Search

You may also like

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff
International Neiegkeeten

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem
International Neiegkeeten

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem

E Freideg war déi franséisch Sängerin Zaz an der Rockhal

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?
International Neiegkeeten

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?

An enger laanger Usprooch op der Tëlee, huet de Generol

D‘Schwäiz kritiséiert d‘US-Sanktioune géint den ICC

D‘Schwäiz kritiséiert d‘US-Sanktioune géint den ICC

E Mëttwoch huet den US-President eng Verfügung ënnerschriwwen, mat där seng Administratioun elo Sanktioune géint Mataarbechter vum internationale Geriichtshaff (ICC) verhänke kënnen, déi an Ermëttlunge géint „US-Personal“ verwéckelt sinn. Heibäi geet ëm eng Enquête zu Krichsverbrieche vun US-Zaldoten a Membere vum US-Auslandsgeheimdéngscht CIA.

ICCWärend déi Lëtzebuerger Regierung an och d‘Chamber keen Interessi zu hu schéngen, dem ICC de Réck ze stäipen, sinn déi Schwäizer eppes méi Konsequent. Den eedgenësseschen Departement fir baussenzeg Ugeleeënheeten (EDA) huet awer d‘Sanktioune kritiséiert. Et heescht, datt ee besuergt wier, datt Washington Areesverbueter a wirtschaftlech Sanktioune géint den ICC verhänkt.

ICCBern huet en Appell u Washington geriicht, déi ugekënnegt Mesuren ze widderruffen. D‘Schwäiz géif ganz kloer zum Statut vu Roum an deenen doranner enthalene Grondsätz a Wäerter bekennen. Den ICC soll schwéierst Verbrieche verfollegen an den Affer Gerechtegkeet verschafen. Et wier eng Viraussetzung fir nohalteg Friddenssécherung an international Stabilitéit, esou d‘EDA.

ICCDen internationale Geriichtshaff zu Den Haag (Holland) hat am Mäerz d‘Procureure Fatou Bensouda ermächtegt, Ermëttlungen zu Krichsverbriechen am Afghanistan opzehuelen. Hei stinn dann awer net eleng d‘Taliban am Fokus. Och US-Zaldoten a CIA-Mataarbechter sollen sech de Krichsverbrieche schëlleg gemaach hunn. Dat kann natierlech net sinn, betount Washington

mat indymedia/zrh

Illustratioun: © Eberhard Grossgasteiger / unsplash

Related topics Donald Trump, EDA, ICC, Mike Pompeo, Sanktiounen, Schwäiz, USA, Washington
Next post Previous post