Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrylove
Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
Neiegkeeten

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

tongue
E Séi um Kierchbierg, Gläichstellung bei de Steieren a Schoulfräi kréie fir d’Sprangprëssessioun
Neiegkeeten

E Séi um Kierchbierg, Gläichstellung bei de Steieren a Schoulfräi kréie fir d’Sprangprëssessioun

Et ass erëm esou wäit: Nei Petitioune si fräigeschalt a

coolmoneysurprise
Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil

De Konjunkturcomité, ënnert der Presidence vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit an

D‘Schueberfouer installéiert sech um Glacis an d’Busser mussen sech upassen

D‘Schueberfouer installéiert sech um Glacis an d’Busser mussen sech upassen

An e puer Deeg erreecht den August seng Halbzeit, an déi éischt Foraine besetzen nees de Glacis. Domatter ass jidderengem ersiichtlech, et ass geschwënn nees Fouerzäit. Et ass dann och schonn déi 678. Editioun vun dësem traditionelle Volleksfest. D‘Schueberfouer fënnt statt vum 23. August bis den 11. September.

GlacisDat bréngt fir d‘Automobilisten e puer temporär Verännerunge mat sech, net ze vergiessen, datt et och déi éischt Schueberfouer ass, un där den Tram sech „bedeelegt“. Wichteg ze wëssen: de Glacis-Parking ass scho fir den ëffentleche Verkéier gespaart, an dat bleift esou bis de 14. September. Och de Busverkéier muss sech der Schueberfouer upassen, an hei gëtt et puer Ännerungen déi ee sech mierke sollt:

  • eng Verbindung tëscht dem Stadzentrum an der Faiencerie-Avenue ass während der Fouerzäit net méiglech. D‘Linnen 3 an 30 verkéieren tëscht dem Stadzentrum an dem Square André, a béid Richtungen iwwert d‘Avenue Porte-Neuve an d‘Avenue Victor Hugo. (dat ass de selwechte Wee dee vun de Linnen 2 a 4 genotzt gëtt);
  • d‘Arrêten: Charlys Gare, Stäreplaz, Wampach a Monterey, kennen och net vun de Linnen 3 an 30 ugefuer ginn;
  • d‘Linnen 3 an 30, kréien de gläichen Depart wéi d‘Linnen 2 a 4. Dat heescht: Hamilius Quai 1; den ëmgedréite Wee, a Richtung Bouneweg-Houwald, ass den Depart um Hamilius Quai 2;
  • fir de westlechen Deel vum Quartier Lampertsbierg ze bedéngen, gëtt all Dag eng Navette, tëscht 6 an 20 Auer agesat. Déi huet eng Frequenz tëscht 10 a 15 Minutten, an iwwerhëlt d‘Korrespondenz mat de Linnen 2, 4, 3 an 30, vun an a Richtung Stadzentrum;
  • opgepasst: d‘Linn 19 fiert a Richtung Stadzentrum iwwert d‘Avenue Victor Hugo, an net duerch d‘Avenue Pasteur. Dat fir all Retard ze vermeiden, deen duerch déi iwwerfëllten Allee Scheffer kéint entstoen. Hei ginn d‘Arrêten: Pierret, Alfred de Musset, Allee Scheffer a Faiencerie suppriméiert. Si ginn ersat duerch d‘Arrêten: Square André (Quai 5), alen Tramsschapp, Jongelycée an Theater (Quai 2). Reesender vun oder aus Richtung „Avenue Pasteur“ kënnen hei déi uewe genannten Navette benotzen;
  • d‘Linn CN2 vum Nuetsbus-Reseau, verkéiert ab Kreesverkéier Schuman, iwwert Avenue du Bois, d‘Strooss Frantz Seimetz, d‘Avenue Victor Hugo an de Boulevard de la Foire, iert se dann nees op den normale Parcours zréckfënnt;
  • als wichteg Informatioun, ass nach drop hinzeweisen, datt entgéint de Jore virdrun, de City Shopping Bus tëscht dem 9. August an dem 15 September net zirkuléiert. An dësem Kontext, gëtt informéiert, datt d‘Linn CN1, d‘Arrêten: Pescatore an Theater während dësem Zäitraum och net ufuere kann.

GlacisMéi Informatioune fannt dir wéi gewinnt op newbus.vdl.lu

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu (Archiv 2017)

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel