Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bitcoin: Déi zweet offiziell Währung vu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Bitcoin: Déi zweet offiziell Währung vu Lëtzebuerg?

Vum Bitcoin gëtt an der Làscht vill geschwat. China huet

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?
Neiegkeeten

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?

D’Lëtzebuergesch Sprooch ass eng räich Sprooch. Dat vergësst een heiansdo

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress
Neiegkeeten

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress

Et ass Chrëschtdag, dir wësst schonn, ee vun deenen Deeg

Wéi eng Zukunft fir d‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“?

Déifferdenger Sozialiste wëlle Gebailechkeeten erhalen, oder zumindest matschwätzen

Wéi eng Zukunft fir d‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“?

D‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“ zu Nidderkuer ass extreemst Asbest-Belaascht, a soll ofgerappt ginn. Esou zumindest de Plang vum Déifferdenger Schäfferot an dem CHEM. Dat gesinn déi véier LSAP-Réit awer eppes anescht, firwat si gëschter de Medien hire Standpunkt duergeluecht hunn.

Als regionaalt Spidol fir d‘Gemengen: Käerjeng, Déifferdeng a Péiteng, huet „Prinzessin Marie-Astrid“ Enn 1981 sengerzäit déi éischt Patienten empfaangen, an iwwer vill Joerzéngten de Leit gutt Déngschter erwisen. Wéi am Dezember 2007 d‘Konventioun vun der Fusioun mam Spidol Emile Mayrisch ënnerzeechent ginn ass, war scho kloer, datt dës Institutioun géif verschwannen.

Elo ass et richteg, datt d‘Gebai esou duerch Asbest verseucht ass, datt egal wéi laangwiereg an och käschtenintensiv Aarbechten néideg wieren, fir dëst Gebai ze erhalen. Dat wier awer wirtschaftlech absolut net ze rechtfäerdegen, zemools gewosst ass, datt d‘Servicer vun dësem Spidol am neie Südspidol – dat zu Esch-Raemerech entstoe soll – ënnerbruecht ginn. Zesumme mat Diddeleng.

De CHEM, an deem déi dräi Haiser: Esch, Diddeleng an Nidderkuer zesummegefouert gi sinn, esou wéi dat mam Spidolsgesetz beschloss ass, hat sech zum Sujet e Méindeg geäussert. Den Direkter vum CHEM, Dokter Hansjörg Reimer, hat do gemengt, datt d‘Aarbechten zur Sanéierung eréischt kënnen an Ugrëff geholl ginn, wann d‘Südspidol operationell ass, an dat wier fréistens 2025 de Fall.

Näischt Genaues weess een net

Hei muss och drop higewise ginn, datt dës Aarbechten nach net emol Budgetiséiert sinn, an et vill Rumeure gëtt, wat déi weider Verwendung vum Site betrëfft. Wéi gesot, wirtschaftlech ass et net dës Infrastruktur ze erhalen, woubäi se beim CHEM eng Rei Iddien hunn, vun deem wat op dësem Standuert méiglech ass. Eng „Maison Medicale“ an en Zentrum fir Ëmweltmedezin zum Beispill.

Fir déi Déifferdenger LSAP-Conseilleren ass datt alles onverständlech, an e géif ee sech iwwert eppes méi konkret Aussoe freeën. De Conseiller Erny Muller, zesumme mat de Kollege Serge Goffinet, Guy Altmeisch a Fred Bertinelli, hunn dat mam Asbest an de Medie matkritt, an datt ass Grond genuch fir ze fuerderen, an dësem Dossier vum Schäfferot informéiert an agebonnen ze ginn.

A fir beim Asbest ze bleiwen, esou sinn d‘Sozialiste vun Déifferdeng, well den Informatiounsfloss net grad där beschter een ass, besuergt. Si wëllen dann elo poch wëssen, wéi „Urgent“ a wéi konkret d‘Bedreeung duerch den Asbest ass. Misst eventuell aus sanitäre Sécherheetsgrënn d‘Gebai net schonn direkt „evakuéiert“ ginn? Wat fir en Impakt huet dat op d‘Fleeg vun de Patienten?

E „vergëfte“ Patrimoine erhalen?

Mécht ee kuerz Abstraktioun vum Asbest, deen och de genannte Conseilleren net geheier ass, da muss een d‘Fuerderung, d‘Spidol ze erhale, well et zum Patrimoine vun der Gemeng gehéiert, awer och hannerfroen. Datt d‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“ en architektonescht Highlight, kann esou net bestätegt ginn, an et ass net am Sënn vun de Bierger, Geld an e Faass ouni Buedem ze stiechen.

Dozou gouf net wierklech eppes gesot, mee aner Argumenter si virgeluecht ginn, déi esou och net vun der Hand ze weise sinn. Wann d‘LSAP-Conseilleren drop bestinn, datt zu Déifferdeng eng „Urgence“ erhale bleift, déi garantéiert datt d‘Leit nobäi éischt Hëllef erhale kënnen, esou kéint dat mat der Bereetstellung vun enger Poliklinik oder engem medezineschen Zentrum, geleescht ginn.

Eng Léisung déi de Sozialisten net wierklech gefält. Et wier do esou, datt d‘Patienten déi dëse Service beusprochen, als „net-programméierte Passage“ net awer als Urgence consideréiert ginn. Wann awer bannent engem Joer ronn 21.500 Persounen d‘Urgence beusprocht hunn, miss allen Acteuren ersiichtlech sinn, datt een zu Déifferdeng esou e Service zwéngend benéidegt.

75.000 Urgencen am CHEM

Hëlt een déi zu Déifferdeng chiffréiert Urgence a rechent déi mat den Urgence vun Diddeleng an Esch zesummen, da kënnt een op en Total vu 75.000 Urgencen am CHEM. Si hunn also e seriéise Problem mat engem Service, dee zwar „onprogramméiert“ Soinen ubitt, sech awer net méi Urgence nennt. Si mengen dann eppes provokativ, datt een da jo och direkt op d‘Urgentiste verzichte kann.

Wat elo de „Grond a Buedem“ betrëfft, esou hunn d‘Conseilleren drun erënnert, datt rechtlech gesinn den Terrain nach ëmmer den dräi Gemenge gehéiert, déi sengerzäit de Projet vun dësem Regionalspidol ëmgesat hunn. Dofir misst de Schäfferot vun Déifferdeng fiederféierend an dësen Zukunftsprojet agebonne ginn. An hei wëll d‘LSAP Virschléi abréngen, déi hinne wichteg sinn.

Si kënnen sech zum Beispill gutt virstellen, datt um Standuert Nidderkuer, d‘Sportsmedezin gutt opgehuewe wier, och wann et dem CHEM eppes Konkurrenz géif maachen. Net ze vergiessen datt um Site vum Nidderkuerer Spidol awer nach 400 leit beschäftegt sinn, an dës Mënschen och eng wirtschaftlech Funktioun erfëllen. Et ass den zweet gréisste Patron no Arcelor-Mittal…

Foto: D‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“ wier Asbest-Belaascht, an d‘Servicer géifen elo am neie Südspidol zu Esch regruppéiert. Op der Plaz soll „Neies“ entstoen. D‘LSAP-Sektioun Déifferdeng verlaangt vum Schäfferot an der Direktioun vum CHEM an de Prozess agebonnen ze ginn. © Claude Piscitelli/Gemeng Déifferdeng

Ähnlech Sujeten Déifferdeng, Erny Muller, LSAP, Nidderrkuer, Spidol Prinzessin Marie-Astrid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel