Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

D’CFL ass offiziell an den éischten dräi Woche vun 2018 zimlech pünktlech gewiescht
Neiegkeeten

D’CFL ass offiziell an den éischten dräi Woche vun 2018 zimlech pünktlech gewiescht

Et steet een um Quai ze waarden. Et ass kal,

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer
Neiegkeeten

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer

Wéi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) leschte Mëttwoch iwwert déi weider

D‘Strooss ass keng Rennstreck!

Polizisten an Douaniere vereent fir s‘Sécherheet op eise Stroossen

D‘Strooss ass keng Rennstreck!

D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt Wieder. An dësem Kontext huet d‘Police seng Campagne „D‘Strooss ass keng Rennstreck!“ lassgetrëppelt, a wëll dann och hei besonnesch d‘Motocycliste géintiwwer de Gefore vun exzessiver Vitesse sensibiliséieren.

Zesumme mat de Kollege vun der Douane hunn si e Mëttwoch tëscht 14.30 a 17 Auer an der Ettelbrécker Strooss zu Dikrech „kontrolléiert“. Heibäi si selbstverständlech och Automobilisten iwwerpréift ginn. Wat d‘Motorrieder betrëfft, esou ass en éischter Linn den techneschen Zoustand vum Gefier gecheckt ginn, mee och d‘Pabeiere sinn op Vollstännegkeet ofgeklappt ginn.

An dës Kontroll muss een als Sënnvoll bezeechnen, wat sech duerch 25 Amenden an 2 Protokoller erkläert. Domatter ass et dann elo och net gedoen. Wéi eis vun der Police matgedeelt ginn ass, sollten sech d‘Leit an de nächste Wochen op méi där Aktiounen astellen. Wien sech behëlt, seng Pabeieren an der Rei huet a säi Gefier an der Rei hält, sollt sech keng Gedanke maache mussen.

Bild: © Police Grand-Ducale

Ähnlech Sujeten Douane, Police, Securité Routière
Nächsten Artikel Virrechten Artikel