Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Gott an der Welt vergiess?
International Neiegkeeten

Vu Gott an der Welt vergiess?

Tschetschenien, dat héiert sech un wéi wann et wäit genuch

Viviane Reding: US-Stroftaxe sinn “eng desastréis Decisioun”
International Neiegkeeten

Viviane Reding: US-Stroftaxe sinn “eng desastréis Decisioun”

Dem Donald Trump seng Decisioun, Stol an Aluminium, deen importéiert

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

D’Taina Bofferding zu Genf – D’Risike vu Katastrophe reduzéieren!

D’Taina Bofferding zu Genf – D’Risike vu Katastrophe reduzéieren!
D'Taina Bofferding, Inneministesch, bei der Table Ronde © UNDRR/Antoine Tardy
D’Taina Bofferding zu Genf – D’Risike vu Katastrophe reduzéieren!
D'Taina Bofferding, Inneministesch, bei der Table Ronde © UNDRR/Antoine Tardy
D’Taina Bofferding zu Genf – D’Risike vu Katastrophe reduzéieren!
(v.l.n.r.) Alain Becker, Inneminister; Anika Brück, Aussen- an Europaministesch; Pol Henrotte, Inneminister; Taina Bofferding, Inneministesch © MI
D’Taina Bofferding zu Genf – D’Risike vu Katastrophe reduzéieren!
D'Taina Bofferding, Inneministesch, bei der Table Ronde © UNDRR/Antoine Tardy

Um vergaangenen Dënschdeg a Mëttwoch huet d’Inneministesch Taina Bofferding bei der 6. weltwäiter Plattform zur Reduktioun vun de Risiken duerch Katastrophen deelgeholl. Dat Ganzt ass ass vun de Vereenten Natiounen zu Genf organiséiert ginn.

Am Joer 2015 ass den Aktiounskader vu Sendai fir d’Reduktioun vu Katastropherisiken vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natioune fir d’Joren 2015 bis 2030 opgeholl ginn. Dobäi soll virun allem den Impakt vun de Katastrophe reduzéiert ginn, woubäi een an d’Preventioun, d’Gestioun an d’Reduktioun vun de Risiken investéiere muss, amplaz einfach op Ausnamesituatiounen ze reagéieren. D’Plattform bréngt dofir Experten aus der ganzer Welt zesummen, déi de Fortschrëtt vun de Moossnamen analyséieren.

Taina

D’Taina Bofferding, Inneministesch © MI

Déi lëtzebuergesch Regierung bestätegt hei nach emol d’Beméiunge vum Grand-Duché beim Koalitiounsaccord vun 2018 bis 2023 an huet een neien „National Focal Point“ am Inneministère gewielt. D’Missioun ass et dobäi, den erneiten Asaz an d’Koordinatioun vun der nationaler Plattform zur Reduktioun vun de Katastropherisiken ze garantéieren.

D’Taina Bofferding huet och d’Wichtegkeet vun der Dimensioun ervir gehuewen. „Meedercher a Frae sinn och méi ufälleg a Katastrophesituatioune wéinst den unhalenden Ongläichheeten. Et ass dringend noutwenneg déi verschidde Genren am Beräich vun der Risikoreduktioun ze ënnersichen. Just wann een d’Fraen an hir Erfarung, am Opstelle vu Risiko-Reduktiounsstrategien, mat abezitt, kënne mir wierklech eis gemeinsam Ziler erreechen.“

Taina

(v.l.n.r.) Taina Bofferding, Inneministesch; Mami Mizutori, Representantin fir d’Reduktioun vu Katastropherisiken © MI

Beim bilateralen Treffen tëscht der Lëtzebuerger Inneministesch an der spezieller Representantin fir d’Reduktioun vu Katastropherisiken, dem Mami Mizutori, war virun allem d”Äntwert op national Katastrophen zu Lëtzebuerg an d’Beiträg um multilateralen Niveau Kärpunken.

Um internationale Volet huet d’Taina Bofferding drun erënnert, datt déi lëtzebuergesch Kooperatioun ongeféier 5% vum Budget fir humanitär Hëllef bewëllegt fir d’Finanzéierung vun der Preventioun, der Resilienz an der Reduktioun vu Katastropherisiken.

Ähnlech Sujeten Genf, Katastrophen, Mami Mizutori, Reduzéierung, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel