Search

You may also like

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!
International Neiegkeeten Stories

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!

No enger Rei Plainten ass de Lëtzebuerger Rapper Turnup Tun

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!
International Neiegkeeten Stories

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!

De Lëtzebuerger Singer-Songwriter Daniel Balthasar iwwerzeegt duerch seng vill verschidde

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert

Um 20. Oktober 1818 eenegen sech d’USA a Groussbritannien mam

Dronen si vollwäerteg Krichswaffen (Analys)

NATO-Partner wéi d‘Tierkei si Virreider beim Asaz vu Kampfdronen, mee laang net déi eenzeg

Dronen si vollwäerteg Krichswaffen (Analys)

Ëmmer méi Konflikter spillen sech direkt virun de Grenze vun der Europäescher Unioun of. Ob a Libyen oder Syrien, oder méi rezent den Iwwerfall vun Aserbaidschan op d‘Republik Karabach, sech géigesäiteg ëmbréngen huet Konjunktur. Vëlkerrecht spillt hei keng Roll…

Elo bedeite Kricher awer och ëmmer „technesche Fortschrëtt“. Länner déi a bewaffent Konflikter verstréckt sinn, entwéckelen ënner Héichdrock nei Waffesystemer, verbessere bestoend Systemer a passen sech taktesch un déi nei Gegebenheeten un. Syrien ass esou zu engem Laboratoire vun der Krichsféierung am 21. Joerhonnert avancéiert. D‘Drone spillen heibäi eng ganz wichteg Roll.

Mat den Drone léisst sech de Waffenembargo ëmgoen, d‘Krichsféierung verännert sech. Et gëtt vill Etüden zur Aart a Weis, wéi d‘Tierkei, d‘Russen an d‘Amerikaner hir Kampfdronen asetzen an esou eigentlech stänneg géint d‘Vëlkerrecht verstoussen. Drone loossen sech zudeem ganz liicht mat der Artillerie an anerem Krichsgeschir verknäppen. Déi nei Technologie maachen et engem einfach.

Wéi Iwwerleeënheet mëttels den Dronen erreecht gëtt, léisst sech verhältnesméisseg einfach um Konflikt tëscht Armenien an dem Aserbaidschan demonstréieren. D‘Armenier hu bekanntlech de krich verluer. Also zumindest hu se op dränge vu Moskau kapituléiert. Dobäi war déi armenesch Arméi esou schlecht net opgestallt, mee den Aserbaidschan hat ee mächtege Partner zur Säit stoen.

Nei Strategien déi sech ausbezuelen

Vill Konflikter gi vun enger oder méi Acteuren no allen Zeenarien ausgedroen, an dat erweist sech oft als fatal. Esou haten sech déi armenesch Zaldoten am Bergkarabach agegruewen. Si hu sech an hire Schützegrief sécher gefillt a drop vertraut, datt d‘Panzer, d‘Artillerie an d‘Rakéiten de Géigner géifen ophalen. Dobäi ware se fir déi aserbaidschanesch Arméi ganz liicht ze erreechend Ziler.

Den tierkesche Militärexpert Can Kasapoglu, wéi och den hollännesche Spezialist Stijn Mitzer, haten Zougang zu de Videoopnamen déi vun den tierkesch-aserbaidschanesche Kampfdronen, a konnten unhand dësem Material den Asaz, d‘Effizienz an d‘Ausmooss vun der Zerstéierung zimmlech ëmfänglech dokumentéieren. D‘Verloschter vun den Armenier sinn iwwerwältegend.

Méiglech ass dat duerch den Asaz vu Kampfdronen, am Kontext vum Konflikt ëm Bergkarabach méi Prezis déi tierkesch Dron „Bayraktar TB2“. Mee och déi israelesch „Hermes 900“ Dron gëtt agesat fir feindleche Stellungen ze lokaliséieren, da mat Rakéiten oder vun der Artillerie kënne bombardéiert ginn. Zudeem kënnen Dronen och direkt mat Waffe bestéckt ginn an Ziler ugräifen.

Kreativitéit beim Morden

An da sinn do och nach déi sougenannt „Kamikaze-Dronen“. Déi wou Baku agesat huet goufen all an Israel hiergestallt. Dës Drone kreesen esoulaang iwwer Feindgebitt, bis en Zil zougeuerdent gëtt an da war et dat schonn och. D‘Aserbaidschaner, déi jo emol zur Sowjetunioun gehéiert hunn, konnten dann och op eelert Geschir wéi d‘Antonov AN2 zeréckgräifen, déi se ëmgebaut hunn.

Dëse Fliger ass mëttels enger Fernsteierung ganz déif iwwert déi armenesch Positioune geleet ginn, an d‘Dronen déi aus grousser Héicht d‘Positioun vum Fliger registréiert huet, konnt déi wichteg Informatioune weiderreechen. Woubäi d‘Armenier nach ee ganz anere Problem haten an hunn: hir Ofwiersystemer si guer net fäeg d‘Dronen ze lokaliséiere geschweig dann iwwerhaapt ze erkennen.

Mat den Dronen ass et wei mat Rakéiten… wann ee se bis héiert (oder gesäit) ass et längst ze spéit. An der Reegel sollten engem siwe Sekonne bleiwe fir sech aus dem Stëbs ze maachen. Stellt sech just Fro wouhinner? Déi armenesch Zaldoten haten deem näischt entgéint ze setzen an dat huet sech op d‘Moral vun der Trupp ausgewierkt, firwat nozevollzéien ass, datt si d‘Waffepaus ugeholl hunn.

Begrenzte Spillzäit

Elo hunn d‘Armenier nach dat grousst Gléck, datt si sech zumindest politesch op de russesche Bier verloosse kënnen. Moskau, huet dem Sultan wuel de russesche Rakéitenofwiersystem S400 verkaf an ass och soss net ofgeneigt Handel mat der Tierkei ze bedreiwen. Mee wann un de Grenzen zu Russland openaner geschoss gëtt, da muss den Handel rouen. Russland huet also hei voll agegraff.

Zudeem sinn d‘Russen an der Regioun ëmmer scho vertruede gewiescht a wéi een Dronen asetzt, doriwwer kënnen se Bicher schreiwen. Hir Dron „Orlan 10“ huet dann och nees eng Aart vu Gläichgewiicht mat sech bruecht. D‘Tierke wousste jo wéi effizient dës Dronen agesat kënne ginn. De Loftwaffestëtzpunkt Hamaimim a Syrien war vun engem ganze Schwaarm ugegraff ginn.

Mee d‘Russen hu net wëlles sech fir d‘Fuerderunge vun Eriwan anzesetzen an esou schützen hir Orlan 10-Dronen emol virrangeg déi eege Leit déi an der Regioun verdeelt sinn. Anersäits weess Ankara, datt si och mat den israeleschen Dronen de Russen net standhale kënnen. Op eng direkt Konfrontatioun mat de Russen hunn d‘Tierke keng loscht. Esou heldenhaft ass de Sultan elo net.

Europa als Zuschauer

Elo sollt ee mengen, datt sech Europa, also villméi d‘Unioun, déi sech jo zanter Joren dofir asetzt, datt d‘Autonomie vun der Republik Karabach respektéiert gëtt, woubäi d‘Gebitt vëlkerrechtlech zu Aserbaidschan gehéiert, awer majoritär kathoulesch ass. D‘Leit do wëllen sech net moslemesche Gesetzer ënnerwerfen an hunn och soss keng gutt Meenung vum Autokrat Ilham Alijew.

Mee d‘EU huet sech wäitgoend erausgehalen. Et gouf diplomatesch bedauert a veruerteelt, mee méi huet een net drop. Et huet een och näischt um Haff stoen, dat et engem erlabe géif matzespillen. Déi vun der Unioun asazfäeg Loftofwiersystemer sinn op Fligeren, net awer op Dronen ausgeriicht. Och fir d‘Stéiere vu militärescher Kommunikatioun a Fluchobjekter gëtt et éischter keng Léisung…

Eis däitsch Nopere sollen iwwer Stéierungsanlage vu kuerzer Reechwäit verfügen an hätten esouguer Fluchofwierkanoune mat programméierbarer Munitioun. E wierklech Schutz awer bitt dëst Geschir fir mobil Eenheeten och net. Wann een an Zukunft nach Matspille wëll, wäert ee sech an der Europäescher Unioun mussen zum Oprëschten iwwerriede loossen. Dat awer brauch Zäiut.

mat indymedia/tlv

Foto: Déi israelesch Kampfdron Hermes 900 gëtt haaptsächlech an der Opklärung agesat, kann awer wann d‘Lag et erfuerdert, och mat Rakéiten/Bommen ausstafféiert ginn. © Elbit

Related topics Armenien, Aserbaidschan, Dronen, Europa, Israel, Kampfdronen, Krichsasaz, Russland, Tierkei, verännert Krichsféierung
Next post Previous post