Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen
Neiegkeeten

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen

Gëschter am spéiden Nomëtteg, hunn d’Gewerkschaften OGBL an NGL-SNEP an

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen
Neiegkeeten

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen

Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Truppen aus Syrien ofzezéie bréngt

D’Working Poor, erkläert
Neiegkeeten

D’Working Poor, erkläert

De Mëttwoch (24.05.2017) mécht den Députéierte Marc Baum (déi lénk)

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech

Am Kontext vun der Migratiounskris huet sech de Minister näischt virzewerfen

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech

Am Kader vun de Preoccupatioune, déi am Bezuch op „Dublin-Transferte“ a Richtung Italien zu Ausdrock komm sinn, huet de Minister fir Immigratioun an Asyl, Jean Asselborn (LSAP) folgend Informatioune matzedeelen:

„D‘Entscheedungen zu de betraffenen Transferten, baséieren op enger europäescher Legislatioun, déi a Konformitéit zu den héchste Standarden – am Bezuch op de Respekt vun de fundamentale Rechter an de Mënscherechter – steet. Dës Transferte betreffe keng unerkannt Refugiéeën, mee d‘Demandeure vun internationalem Schutz a Persounen, deenen hir Demande refuséiert ginn ass, an sech doduerch illegal am Land ophalen.

An dësem europäesche Kontext, steet et Lëtzebuerg net zou, unilateral d‘Uwennung vun engem EU-Reglement ze suspendéieren, mam Risk sekundär Mouvementer, vun Demandeure vun internationalem Schutz a refuséierte Persounen, auszeléisen. Zudeem ass d‘Situatioun an Italien net mat där vu Griicheland vergläichbar.

D‘Suspensioun vun den Transferten a Richtung Griicheland, berout op enger Gemeinsamer europäescher Entscheedung, déi sech op d‘Jurisprudenz vum europäesche Geriichtshaff an dem europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff bezitt. Esou eng Decisioun gëtt et am Fall vun Italien net. Et ass zudeem wichteg drop hinzeweisen, datt de Minister keng systematesch Transferten a Richtung Italien, oder aner Memberlänner duerchféiert.

Zu Lëtzebuerg gëtt vu Fall zu Fall entscheet, an dorunner wäert sech näischt änneren. Lëtzebuerg huet zanter Mee 2017, 116 Persounen a Richtung Italien transferéiert. Lëtzebuerg huet – notamment aus humanitäre Grënn – decidéiert, sech als verantwortlech fir d‘Analys vun der Demande fir internationale Schutz, am Fall vun 41 Persounen, déi hätte missen ausgewise ginn, ze deklaréieren.

Als Beispill féiert de Ministère de Fall vun engem jonken aus dem Sudan un, deem déi lescht Woch den Transfert erspuert bliwwen ass. Et muss een op dëser Plaz och drop hiweisen, datt all Decisioun vum Minister fir Immigratioun an Asyl, am Bezuch op Dublin-Transferten, zu Lëtzebuerg juristesch iwwerpréift ka ginn.

De Minister betount, datt Lëtzebuerg en engagéierte Verdeedeger vun der europäescher Solidaritéit ass. Esou huet Lëtzebuerg, am Kader vum europäesche Relokalisatiounsmechanissem, 249 Persounen – déi manifestement internationale Schutz brauchen – aus Italien opgeholl huet. Doriwwer eraus, ënnerstëtzt Lëtzebuerg tatkräfteg d‘Autoritéite vun deene Länner, déi am stäerkste vun der Migratiounskris betraff sinn. Dozou gehéiert och Italien.“

matgedeelt vun der Direction de l’immigration

Iwwersetzung aus dem franséischen: Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Asyl, Ausweisung, Dublin-Transferten, Internationale Schutz, Italien, Jean Asselborn, Mënscherechter, Minister fir Immigratioun an Asyl
Nächsten Artikel Virrechten Artikel