Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier um Echangeur Bireng vun der A13 (26.-29.06.2020)
International Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Bireng vun der A13 (26.-29.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et duerch d’Aarbechten fir den neie

D‘USA verëffentleche Video vun al-Baghdadi Eliminatioun
International Neiegkeeten

D‘USA verëffentleche Video vun al-Baghdadi Eliminatioun

Grouss „Victoiren“ ginn net méi mat Konfetti a Paraden zelebréiert.

Sozialwahlen 2019: Den Aarbechtsministère informéiert!
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Den Aarbechtsministère informéiert!

Den 12. Mäerz 2019 ginn zu Lëtzebuerg Sozialwahlen ofgehalen. Den

D‘Schëff vu Lifeline dierf Malta ulafen

D‘Schëff vu Lifeline dierf Malta ulafen

No villem hin an hir dierf d‘Schëff vun der ONG Lifeline, dat 234 Migrante u Bord huet, déi si aus dem Mëttelmier gebuergen hunn, elo zu Malta an den Hafen eran. Dat awer och eréischt nodeems sech sechs Länner bereet erkläert hunn, dës Mënschen opzehuelen.

„Ech hat elo grad de Premierminister Muscat um Telefon: d‘Schëff vun der ONG Lifeline kann zu Malta uleeën“, esou d‘Deklaratioun vum italienesche Regierungschef, Giuseppe Conte, an engem kuerze Communiqué. Heiranner huet hien och bestätegt, datt Italien „säin“ Deel u Migrante wäert ophuelen. De Conte huet awer net preziséiert wéini d‘Schëff zu Malta ukënnt.

Gewosst ass bis ewell just, datt déi Leit déi um Schëff sinn, vu sechs Länner opgeholl solle ginn. Laut dem franséische President Emmanuel Macron, dee grad eng Entrevue mam Poopst hat, sollen d‘Migranten a Gruppen opgedeelt ginn. De Macron huet och bestätegt e Méindeg kuerz mam Conte geschwat ze hunn. Den Dossier „Migranten“ vergëft aktuell d‘Bezéiung tëscht béide Länner.

Malta huet also akzeptéiert d‘Schëff vu Lifeline, datt zanter Deeg viru senger Küst blockéiert war, an den Hafen eranzeloossen. Dat huet en Accord méiglech gemaach, an deem festgehale gëtt, datt d‘Migranten op „fräiwëlleg“ Länner verdeelt ginn. Malta huet awer och kloer gemaach, datt et eng Enquête wäert ginn, a sécherlech och Mesure géint Lifeline musse geholl ginn.

Eng oniwwersiichtlech Situatioun

De Virworf: Lifeline soll sech net un d‘Instruktioune gehalen hunn, déi vun den italieneschen Autoritéiten un d‘Schëff geriicht waren. D‘ONG Lifeline verdeedegt sech via Twitter: „Mir hu vu Malta um 17 Auer e Message erhalen, an deem eis verbuede ginn ass an hir Territorialgewässer anzedréngen, mir kënnen net bestätege wat vun de Medie verbreet ginn ass“.

An och Italien wëll eng Enquête. Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, deen däitlech gemaach huet, datt dat „Gespills“ muss en Enn hunn, gëtt vum Giuseppe Conte ënnerstëtzt. Dat bedeit, datt Lifeline sech enger Iwwerpréiwung muss ënnerzéien, an där festgestallt soll ginn, wéi eng Nationalitéit d‘Schëff huet, an op d‘Besatzung internationaalt Recht agehalen huet.

„An dat zweet! No der Aquarius dat a Spuenien geschéckt gouf, ass et elo um Schëff vun der ONG Lifeline zu Malta unzeleeën. Dëst ongesetzlecht Schëff soll dann och do sequestréiert ginn“, steet et am Tweet vum Matteo Salvini. An déi haart Linn vun Italien, wëllen d‘Experten dann op d‘Politik vun der neier Koalitioun drécken, woubäi de Problem wäit méi komplex ass.

Richteg ass, datt de Matteo Salvini d‘ONGe fir verantwortlech hält. Déi wiere bewosst oder onbewosst d‘Handlaanger vun de Mënschenhändler. An dat ass dann och Grond genuch, fir dësen Organisatiounen den Zoutrëtt zu italieneschen Häfen ze verweigeren. E puer vun dësen Argumenter huet dann och den Emmanuel Macron en Dënschdeg iwwerholl.

Déi humanitär Hëllef net mëssbrauchen

De franséische President huet déi däitsch ONG dann och zolidd kritiséiert, déi „entgéint alle Reegelen an am Widderstand zu der libescher Küstewaach agegraff huet“. Dat géif den Absichte vun de Passeuren entgéint kommen. E Fakt deen unhand der kollektiver Emotioun wéineg berécksiichtegt gëtt, esou awer och net vun der Hand ze weisen ass.

„Et kann een dës Situatioun net nohalteg am Numm vum ‚humanitären‘ hinhuelen. Dat géif bedeiten, datt et keng Kontroll méi gëtt. Zum Schluss maache mir d‘Spill vun de Passeuren, an deem d‘Käschte fir d‘Iwwerfaart sech reduzéieren. Dat ass schrecklech zynesch“, esou de franséische President zum Aktionismus virun de libescher Küst an am Mëttelmier.

De Sujet war dann och Géigestand vum Emmanuel Macron sengem Besuch beim Poopst – dee beméit ass den Appell zur Solidaritéit oprecht ze erhalen – wou de Staatschef vum argentinesche Jesuit eng Medail vum hellege Martin erhalen huet. De Martin soll laut de „Schrëften“ säi Mantel mat engem Mann an Nout gedeelt hunn.

A Malta, eng Inselgrupp mat kaum méi wéi 400.000 Awunner, hält u senger Linn fest, a léisst keng Schëffer vun ONGen a seng Häfen eran, op mat oder ouni Migranten. D‘Migranten op der Lifeline hu gëschter nach d‘Hëtzt an de Mangel un Hygiène um Schëff, dat grad emol 30 Meile vu Malta ewech ass, ausgehalen. Et géif héich Zäit datt déi Leit u Land betreit ginn, gëtt d‘ONG ze bedenken.

Do haten déi 108 Migranten, déi vum Containerschëff „Alexander Maersk“, leschte Freideg virun der libescher Küst aus dem Mier gefëscht goufen, méi Gléck. Si sinn an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg am Hafe vu Pozzallo u Land bruecht ginn.

mam Matthew Xuereb an dem Olivier Baube/AFP

Foto: Den Inneminister Matteo Salvini hält en T-Shirt vun der italienescher Marine héich, op dem d‘Fändele vun Italien a Libyen op enger Landkaart vu Libyen ze gesi sinn. Hien huet op e neits betount, datt bis op Weideres kee Schëff vun enger ONG an en italieneschen Hafen eragelooss gëtt. © Tiziana Fabi/AFP

Ähnlech Sujeten Italien, Lifeline, Maltam, Matteo Salvini, Migranten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel