Search

You may also like

Wanted: Washington setzt e Kappgeld op de Maduro aus
International Neiegkeeten

Wanted: Washington setzt e Kappgeld op de Maduro aus

Et ass éischter ongewinnt fir net ze soen extrem seelen,

Editorial: Normal ass dat net
International Neiegkeeten

Editorial: Normal ass dat net

Et gi Geschichten, déi schreift nëmmen d’Liewen. Do preparéiers de

Trump oder Biden?
International Neiegkeeten

Trump oder Biden?

Et ass eng Wal, wann net esouguer déi Wal, wou

Den Duell vun zwee ale wäisse Männer

Den Duell vun zwee ale wäisse Männer

Knapp zwou Woche virun der Presidentschaftswahl an den USA hunn sech den Erausfuerderer Joe Biden an den amtéierenden US-President zu Nashville (Tennessee) eng leschte Kéier op der Tëlee géinteniwwer gestanen. Et war keng Widderhuelung vum éischten Duell, an dat ass awer scho mat dat eenzegt, wat engem bei dësem verbale Säbel-Kräizen als positiv afält.

Si sinn sech net stänneg an d‘Wuert gefall, mee den Toun war ugespaant, woubäi „ënnert aller Sau“ wuel déi besser Wuertwiel wier, wann ee sech op den Niveau vun der US-Politik erhiewe wëll. Als „appetizer“ huet de 77 järege Joe Biden dem 74 järegen Donald Trump, erkläert, datt hien sech fir den Doud vun 221.000 US-Bierger misst rechtfäerdegen. Deen huet op gewinnten Aart geäntwert.

Mat: „Ech iwwerhuelen d‘Verantwortung. Et ass net meng Schold, datt et heihinner komm ass, dat ass de Chinesen hir Schold. (…) Ech hunn et kritt, ech hu vill geléiert. Groussaarteg Dokteren, groussaarteg Spideeler“, esou huet de gréissten Diplomat aller Zäiten seng Politik verdeedegt an och nach gemengt, datt dat schlëmmst iwwerstane wier. Kléngt net no engem Plang, ass et och net.

De streng gleewegen awer liicht senille Joe Biden ass op dem Milliardär seng Bezéiung zum Kim Jong-un, CEO vun der Nordkorea Sàrl, agaangen. Hei huet den US-President festgestallt: „Wësst dir wat? Nordkorea, mir befannen eis net am Krich. Mir hunn ee gutt Verhältnis“. De Joe Biden du: „Mir haten ee gutt Verhältnis zu Hitler, iert dësen an Europa amarschéiert ass“. A sou? Nee, dach!

Klimaschutz versus Wirtschaftsinteressen

Datt den Donald Trump d‘Amerikaner aus dem Paräisser Accord gefouert huet, fënnt de Joe Biden net gutt an huet ugedeit, datt wann hie President wier, de Klimawandel genotzt géif ginn, fir ganz nei Aarbechtsplazen a Beruffer ze schafen. Den Demokrat versprécht d‘Kreatioun vun net manner wéi 18,6 Millioune Jobs. Datt et dofir aus der Wirtschaft keng Ënnerstëtzung gëtt, sot hie leider net.

An hei huet den amtéierende President gekontert an op seng eege Klimabilanz higewisen. Déi ass, wéi d‘Welt jo mat eegenen Ae feststelle konnt, mindestens esou erfollegräich wéi de Bau vun der Grenzmauer zu Mexiko. Den Donald Trump réit dem „schléifrege“ Joe: „Wann der d‘Wirtschaft wëllt futti maachen, muss dir just d‘Pëtrolsindustrie ofschafen“. Mee dat wëll de Joe Biden guer net.

Duell

Et ass dann nach ëm Rassismus gaangen. Dee strukturellen an den institutionaliséierten, dee vun den Demokraten, dee vun de Republikaner an och dee vum US-President, deen nieft dem Ku-Klux-Klan an de „Proud Boys“ alles ënnerstëtzt wat ass seng Satzunge mindestens eng Reegel huet, déi Verfassungsfeindlech a Mënscheveruechtend ass. D‘Iwwergrëff sinn dogéint alles Eenzelfäll…

Den Ament läit den demokratesche Kandidat viru sengem Géigner, woubäi dat, wéinst dem drolege Wahlsystem an den USA, net Aussokräfteg ass, bezunn op d‘Auszielung. Wann d‘Welt an ee puer Amerikaner awer elo mengen, datt den Donald Trump scho verluer hätt, an alles besser wier, wéi him nach en zweet Mandat ze vergënnen, kann et sinn, datt et zur grousser Enttäuschung kënnt.

mat indymedia/bna

Related topics Demokraten, Donald Trump, Joe Biden, Republikaner, TV Duell, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post