D‘Strooss ass keng Rennstreck!

D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt Wieder. An dësem Kontext huet d‘Police seng Campagne „D‘Strooss ass keng Rennstreck!“ lassgetrëppelt, a wëll dann och hei besonnesch d‘Motocycliste géintiwwer de Gefore vun exzessiver Vitesse sensibiliséieren.

Zesumme mat de Kollege vun der Douane hunn si e Mëttwoch tëscht 14.30 a 17 Auer an der Ettelbrécker Strooss zu Dikrech „kontrolléiert“. Heibäi si selbstverständlech och Automobilisten iwwerpréift ginn. Wat d‘Motorrieder betrëfft, esou ass en éischter Linn den techneschen Zoustand vum Gefier gecheckt ginn, mee och d‘Pabeiere sinn op Vollstännegkeet ofgeklappt ginn.

An dës Kontroll muss een als Sënnvoll bezeechnen, wat sech duerch 25 Amenden an 2 Protokoller erkläert. Domatter ass et dann elo och net gedoen. Wéi eis vun der Police matgedeelt ginn ass, sollten sech d‘Leit an de nächste Wochen op méi där Aktiounen astellen. Wien sech behëlt, seng Pabeieren an der Rei huet a säi Gefier an der Rei hält, sollt sech keng Gedanke maache mussen.

Bild: © Police Grand-Ducale