastrukturen (Pipelinen, Fluchhäfe) gemaach goufen. Saudiarabien féiert am Jemen eng Krichskoalitioun géint eben d‘Houthi-Rebellen un.
Wat elo d‘Attack mat Drone betrëfft: krichsentscheedend sinn esou Asätz net. Domatter kann een déi militäresch Iwwerleeënheet vun der Koalitioun net a Fro stellen. Dat saudescht Kinnekräich verfüügt iwwert eng zolidd ausgebaute Loftwaff, Ofwiersystemer an Opklärungsmëttel. Zudeem gi si vun den USA net nëmmen „ausstafféiert“ mee och entspriechend geschoult a beroden.
Gewosst ass och, datt déi hei agesaten Drone keng gréisser Kapassitéit hunn. De Sprengsaz deen dës Dronen transportéiere kënnen ass seele méi wéi 40Kg schwéier. Fir sech e Bild ze maachen: d‘Bommen déi vun „regulären“ Arméien un Dronen ugeschrauft ginn, hunn e villfacht vun dësem Gewiicht Opweises an hunn entspriechend méi Zerstéierungskraaft. Mee waren et d‘Houthi?
Déi kleng „Picken“ déi esou Dronen-Asätz ervirruffen, riichte wuel kee grousse Schued un, hunn awer en héije symbolesche Stellewäert: si verbreeden do wou se „aschloen“ Angscht a Schrecken. Si beweisen zudeem, datt een angeblech iwwermächtege Géigner net onverletzbar ass. Dat ass nees gutt fir d‘Moral vun den Truppen a meeschtens eng Blamage fir d‘Iwwerhieflechkeet vum Géigner.
Stellt sech natierlech d‘Fro, wouhier d‘Houthi-Rebellen am Jemen un déi ënnerschiddlech Drone-Systemer kënnt? Zum engen – dat ass längst erwisen – kafen d‘Rebellen déi „einfach“ Dronen am Internet fir e puer honnert US-Dollar a bauen déi enstpriechend ëm. Anersäits gëtt et och fir Dronen ee Schwaarzmaart, déi iwwert dee vun den Houthi kontrolléierten Norden an d‘Land erakommen.
Ze bedenken ass och, datt net well d‘Houthi a gewësser Mooss Klatzkäpp sinn, déi Stréidomm sinn. Och si sinn technesch verséiert. Esou ass gewosst, datt d‘Rebelle Komponente wéi Moteuren oder Steierung beispillsweis an Indien, China mee och Däitschland kafen. De Recht léisst sech fannen an esou bauen si sech hir eegen Dronen. Mee si hunn, wéi d‘jemenitesch Regierung och en Alliéierten.
Et ass zimlech sécher datt den Iran (Äerzfeind vu Saudiarabien) bei den effektiivsten Dronen och eng Hand mat ugepaakt huet. Dronen aus der Kategorie „Qasef“ oder „Samad“, déi vun den Houthi agesat ginn, baséieren op iranesche Modeller an hunn eng Reechwäit vun iwwer 1.000 Kilometer, wat och eng Attack op déi international Fluchhäfe vun Abu Dhabi oder Dubai erméiglecht.
Datt keen den Houthi gleeft, wa si behaapten déi Dronen an Eegeregie hiergestallt ze hunn, an och dem Iran net gleeft, datt si keng Technologie liwweren a beroden, kann een esou am Raum stoe loossen. Et ass allerdéngs am Interessi vun Teheran, wann sech d‘Houthi-Rebelle géint d‘Allianz am Jemen wiere kann. Am Jemen geet et dann och ëm iranesch an amerikanesch Interessen…
Elo sollt een sech och duerchaus bewosst sinn, datt et längst keng Eegenaart vun de Houthi ass, de „Monopol vun de Staaten“ ze duerchbriechen, wann et ëm den Asaz vun neien Technologie geet, a besonnesch am Kontext vum der onbemannter Fligerei. Drone sinn eng verhältnesméisseg Bëlleg Technologie an esou zimlech all Kand kann dës Technik mat eppes Übung beherrschen.
Drone gi jo och iwwerall an vu jidderengem agesat. Esou setzt déi libanesesch Hezbollah scho laang Dronen an, wann och bis ewell nëmmen zur Opklärung. Och d‘Milize vum islamesche Staat (IS), déi palestinensesch Hamas souwisou an natierlech och d‘Kurde maache gebrauch vun dëser Technologie. D‘Groussmuecht USA veriergert et, vergësst dobäi awer wien dat initiéiert huet.
A politesche wéi militärescher Kreesser ass am Kontext vun den Dronen-Attacke scho rieds vun enger „Loftwaff vun den Aarmen“. Drone wéi se vun den Houthi-Rebellen agesat ginn, sinn einfach ze besuergen an zesummenzebauen. D‘Technik ass liicht zougänglech a liicht verständlech. Als Virdeel wier ze ernimmen, dat se schwéier auszemaache sinn, wat se esou geféierlech mécht.
mat indymedia/tlv
Foto: Satellitten Opnam vun der Raffinerie zu Abqaiq, déi duerch eng Dronen-Attack a Flamen opgaangen ass. © Planetlabs