Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muer heescht et um Krautmaart: „Rentrée parlementaire“ (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

li gong dating

Wa muer d‘Chamber hir offiziell Rentrée zelebréiert, da schonn déi

dating my daughter rewards unlocked
Kultur Neiegkeeten

De Jeff Feller am Interview: Nolauschteren, Nodenken, Handelen

Elo wou de Gemengewahlkampf déck am Gaangen ass, gëtt vill

Giel Gileten Akt VII: de scheie Versuch Präsenz ze weisen
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VII: de scheie Versuch Präsenz ze weisen

Fir hiren „Akt VII“, gutt annerhallwe Mount nodeems de Mouvement

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race

Duerch den Dout vum Grand-Duc Jean ass dëst Evenement op den 18. Mee verréckelt ginn! D’Ticketen bleiwen, dem Responsabelen no allerdéngs weider gülteg.

Samschdes, de 27. Abrëll wäerten d’Inten an der Stad nees verwonnert drakucken, wann op eemol ronn 16.000 giel Plastiks-Inten sech ëm déi éischt Plaz um dësjäregen Duck Race streiden. Nach sinn eng Rei Inte fräi, op déi ee fir 5 Euro setze kann. Den Erléis geet och dëst Joer un e gudden Zweck. Ze gewanne gëtt et iwwregens en Auto!

Fir Animatioun fir Grouss a Kleng wäert ab 12 Auer am Péitrussdall beim Minigolf gesuergt sinn. De Startschoss fir d’Plastiks-Inte wäert dann um 15 Auer falen.

Tickete fir matzemaache kritt een um Site vun Duck Race, um Luxembourg City Tourist Office, bei Jerry Travel zu Belval souwéi am Lidl. Mat e bësse Chance kann een nach den Dag selwer op der Plaz eng Int un de Start schécken.

Organiséiert gëtt den Duck Race vun der Table Ronde Luxembourgeoise (TRL), déi sech säit hirer Grënnung am Joer 1963 fir Toleranz a Frëndschaft engagéiert. Dëst Joer ënnerstëtzt si d’Aide à l’enfance de l’Inde et du Népal, Rokku Mi Rokka souwéi d’Stëftung “Kinderchirurgie Hawassachildone”.

Och wann ee selwer keng Int an d’Renne schéckt, ass et als Zuschauer en aussergewéinlecht Spektakel fir d’Péitruss mol quiitschgiel ze betruechten.

Ähnlech Sujeten Duck Race, Péitruss, Plastiks-Inten, Table Ronde Luxembourgeoise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel