Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Welt-Pressedag 2017, erkläert
https://moien.lu/surrey-dating-agency/

De Welt-Pressedag 2017, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

dating someone with depression and anxiety quotes
https://moien.lu/surrey-dating-agency/

https://moien.lu/namibian-online-dating-chat/

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet

Neies vum Bichergeck : Aquatower in love
https://moien.lu/surrey-dating-agency/

Neies vum Bichergeck : Aquatower in love

Dëst Kannerbuch ass speziell – a ganz villen Hisiichten. Fir

Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen

Du weess net, wie wielen? Hei sechs Saachen, déi s de kanns maachen, fir däi Choix méi liicht ze treffen

Wéi s de bestëmmt scho matkrut hues, leeft grad de Gemengewahlkampf. Mee e Choix ze treffen ass net einfach, wëll dach jiddereen deng Stëmm. Mee wéi kanns du däi Choix treffen? Mir hëllefen dir gäre weider!

1. Lies, Lauschter, kuck

Et muss och net an der Bidden sinn

Egal op RTL, Wort, Tageblatt, Journal oder – Himmel! – moien.lu: Et gi vill Plazen, wou s de dech informéiere kanns. Jee nodeem wéi muss de mol net liesen, mee einfach nëmme kucken oder lauschteren. Sich no Informatiounen, déi ganz genau deng Gemeng betreffen. Déi meescht Online-Sitte maachen d‘Siche relativ einfach

2. Schwätz mat Kandidaten

Si lafe net focht… mengen ech

An engem Wahlkampf organiséiere Parteien a Kandidaten oft Stammdëscher, Informatiounsversammlungen oder hunn e Stand um Wochemaart. Déi perfekt Geleeënheet, de Politiker de Bols ze fillen. An do brauchs du keng Angscht ze hunn, well si sinn deen Ament do, fir mat dir ze schwätzen.

3. Kuck der d‘Wahlprogrammer un

Dat kann daueren

Déi meescht Parteien bidden e generellt Wahlprogramm un. Mee och op den eenzele Gemenge ginn esou Programmer geschriwwen a virgestallt. Se ze liesen an ze vergläiche kann dech wäit bréngen.

4. Fann deng Themen!

Sou eng Lëscht ka laang ginn

Mee fir datt s de iwwerhaapt weess, wat s de gäre vergläiche wëlls, muss de fir d‘éischt eraus fannen, wat fir dech wichteg ass. Do muss de dech absolut net schummen, wann dech gewëssen Themen absolut net interesséieren! Du muss wëssen, wat fir dech zielt. Et ass eben dach e bëssche wéi beim Dating.

5. Et gëtt keng perfekt Kandidaten

Apropos Daten: Perfektioun ass iwwerbewäert. Eng Partei oder e Kandidat, deen 100%eg deng Usiichte vertrëtt existéiert net oder e mécht der eppes fir. Fro dech, wéi staark des Differenzen an d‘Gewiicht falen.

6. Looss dech net vu Sloganen a Spots blenden

Sou éierlech se och dobäi eriwwer komme wëllen: 30-Sekonnen TV- a Radio-Spots kënnen zwar ënnerhalsam a flashy sinn, hëllefen awer net wierklech weider, wann et drëms geet, sech ze informéieren. Wann dech eppes usprécht, sollt et dozou féieren, dass de dech mam Wahlprogramm an de Kandidaten ausernee setz. Gläiches gëllt och fir Sloganen, déi och vu Beroderfirmen entwéckelt gi sinn: Si kënne flott sinn, bidden awer keng déift.

Ähnlech Sujeten Gemengewahlen 2017, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel