Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht
Si haten sech op e „Sommet“ gëeenegt ouni allzevill Erwaardungen
Si haten sech op e „Sommet“ gëeenegt ouni allzevill Erwaardungen
Bestätegt ass et wuel nach net, mee den neie Vizepremier
Um Freidegmueren huet e 19 järege Student seng Elteren um
D’Resultat vun der Initiative, déi op den Interreg-Projet DEFI-Laine („Optragswoll“) zeréckgeet, kann een ab elo am Naturshop zu Esch-Sauer (15, rue de Lultzhausen) fannen. An ass ee schonns op der Plaz, sollt ee sech d’Visitt vun der Duchfabrik direkt niewendrun net entgoe loossen.
Hei gëtt engem déi traditionell Veraarbechtung vun der Woll bis hin zum Duch méi no bruecht. Ma, genee op dëse Maschinnen sinn déi nei Decken – iwwregens eng limitéiert Oplo – entstanen.
Am Joer 2017 ass den Interreg-Projet DEFI-Laine vun 12 Acteuren aus der Groussregioun an d’Liewe geruff ginn. Zil ass et eng Produktiounsketten zur regionaler Verwäertung vu Woll ze garantéieren. An dësem Kader huet d’Ekipp zu Lëtzebuerg sech eng Rëtsch Uspréch gesat. Zum engen ass esou de Verkafspräis vun der Woll op 2,50 € pro Kilo eropgesat ginn. Ass d’Material scho sortéiert kritt den Schofsziichter souguer 3,50 € pro Kilo. Am Verglach dozou läit den duerchschnëttleche Präis iwwert hierkëmmlech Verkafsweeër bei 0,90 € pro Kilo.
Gläichzäiteg sollt Aarbecht fir lokal mëttelstänneg Veraarbechtungsbetriber geschafe an doduerch d’Kooperatioun an d’Innovatioun gefërdert ginn. Vum Ziichter, iwwert den Handwierker bis hin zum Designer soll all Acteur integréiert sinn a Matsproocherecht hunn, sou dass et schlussendlech zu nohalteg produzéierten Decken aus lokaler Woll komm ass.
An dësem Kader huet d’Lëtzebuerger Textildesignerin Véronique Mathay, zesumme mam Naturpark Öewersauer, verschidden Entwërf kreéiert, déi sech vun den traditionellen Decken ofsetze sollten. Uschléissend goung et op d’Sich no regionale Schéifereien, an dat war guer net emol esou einfach.
Vill Schofsrassen, déi hei am Land geziicht ginn, bidden net déi Woll, déi zur Hierstellung vu Stoff gëeegent ass. No e puer Uleef huet d’Ekipp awer schliisslech zwee regional Schofsziichter fonnt, déi am Fréijoer 2019 hir Déiercher geschuer hunn.
Nom Besuch an der Wollwäscherei konnt et an d’Duchfabrik goen, wou als éischt de Fuedem entstanen, an dunn d’Decken gewieft gouf. Iwwregens si pro Kilogramm Woll ëm 9.000 Meter Fuedem produzéiert ginn. Ganzer 1.800 Kettfiedem (Längsfiedem vum Stoff) si per Hand un d’Wiefmaschinn gestréckt ginn.
Ofschléissend goufen d’Decken nach agefaasst a kruten eng Etikett ugebitzt. Dir gesitt also: Bei dësem Produit stécht vill Handwierk, Fangerspëtztegefill a Léift dran.
Am Naturshop vum Naturpark Öewersauer fannt Dir vum „Téi vum Séi“, iwwert „Bléi vum Séi“ an „Duch vum Séi“ lauter regional Produiten, an dat als Kaddo oder fir den eegene Gebrauch. Zousätzlech ginn et Informatiounen zu Aktivitéiten an der Geschicht vun der Ëmgéigend, sou wéi schonn erwäänt d’Visitt vun der Duchfabrik mat senger aktueller Textilausstellung „Memories“.
Bis op Mëttwochs ass all Dag vun 10:00 bis 12:00 a vu 14:00 bis 17:00 Auer op. Samschdes, Sonndes an u Feierdeeg empfänkt den Naturparkzentrum Iech vu 14:00 bis 17:00 Auer.
Opmaacherbild: © John Oesch