Search

You may also like

Fräi Tribün: „Méi Liewensqualitéit statt Kaalschlag“
Meenung

Fräi Tribün: „Méi Liewensqualitéit statt Kaalschlag“

D‘CSV, déi gréng an d‘DP ware mam Verspriechen ugetrueden, d‘Liewen

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz
Meenung

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

Haut an der Mëttegstonn, schléit zu London de Big Ben

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn
Meenung

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn

Dräi mol am Joer mécht de STATEC eng Etüd zu

D’Selbstinszenéierung vun de Rietsen als Opfer fonktionnéiert nëmmen dank de Medien

D’Selbstinszenéierung vun de Rietsen als Opfer fonktionnéiert nëmmen dank de Medien

Et ass wuel déi Zeen, déi jiddereen aus der Diskussiounsronn vum ZDF kennt: Déi, wou d’Kandidatin vun der AfD, Alice Weidel, einfach aus dem Studio geet. Kuerz mi spéit kënnt e Statement, et wier ee gaangen, well d’Moderatorin si anscheinend onfair behandelt huet. Et ass e bekannte Manöver: Rietsextremer stellen sech als Opfer hin. A si kréien Opmierksamkeet ze vrecks dofir.

Dat ass net grad optimal, ginn se doduercher méi oder wéineger direkt gestäerkt. Sécherlech ass et richteg, esou Ausfäll wéi beim genannten TV-Duell ze kritiséieren an ze hannerfroen. Allerdéngs gouf esou vill doriwwer geschwat, datt et sämtlech inhaltlech Diskussiounen an de Schied gestallt huet. A genau dat ass et, wat riets-extremistesch Organisatiounen och ënnert dem Strich wëllen hunn.

Wéi also domadder ëmgoen? Zum engen ass et, denken ech, wichteg, d’Saache beim Numm ze nennen: Wann aus dem extreme Spektrum vun der politescher Landschaft Bullshit gedriwwe gëtt – sief et verbreede vu Fake News oder Melodrame wéi dat doten – mussen d’Medien an d’Zivilgesellschaft higoen an dat och kloer esou nennen.

Dat kann ëmmer nëmmen den éischte Schrëtt sinn, mee all ze oft gesi mer, wéi schon domadder gehadert gëtt. An nee, Fakte checke geet einfach net duer: Et muss een och eng kloer Géigepositioun bezéien. Wien des Sort Populismus ignoréiert, gëtt him Raum an Nierbueden.

Wat se op kee Fall brauchen ass Matleed. Datt si sech als Opfer vun enger vermeintlecher Hexejuegd säitens de Medie gesinn, ass eng Geschicht, déi si gären dem Publique verklickere wëllen, méi zynesch awer net kéint sinn. Tatsaach ass, datt si mat de Medie spillen, se instrumentaliséieren a Manipuléieren. D'”Lügenpresse” gëtt vun hinne selwer geschaft, wann hier Ligen duerch si transportéiert ginn.

Et stellt sech domadder eng Normaliséierung an: Desto méi oft esou Ausfäll kommen, desto normaler empfënnt de Mediekonsument dëst. “Wouriwwer reege mer eis dann hei op”, gëtt da gefrot. Mee genau dat normaliséierend verschaffe vun esou Tendenzen ass et, wat d’Glafwierdegkeet vu Medien an Demokratie ënnergrueft. An dogéint muss ugekämpft ginn, mat Gefill a Fakten.

Related topics AfD, Däitschland
Next post Previous post