Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mann stierft bei Attack op Passanten am Süde vu London
Kultur Neiegkeeten Stories

Mann stierft bei Attack op Passanten am Süde vu London

An enger beliefter Akafsstrooss am Londoner Süden huet ee Mann

Klimaaktivistin trëfft op kanadesche Premierminister
Kultur Neiegkeeten Stories

Klimaaktivistin trëfft op kanadesche Premierminister

„Greta meets Justin“ war ee vu ville Spréch an de

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge
Kultur Neiegkeeten Stories

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge

Um Dënschdeg huet déi britesch Regierung matgedeelt, datt se sech

D’Sara an de kanadeschen Dram

D’Sara an de kanadeschen Dram

Ee friemt Land, eng aner Kultur, 6000 Kilometer an den Atlantik, déi dat jonkt Meedchen vu senger Heemecht trennen. Mat vill Courage a Wëssensloscht ass d’Sara am August 2018 einfach drop lass gaangen, a studéiert elo zu Toronto. Wéi ass et, esou wäit fort vun doheem ze sinn, op engem anere Kontinent ze liewen an den eenzege Lëtzebuerger op der Universitéit ze sinn?

Als klengt Kand war et dem Sara säin Draam Veterinär ze ginn. Nodeems hatt fir seng 7ieme op Technique geschéckt gouf, huet hatt den Entschloss gefaasst sech mat vollem Éiergäiz erop ze schaffen, fir iergendwann eng Uni besichen ze kënnen an all Dieren vun der Zukunft op stoen ze hunn.

Bei dene villen Entscheedungen, déi een als Lycéesschüler virum Ofschloss huele muss, kann ee sech schnell emol verléieren, an sou war et fir déi jonk Schülerin weder liicht sech fir eng Sektioun ze entscheeden, nach spéider wat hatt dann wou studéiere wéillt. Mam exigente Lëtzebuerger Schoulsystem huet hatt sech enorm ënner Drock gesat gefillt, sou datt d’Ofschlossexamen net grad méi einfach gi sinn, am Wëssen, datt déi nächst Entscheedunge scho virun der Dier stinn.

Mam Premièresdiplom an Mentioun an der Täsch konnt déi nächst Etapp am Liewe starten. Voller Energie an Ambitiounen huet d’Sara fir sech entscheet, datt hatt sech selwer erausfuerderen an d’Welt kenne léiere muss. Eleng an enger friemer Stad, wäit fort vun doheem ass ee gezwongen op eegene Féiss ze stoen a sech duerch gekämpft ze kréien. Donieft war et him och wichteg, seng Sproochkompetenze verbesseren ze kennen.

Mat dëse Gedanken am Kapp huet hatt sech am Wanter virun den Ofschlossexame schonn op der Studentefoire schlau gemaach. Hei gouf hatt dunn quasi magesch ugezu vum Glendon College, ee Campus vun der York Universitéit zu Toronto (Kanada). Duerch hire bilinguale Schoulsystem kréien d’Studenten d’Méiglechkeet hir Fächer souwuel op Englesch, wéi och Franséisch ze wielen an herno a béide Sproochen den Diplom ze kréien.

Et ass erstaunlech a faszinéierend zugläich, datt d’Sara viru sengem éischten Unisdag awer ni a Kanada war. Säi Bop huet eng Zäit an Nordamerika geschafft an der Famill e puer Bicher iwwerlooss. D’Informatiounen dorausser, an d’Erzielunge vu senger Bom hunn hatt zum dreeme verleet, sou datt hatt schlussendlech och a Kanada gaangen ass.

D’Sich fänkt un

Schonn am Dezember huet dat jonkt Meedchen sech missen aschreiwen. Knapp ee Mount drop gouf hatt vun der Uni kontaktéiert an am Abrëll war d’Bestätegung do, datt hatt ugeholl ass. Sou einfach d’Saach mam Pabeierkrom a mat der Umeldung war, esou schwéier war et fir eng Wunneng ze fannen. D’Sara selwer huet erkläert: „Fir eng net ze deier a gemittlech Wunneng ze fannen ass schwéier, well Toronto eng deier Staat ass a well et och esou wäit fort ass. Et huet een net d’Méiglechkeet d’Platz ze besiche befier een eng Äntwert gëtt.“

Natierlech huet d’Uni selwer och Wunnengen um Campus zur Verfügung gestallt, an awer ass et méi spannend, net dauernd nieft senger Schoul ze setzen. Schlussendlech krut hatt eng Grupp op Facebook proposéiert, wou hatt säin neit Doheem fonnt huet. „Ech liewen an engem Haus mat enger kanadescher Famill an nach mat engem anere Student. Si sinn ganz léif, agreabel an hëllefsbereet. Ech sinn 15 Minutte mam Bus vun der Uni ewech an hunn alles wat ech brauch“, sou d’Sara.

Ab an de Fliger – déi nei Etapp fänkt un!

Et kann ee sech scho bal denken, datt hei am Virfeld eng Ofschiedsparty gefeiert ginn ass, an dat och mat guddem Grond. D’Famill an d’Frënn kréien hiert Sara elo just na maximal zwee Mol d’Joer ze gesinn.

Scho kuerz duerno ass hatt, wuel gemierkt eleng, mat dräi Valisen an de Fliger geklommen an ass 6000 Kilometer an dat, nach friemt Land gereest. Angscht hat hatt keng, just d’Opreegung, virun deem, wat hatt erwaarde wäert, war immens grouss. Doduerch, datt déi jonk Schülerin fir d’Chrëschtdeeg nees zeréck kënnt, war et och net grad sou schwéier doheem lass ze loossen. An Zäite vu Social Media a Face Time huet een och zu all Zäit d’Méiglechkeet, seng Léifst doheem ze kontaktéieren an si, wann och just iwwert Kamera, ze gesinn.

Kanada

De Glendon College vun der York Universitéit zu Toronto.
© Sara M.

Den éischten Unis-Dag

Nodeems d’Sara de ganzen administrativen Deel, wéi ee kanadesche Konto opzemaachen, d’Krankeversécherung ofzeschléissen oder ee Pass fir den ëffentlechen Transport unzefroen, hannert sech hat, war den 31. August 2018 den alleréischte Schouldag. „Ech war zimlech ongerecht, well alles komplett nei war, mee ech hu mech esou glécklech gefillt, well ech mäin Dram liewe kann, fir den ech esou haart geschafft hunn“, erzielt d’Sara.

Et kann ee sech et wierklech virstellen, wéi an den amerikanesche College-Filmer. Mat vill Animatioun, Spill a Spaass sinn déi nei Studenten empfaange ginn. An esou krut hatt och d’Geleeënheet immens vill Leit aus anere Länner ze treffen.

Kanada

Genau esou stellt ee sech et fir!
© York University

Fir de Campus, d’Stad an déi aner Studente besser kennen ze léieren, huet d’Sara sech fir den Event „GVO Fest 2018“ (Glendon’s Very Own) ageschriwwen. Wärend enger ganzer Woch gouf deenen „Neien“ mat engem räiche Programm un Aktivitéiten a Sightseeing d’Kultur an d’Liewen dohanne méi no bruecht. Esou huet et och just ee Mount gedauert, bis hatt sech agewinnt hat.

Kanada

Den éischte Schouldag: International Studenten treffen openeen.
© Sara M.

A wéi ass et Student a Kanada ze sinn?

D’Sara studéiert elo säit 3 Méint Psychologie um Glendon College vun der York Universitéit.Nächst Joer plangt hatt, nach Kriminologie dobäi ze huelen. Anecht wéi bei eis dauert de Bachelor 4 Joer, de Master dofir just 1 Joer. Ee Semester besteet och just aus 3 Méint, wouduerch hatt am Summer eng zimlech laang Vakanz huet.

Laang Summervakanze bedeiten awer net vill Fräizäit. Och wann d’Sara maximal fënnef Coursen d’Woch, vu jeeweils 2 bis 3 Stonnen huet, ass de kanadesche Schoulsystem staark dorobber ausgeluecht praktesch an eegestänneg ze schaffen. Dowéinst muss een als Student vill Recherche a Gruppenaarbechte bedreiwen, wat dann am Cours mat konstruktiven Diskussiounsronnen ënnerstëtzt gëtt. D’Klasse besti just aus 10 bis 15 Studenten. Doduerch kennen d’Proffe jiddweree perséinlech an et entsteet eng immens interessant an angenehm Atmosphär wärend de Virliesungen.

Nieft der Schoul ass et a Kanada staark erwënscht, niewebäi ze schaffen an/oder ee Volontariat ze maachen. Aus dësem Grond schafft d’Sara um Campus an engem „Salon Francophone“ fir esou am bilinguale Schoulsystem anere Studenten ze hëllefen, hir franséisch Sproochkompetenze mat Aktivitéiten an Diskussiounen ze verbesseren.

KANADA

Den Emblem vun der Uni. De bilinguale System schéngt groussen Uklang ze fannen.
© Sara M.

D’Liewen zu Toronto – de kanadeschen Dram?

D’Sara beschreift d’Stad als immens dynamesch, mat engem immens grousse Choix an Diversitéit vun den Aktivitéite bis hin zum kulinareschen Deel. Am Verglach zu Lëtzebuerg ass Toronto awer och eng zimlech deier Stad, virun allem, wat den ëffentlechen Transport an d’Krankeversécherung ugeet. Och ee gesonde Liewensstil ass, wann een all Dag selwer a frësch kacht net grad bëlleg.

Generell muss een awer soen, datt d’Kanadier eng opgeschlossen an hëllefsbereet Mentalitéit hunn. Dat kann, nieft deene villen aneren Ännerungen zu Lëtzebuerg, an der éischter Zäit och een immens grousse Kulturschock sinn. Ëmgekéiert gëllt dëst awer och.

Dem Sara war vun Ufank u kloer, datt, och wann een d’Bourse an de Prêt vun der CEDIES kritt, een net oft kann zeréck an d’Heemecht kommen. Doduerch, datt säi Brudder an Amerika studéiert, wat nach méi deier, wéi Kanada ass, ass et der Famill net méiglech sech méi oft ze gesinn. Fir dat jonkt Meedchen ass et awer akzeptabel, schliisslech huet all Medail zwou Säiten.

Hatt selwer géif dëse Wee ëmmer nees aschloen an anere Schüler och zu dësem Schrëtt roden. „Wann een esou wäit fort geet, ass een automatesch wäit vun dem wat mir gewinnt sinn, vun eiser Routine, wou mir eis bequem fillen. Et huet mir nëmme Positives bruecht. Et huet meng Mentalitéit gebessert, d’Aart a Weis wei ech d’Liewe gesinn“, ënnersträich d’Sara.

Mir kënnen hei nëmme staunen, iwwert déi Stäerkt a Gréisst, déi een a sou jonke Jore ka virweisen. Et ass nëmmen ze bewonneren, datt hatt esou staark dofir gekämpft huet, fir säin Dram elo endlech liewen ze kënnen, och wann et immens wäit fort ass. No allen Erzielungen, bei deenen ee selwer direkt Loscht kritt am Januar mat him zeréck ze fléien, kann een dëst awer vollkommen novollzéien. Heiru kéinten sech vill vun eis ee Beispill huelen!

An dësem Kontext kënne mir just soen: all Respekt! Mir wënschen dem Sara op sengem weidere Wee all d’Gléck vun der Welt, vill Succès a Courage.

Kanada

An hutt Dir och elo Loscht kritt an de Fliger Richtung Kanada ze klammen?
© Sara M.

Ähnlech Sujeten Dram, Glendon College, Kanada, Psychologie, Sara Manique, Studium, Toronto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel