Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Les Territoires de Joël Leick – Eng Expo an der BnL
International Neiegkeeten

Les Territoires de Joël Leick – Eng Expo an der BnL

Schonn ier den Artist Joël Leick bekannt ginn ass, huet

Demokratie op tierkech
International Neiegkeeten

Demokratie op tierkech

Si ass déi regional Virsëtzend vun der gréisster Oppositiounspartei an

Gratulatioun: Zwee nei Schäffe goufe vereedegt
International Neiegkeeten

Gratulatioun: Zwee nei Schäffe goufe vereedegt

Gëschter sinn bei enger offizieller Zeremonie zwee nei Schäffe vun

Duda an Trump: eng profitabel Frëndschaft

Washington zitt seng Truppen aus Däitschland net wierklech of, si gi just a Richtung Oste verlagert

Duda an Trump: eng profitabel Frëndschaft

Datt esouwuel den Donald Trump wéi och de polnesche President Andrzej Duda vun der EU, an Däitschland am besonneschen, wéineg halen, dat ass bekannt. Bekannt ass och, datt de Milliardär säit senger Amtsaféierung zolidd beméit ass d‘EU-Länner géintenaner opzebréngen. An d‘Polen sinn och bereet sech de Schutz duerch US-Zaldoten eppes kaschten ze loossen…

DudaD‘Geschicht hannert dem „geplangten“ Truppenofzuch aus Däitschland, steet schonn zanter August 2019 ganz oppen am Raum. Viru kuerzem huet den US-President – dee sauer ass, well Berlin ze laang brauch fir 2% vum BIP an d‘Verdeedegung ze stiechen – decidéiert dem schlechte Schüler eng Lektioun ze erdeelen. Bis zu 10.000 US-Zaldote sollen dofir aus Däitschland ofgezu ginn.

Zweck vun dëser Operatioun ass et allerdéngs net, den NATO-Partner militäresch ze schwächen an och d‘Atomwaffe solle weiderhin op däitschem Buedem stationéiert bleiwen, esou wei och vu Rammstein aus, d‘Dronen zu hiren déidlechen Opträg solle geleet ginn. Nee hei geet et ganz kloer drëms, Däitschland de wirtschaftlechen Notze vun den Ronn 35.000 US-Zaldoten ze entzéien.

DudaD‘Polen, oder villméi d‘PiS-Partei, läit jo mat der EU-Kommissioun am Clinch, dat wéinst villen zweiwelhafte Reformen a sécherlech och dem Fait, dat Europa éischter „Fräizügeg“ ass, wann et ëm d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit an/oder Flüchtlinge geet. An dësem Punkt sinn sech dann och den Duda an den Trump eens, ideologesch verfollegt een do gemeinsam Ziler.

Eng profitabel Auslandsrees

Beim Treffen zu Washington, hu béid Staatsmänner dann och net nëmmen erkläert, datt si sech op ee bilateraalt Ofkommes zur Verdeedegung verstännegt hunn, mee déi iwwerzieleg US-Zaldoten eigentlech och gutt a Polen opgehuewe sinn. Nom treffe mam kathoulesche Fundamentalist, huet den Donald Trump dann och nees seng ganz Virwërf géint Däitschland widderholl.

Hie wier ganz houfreg op déi gutt Polen, déi sech net wéi Däitschland géifen dem gemeinsamen Effort verweigeren, d‘NATO mat méi Geld ënnert d‘Äerm ze gräifen. Et ass dann och richteg, datt Berlin 2019 grad emol 1,38% vum BIP an Oprëschtung/Verdeedegung investéiert huet, wärend Polen dës Ziler géif anhalen. Zudeem wëll Polen verstäerkt US-Flësseggas importéieren.

Am léifste wier jo dem US-President, Europa géif ganz op russescht Gas verzichten. Iwwert d‘Zuel vun den US-Zaldoten déi „verlagert“ solle ginn, schénge béid Presidenten nach net op enger Linn ze sinn. Wärend de Milliardär vun 2.000 Mann schwätzt, geet den Andrzej Duda vu 5.000 Zaldoten aus, déi a Polen eng nei Heemecht fannen dierften. Dat dierf dann och roueg eppes Kaschten

DudaDen Duda huet sengersäits d‘Sécherheet vun der EU (wéi dat mat bilateralen Ofkomme soll goen ass allerdéngs net gewosst) an de Virdergrond gestallt. „Ech hu mech mat der Demande, keng Truppen aus Europa ofzezéien, un den Donald Trump gewannt, well d‘Sécherheet vun der EU mir wichteg ass“ esou de President vu Polen. Dat dierft bei der EU-Kommissioun „begréisst“ ginn.

mat indymedia/was/waw/bru

Foto: Déi polnesch Delegatioun huet sech ëmfänglech mam Verdeedegungsofkommes tëscht Polen an den USA beschäftegt. © Jakub Szymczuk / Kancelaria Prezydenta (KPRP)

Ähnlech Sujeten Andrzej Duda, Donald Trump, Polen, USA, Verdeedegungsofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel