Search

You may also like

Nee zur Ofschafung vun der Eisebunnsstreck Esch/Uelzecht – Audun-le-Tiche!
Neiegkeeten

Nee zur Ofschafung vun der Eisebunnsstreck Esch/Uelzecht – Audun-le-Tiche!

Op der eegleiseger Eisebunnsstreck tëscht Esch/Uelzecht an Audun-le-Tiche gouf den

money
“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent
Neiegkeeten

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

Um Donneschdeg sinn zu Rëmerschen vum Ministère fir Chancëgläichheet sechs

Juncker: Ons Zukunft ass digital
Neiegkeeten

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Malta huet den „Zepter“ vun der EU-Presidence un Estland weidergereecht.

Duebelen Homicide zu Diddeleng

Duebelen Homicide zu Diddeleng

Gëschter Owend géint eng Auer aacht, waren d‘Beamte vun der Police wéinst engem Sträit an enger Wunneng zu Diddeleng ugeruff ginn. Hinne gouf per Telefon matgedeelt, datt hei eng Schosswaff kéint benotzt gi sinn. En Hiwäis mat deem kee Spunnes ze maachen ass, firwat besonnesch uecht ze doen ass.

Esou sinn dann och direkt méi Patrullen zur genannter Adress beuerdert ginn. Emol op der Plaz hunn d‘Polizisten zwou männlech Läichen opfonnt. Dës zwou verstuerwe Persounen, waren op dëser Adress ugemellt, awer net matenaner verwannt. D‘Beamte konnten an der Wunneng och eng Schosswaff sécherstellen.

Nodeems de Procureur iwwert de Virfall informéiert gi war, huet dësen d‘Police Judiciaire mat der Enquête beoptraagt. Op béid an der Wunneng opfonnt Affer duerch den Asaz vu enger Schosswaff verstuerwe sinn, geet aus dem Bericht net ervir. Hei mussen elo d‘Resultater vun der Ermëttlung ofgewaart ginn.

Illustratioun: © Utkarsch Tiwari / unsplash

Related topics Diddeleng, Homicide, Police, Police Judiciaire, Schosswaffen, Sträit
Next post Previous post