What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!
Haut ziele mir schonn 100 Joer, datt och d’Fraen d’Walrecht
Um Donneschdeg ass a Florida nees e Mënsch exekutéiert ginn.
Am Kader vun der Konventioun zur grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht (26. Januar
Gëschter huet eis Inneministesch Taina Bofferding d’Vertrieder vum Landesverband (FNCTTFEL) getraff. Bei dëser Entrevue huet d’Ministesch déi virgesi Verbesserunge fir d’Personal vum Gemengesecteur ervir gehuewen.
Ënnert anerem geet et heibäi ëm d’Opwäertung vun der Karriär am Transport, enger spezifescher Karriär am Gemengesecteur. Donieft huet si d’Wichtegkeet vum reegelméissegen Echange mat alle Partner aus dësem Beräich ënnerstrach. „D’Participatioun an den Dialog si mir immens wichteg. Bei kenger Reform soll alles eleng aus der Beaumontsgaass diktéiert ginn“, sou d’Taina Bofferding.
Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Alphonse Classen, FNCTTFEL; Carlo Thissen, FNCTTFEL; Mireille Cruchten, Inneministesch; Georges Merenz, President vun der FNCTTFEL; Taina Bofferding, Inneministesch; Alain Becker, Inneminister; Fernand Schiltz, Vize-President vun der FNCTTFEL; Jean-Lou Hildgen, Inneminister © Inneministère