Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Findel: S.A.R. de Groussherzog huet sech d’Teststatioun ugekuckt
Kultur Neiegkeeten

Findel: S.A.R. de Groussherzog huet sech d’Teststatioun ugekuckt

Grad fir d’Vakanzenzäit huet ee sech drop preparéiert, datt d’Infektiounszuelen

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt
Kultur Neiegkeeten

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt

Wéinst Mësswirtschaft a politesche Feelentscheedunge steet de staatleche Gesondheetssystem (NHS)

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches
Kultur Neiegkeeten

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Filzausstellung WAASSER © Shari Pleimelding/moien.lu

De Wollef © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
D'Kardéiermaschinn © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Un der Kardéiermaschinn entsteet eng Aart Flisteppech, déi herno viru verschafft gëtt © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Wann de Filsteppech fäerdeg opgerullt ass, geet et virun © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Kënnt ee spontan laanscht, dann erklären Schëlter déi verschidden Etappe vun der Woll bis hin zum Stoff © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
De Wiefstull © Shari Pleimelding/moien.lu

D'Duchfabrick am Naturpark Öewersauer © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Fir d'Detailaarbecht leet een och gären emol selwer Hand un © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
© Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
© Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Téi vum Séi © Shari Pleimelding/moien.lu
Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Vun Nuddelen, iwwert de Likör oder och Téi, bis hin zur Dekoratioun fënnt een am Shop bal alles! © Shari Pleimelding/moien.lu

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt emol an den idylleschen Eck vum Naturpark Öewersauer a senger Duchfabrik verlafen! Gëtt engem an de Raimlechkeete vun der Fabrik déi traditionell Veraarbechtung vun der Woll bis hin zum Duch méi no bruecht, esou kann een am Shop direkt niewendrun vun de fäerdege Produiten, Téi vum Séi an anere regionale Wuere profitéieren. Eng Visitt bréngt engem net nëmmen d’Geschicht, mee och d’Heemescht méi no.

Besicht een d’Duchfabrik am Naturpark Öewersauer, esou sollt ee sech déi reegelméisseg wiesselend Ausstellung net entgoe loossen. Momentan sinn et de Robert Quentin, d’Annette Quentin-Stoll an d’Carine Mertes, déi d’Thema Waasser mat Fotografien, gefilzte Biller an Objeten ästhetesch presentéieren. Dobäi beweisen d’Kënschtler, datt déi fest Faseren duerch Originalitéit, Talent an eng attraktiv Opmaachung modern an eenzegaarteg, deelweis souguer immens apaart optriede kënnen.

Mat „Fléiend Fësch“ organiséiert d’Annette Quentin-Stoll um 14. a 15. Mäerz iwwregens ee spezielle Filzcours. D’Plaze si limitéiert an esou sollt ee sech nach schnell umellen iwwert reception@naturpark-sure lu oder 8993 31-1.

Duchfabrick

Filzausstellung WAASSER © Shari Pleimelding/moien.lu

Déi spannen … eh nee wiewen dach!

Bis an 70er Joren ass an der aler Duchfabrik Stoff produzéiert ginn. Zäiten an och d’Industrie änneren sech, wouduerch de Betrib seng Dieren zoumaache misst. D’Konkurrenz, d’Opkomme vu synthetesche Stoffer a méi modern Methoden hunn d’Produktioun op d’Knéie gezwongen.

Enn vun den 80er Joer koum dunn den Naturpark Öewersauer an huet sech ëm d’Restauréierung vun den ale Maschinne, woubäi verschiddener iwwer 100 Joer al sinn, gekëmmert. Goufen dës Apparaturen eng Zäit laang mam Waasser aus der Sauer ugedriwwen, esou kann ee mëttlerweil op Elektrizitéit zeréckgräifen an de Visiteuren d’Maschinnen och an Aktioun weisen.

All eenzele Schrëtt vun der Fabrikatioun gëtt presentéiert: Vum Wollef, un deem déi frësch Woll méi reng gemaach gëtt, iwwert déi riseg Kardéiermaschinn an d’Veraarbechtung zu Fiedem, bis hin zur Aarbecht um Wiefstull an der Ausrëschtung (Mëll-Mache vum Stoff) kann een de Produit observéieren. Um Enn kann ee vun der Decken, dem Schal oder och der Posch profitéieren, woubäi natierlech nach e puer weider Schrëtter, wéi beispillsweis d’Ubrénge vun Tiretten duerch d’Ligue HMC, um Programm stinn. Fréier waren et iwwregens virun allem Boxen a Kleedung fir d’Arméi an d’Police, déi hei hiergestallt gi sinn.

Duchfabrick

Fir d’Detailaarbecht leet een och gären emol selwer Hand un © Shari Pleimelding/moien.lu

Ee besonneschen Highlight ass eng selwer gewieften Decken, déi souguer mat Kamomill aus dem Naturpark gefierft ginn ass. Wärend op der enger Säit d’Verbonnenheet zur Regioun an Natur bewise gëtt, erweist sech de liichte Faarfiwwergang vu giel op elfebeefaarweg als angenehm fir d’Aen.

Woll ass net gläich Woll

Wéi de Jean-Marie Reimen bei der Visitt erkläert huet, bitt sech nach laang net all Woll och fir all Produit un. Zu Lëtzebuerg wier besonnesch d’Texelschof beléift, seng Woll wier awer éischter krazeg a soumat net gëeegent fir eng Decken ze maachen. Gëtt dës Schofsaart souwisou haaptsächlech fir d’Fleesch geziicht, esou kéint een säi wäisse Mantel awer fir Filz benotzen.

Den Naturpark stellt fir d’Veraarbechtung vu klenge Quantitéiten (ëm 50 kg) och emol Privatleit de Wollef an d’Kardéiermaschinn zur Verfügung. Mëttlerweil reest d’Clientèle schonn aus dem Ausland un, fir vun dëser Offer ze profitéieren. Schliisslech existéieren et net méi vill al Duchfabriken, wouduerch d’Nofro klëmmt.

Duchfabrick

Un der Kardéiermaschinn entsteet eng Aart Flisteppech, déi herno viru verschafft gëtt © Shari Pleimelding/moien.lu

Dat war nach laang net alles!

Déi fix Ausstellung vum Naturpark Öewersauer informéiert Grouss a Kleng mat spannenden Erklärungen iwwert Naturpark selwer, seng Awunner a seng Ëmwelt. A klengen Haisercher kënne Kanner op spilleresch Aart a Weis der Flora a Fauna ronderëm de Stauséi méi no kommen oder och eegen entwéckelt Projete kenneléieren.

Als Ofschloss recommandéiere mir emol am Shop eranzeluussen. Eng immens Diversitéit u regionale Produiten (Liewensmëttel, Téi vum Séi, Drëppen, Keramik,…) waart op Iech a mat engem immens léiwen Accueil bleift een emol gär e puer Minutte méi laang fir ze schnëssen.

A wien elo nach net gleeft, datt een hei een ereegnis- an opschlossräichen Dag erliewe kann, bei deem ee mat grousser Sécherheet ee stéck méi schlau gëtt, a wou vum Ufank bis zum Schluss ee super Programm gebuede gëtt, dee sollt sech emol perséinlech iwwerzeege loossen.

Duchfabrick

Vun Nuddelen, iwwert de Likör oder och Téi, bis hin zur Dekoratioun fënnt een am Shop bal alles! © Shari Pleimelding/moien.lu

Wéi, wat a wou?

Den Zentrum vum Naturpark Öewersauer a seng Duchfabrik huet quasi dat ganzt Joer iwwert op (ausser natierlech u Silvester an Neijoerschdag). D’Visitt vum ganze Musée ass fir Kanner a jonk Erwuessener bis 21 Joer gratis, Erwuessener bezuelen 3€ op de Kapp, fir Gruppen ab 5 Persoune ginn et 2€ op de Kapp.

Erklärend Schëlter si flott, mee et geet näischt iwwert eng guidéiert Visitt. Am Naturpark Öewersauer gitt Dir op Ufro wärend annerhallwer Stonn vu kompetente Guidë begleet, kënnt déi verschidden Ausstellunge bewonneren an d’Maschinne vun der Duchfabrik an Aktioun erliewen.

Vergiesst net d’Billergalerie uewen ze kucken!

Ähnlech Sujeten Conny Koob, Decken, Duchfabrick, Duchfabrik, Fabrick, Filzausstellung WAASSER, Jean-Marie Reimen, Kardéiermaschinn, Naturpark Öewersauer, Naturpark Uewersauer, Posch, regional, Schal, Schof, Shop, Stauséi, Stoff, Téi vum Séi, Visitt, Wiefstull, Woll, Wollef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel