Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fondation EME: Concerten géint d’Eleng-Sinn
Neiegkeeten

Fondation EME: Concerten géint d’Eleng-Sinn

Elo wou d’Fondation EME duerch d’Period vum Confinement seng Concerten

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen
Neiegkeeten

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen

Eppes iwwer honnert Memberen, Kandidaten a Militanten haten um Samschdegowend

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen
Neiegkeeten

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen

Mir hunn et elo all matkritt, a wien net selwer

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher

Hei fannt Dir déi neisten Informatioune vun der Stad Lëtzebuerg. Méi Detailer ginn et zu de Schutzmaske fir Gemengepersonal, dem Ewech-Huele vum Sperrmüll, dem Maart vun e Samschdeg, enger Ännerung bei de Stater Busser, sou wéi d’Sich no Chrëschtbeemercher vum Service Parcs.

Verdeele vu Schutzmaske fir d’Gemengepersonal

Zënter en Dënschdeg, de 5. Mee gi 400.000 Schutzmasken, déi vun der Stad Lëtzebuerg fir de Syvicol bestallt gi sinn, un d’Gemengen, lokal Syndikater a Sozialbüroen vum Syvicol verdeelt. Dës Masken sinn fir d’Personal geduecht.

Um Donneschdeg, den 30. Abrëll hunn d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, den Emile Eicher, President vum Syvicol, sou wéi Membere vun de Büroen – dorënner den Dan Biancalana, de Serge Hoffmann, de Guy Wester an de Louis Oberhag – bei enger Visitt séchergestallt, datt d’Masken tatsächlech ukomm sinn an déi gewënscht Qualitéit opweisen.

Stad Lëtzebuerg

© VDL Fotothéik / Marc Betzen

Service Hygiène: Ewech-Huele vu Sperrmüll ab en Donneschdeg, de 7. Mee 2020

Ab haut gëtt op Commande nees de Sperrmüll ewech geholl. Fir eng Commande opzeginn muss ee sech per Telefon, respektiv Email un de Service Hygiène riichten (Tel.: 4796 3640, Email: hygiene@vdl.lu, vu Méindeg bis Freides vun 8:00 bis 16:00 Auer),

Et beméit ee sech fir ee schnelle Rendez-vous ze suergen. Trotzdeem kann d’Waardezäit méi laang wéi gewinnt sinn. Hei gëtt ëm Verständnis gebieden.

Als Erënnerung: De Sperrmüll muss virum Passage vum Camion um Dag vun der Kollekte virun der Dier leien. Wat net matgeholl gouf, soll direkt nom Passage vum Camion nees erageholl ginn. Wat akzeptéiert gëtt a wat net kann een op vdl.lu noliesen.

Maart um Knuedler – Samschdes, den 9. Mee 2020

Wéi gewinnt wäert och um Europadag un dësem Samschdeg de Maart um Knuedler organiséiert ginn. D’Stänn hunn op vun 8:00 bis 14:00 Auer.

Service Autobus: Deplacement vum Arrêt Gare Centrale quai 102/103 – ab e Mëttwoch, den 13. Mee 2020

Duerch de Chantier vum Luxtram wäert den Arrêt Gare Centrale quai 102/103 op der Stater Gare eng Honnert Meter vum Pont Buchler a Richtung vum ale Quai 103, tëscht der Rue Joseph Hunck an der Rue d’Épernay verréckelt ginn.

Betraff heivunner sinn d’AVL-Linnen 1/125, 2, 4, 7/70, 16, 18, 21, 22, 23 a 27. Weider Informatioune ginn et op bus.vdl.lu.

Service Parcs: Op der Sich no Chrëschtbeemercher

Fir déi wanterlescht Zäit sicht de Service Parcs elo schonn no ronn 30 Chrëschtbeemercher. D’Beemercher sollten tëscht 10 an 20 Meter héich sinn. Melle soll ee sech per Telefon (Tel.: 4796 3423) oder Email (parcdemande@vdl.lu) bis spéitstens Mëtt Juli 2020. Weider Virgabe sinn, datt de Beemchen dicht a symmetresch, an net vun anere Beem ëmgi soll sinn.

De Service Parcs këmmert sech Mëtt Oktober gratis ëm den Abattage an Transport vun de Beemercher. Fir déi wanterlech Zäit gi si an der Haaptstad placéiert, sou wéi beispillsweis op der Plëss, op der Gare oder och virum Komplex vum Royal-Hamilius.

Opmaacherfoto: © Giulia May / Unsplash

Ähnlech Sujeten AVL, Busarrêt, Chrëschtbeemchen, Europadag, Informatioun, Knuedler, Maart, Schutzmasken, Service Hygiène, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel