Een Tableau fir de gudden Zweck

Gemeinsam mat der Kënschtlerin Juliette Haag lancéiert d’Associatioun Wonschstär de Moment eng Aktioun a well sech esou fir de Fridden asetzen.

D’Juliette Haag huet hirer Kreativitéit fräie Laf geloos an e puer flott Tableauen an Dekoratiounseeër hiergestallt. Dir kënnt dës Konschtartikelen zu all Zäitpunkt bei der Associatioun op Walfer (101, route de Diekirch L-7220) kucken an och kafe kommen.

Natierlech kënnt dir och ären Tableau oder äert Ee am viraus schonn iwwer Email (info@wonschstaer.lu) oder déi sozial Medie reservéieren.

Den Erléis aus dëser Aktioun fléisst integral an e Projet deen am Kontext vun der Situatioun an der Ukrain an der doraus resultéierender humanitärer Kris entstanen ass.

Dernières nouvelles