Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat
Money Neiegkeeten

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat

Den Harvey Weinstein ass zu New York vum ieweschte Geriicht

Jonk Demokraten op de falsche Wee geroden:
Money Neiegkeeten

Jonk Demokraten op de falsche Wee geroden:

„De post-fossillen Zäitalter, dee muss haut ufänken an net muer

D‘Rentrée Culturelle setzt op Neel mat Käpp
Money Neiegkeeten

D‘Rentrée Culturelle setzt op Neel mat Käpp

De neie Pavillon zu Venedeg, d‘Joer vum Patrimoine 2018, d‘Subsiden

money

D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider

Weider Verbesserunge méglech

D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot d’Etüd iwwert den Handel an der Stad Lëtzebuerg, déi vun „CIMA Beratung & Management GmBH“ gemaach ginn ass, virgestallt. D’Etüd vun der Berodungsfirma war Enn 2016, ugangs 2017 duerchgefouert ginn.

Dës Etüd war néideg opgrond vum demographesche Wandel an der städtescher Entwécklung vun de leschte Joren. Och datéiert déi läscht Analys zum Handel an der Haaptstad vun 2010. Mat der Etüd vun der Berodungsfirma ass et dem Schäfferot elo méiglech, sech ee Bild iwwert d’Situatioun vun der Geschäftswelt ze maachen. Wichteg war et hei, Informatiounen ze kréien, iwwert d’Entwécklung vum Handel u sech, mee och d’Verhale vun de Konsumenten ze verstoen.

Fënnef Moduler sinn d’Grondlag vun der Etüd: d’Verhale vun de Konsumenten an d’Bild vun der Stad, d’Villsäitegkeet vun de Geschäfter an d’Villfalt vun der Offer, d’Qualitéit vun den Produiten, d’Analys vum Passage an der Foussgängerzon an d’Presenz vun der Geschäfter am Internet.

D’Verhale vum Konsument

2.300 Gespréicher sinn mat de Konsumenten (1.800 um Telefon an 500 op der Strooss) tëscht November a Januar gefouert ginn. Déi sondéiert Leit sinn op sechs geographesch Zonen a véier Länner opgedeelt ginn: Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich a Belsch. Alles Leit déi an engem Anzuchsgebitt vu ronn enger Stonn Trajet vun der Stad wunnen.

De Parvis vum Cercle op der Place d’Armes moies fréi, déi éischt Leit um Wee an d’Uewerstad – © Martine de Lagardère

Bei dëser Ëmfro stoung d’Notorietéit vun der Stad Lëtzebuerg am Mëttelpunkt. Wéi attraktiv ass d’Haaptstad am Sënn vun: Propretéit, Sécherheet, Ambiance a Fräizäitgestaltung, d’Frequenz vun de Visitten, Accessibilitéit an genotzten Transportmëttel esou wéi déi kaafte Produiten. Déi befrote Leit hunn iwwerdeems och déi Aspekter genannt déi hinne verbesserungswierdeg sinn. Dëst erlaabt et d’Attraktivitéit vun der Stad generell ze amelioréieren.

D’Villfalt vun de Geschäfter an der Offer

Mëttels engem Inventar vun der Unzuel u Geschäfter an der Uewerstad an op der Gare, wat déi zwee Haaptgeschäftsgebidder sinn, ass ersiichtlech ginn: d’Aktivitéit vun de Geschäfter, der Verkafsfläch an dem Ëmsaz. D’Etüd huet sech och de Lacune vun der Offer zougewennt. Duerch déi selwecht Informatiounen aus dem Joer 2010, ass et esou méiglech d’Entwécklung anzeschätzen.

Och d’Offer ausgeriicht no de Präisser an der Qualitéit vun de Produite, hir Duerstellung an der geographescher Lag, ass ënnersicht ginn. Eng besonnesch Opmierksamkeet ass den ongenotzte Geschäfter zu Deel komm, woubäi tëscht dem Garer Quartier an der Uewerstad ënnerscheet ginn ass.

De Wochemaart um Knuedler huet eng villfälteg Offer déi sech sech weise léisst – © Martine de Lagardère

D’Zuel vun de potentielle Clienten

Tëscht dem 10. an 12. November 2016, mat zwee Wochendeeg (Donneschdeg a Freideg) an dem Samschdeg, ass am Zäitraum vun 10.00 bis 18.00 Auer op ville Plazen d’Zuel vun de Passanten opgeholl ginn. Den Donnéeën erlaben et ze gesi wéi vill, wéi een Dag an zu wéi enger Zäit sech wou opgehalen hunn. Ee verglach mat den Donnéeë vun 2010 ass allerdéngs nëmme begrenzt méiglech. Deemools war eng aner Joreszäit an betruecht geholl ginn.

Analyséiert ginn ass och d’Presenz am Internet vun de Geschäfter. Do ass et wichteg, wéi visibel se an enger Sichmaschinn sinn. Ob ob se eng eege Säit hunn a wéi lieserlech déi ass. Net ze vergiessen ass dann, op een online akafen kann a ob se och an de soziale Medie vertrueden sinn. D’Resultater vun dëser Analys sinn am Liicht vum Kafverhalen an dem Alter, wéi och dem Wunnuert vun de Konsumente betruecht ginn.

Grouss Ënnerstëtzung vum Knuedler

Zanter laangem dréit d’Stad Lëtzebuerg als Gemeng vill derzou bäi, gënschteg Konditioune fir eng gesond wirtschaftlech Entwécklung ze schafen. Heizou gehéieren ënnert anerem de „City Shopping Bus“ deen de Glacis mam Stadzentrum verbënnt. Och de Gratis-Bus op de Weekender wou d’Geschäfter op sinn steigert d’Attraktivitéit. De gratis Parking (Schumann a Stade) dierf een als Atout gesinn (ausser wa Schueberfouer ass). Dat gëllt dann och fir déi gutt Connectioun mam P&R Bouillon.

Och den Oktavsmärtchen ass eng vun de villen Attraktiounen vun der Stad – © Martine de Lagardère

E ganz wichtegt Element sinn dann och déi sëlleche Veranstaltungen déi vum LCTO (Luxembourg City Tourist Office) stattfannen. Net ze vergiessen de Subsid deen esouwuel dem Geschäfts- wéi dem Maarteverband, mee och de Veräiner vum Glacismaart zougestane gëtt. Nach ze ernimmen ass déi logistesch Hëllef vun der Gemeng bei kommerzielle Veranstaltungen, wéi der Braderie oder dem Stroossemaart. D’Stad ass och aktiv an deem se hir gehéierend Lokaler verlount, fir d’Offer villfälteg matzegestalten.

D’Resultater vun der Etüd sollten et dem Schäfferot erméiglechen, am Kader vu senge Kompetenzen, weider Verbesserungen erbäizeféieren. Hei läit de Bléck am besonneschen op der Accessibilitéit, dem Image an der Visibilitéit. Eng déifgräifend Analys vun de Conclusioune sollt et erméiglech, mat aneren Acteuren, wéi dem LCTO an dem Geschäftsverband, eng Strategie ze entwéckelen, fir den erkannte Schwächten ze begéinen. D’Stad Lëtzebuerg huet ee grousse Potential an och de Wëllen deen ze notzen.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Stad, Shopping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel