Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Protest géint d‘Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune beim TICE
Neiegkeeten

Protest géint d‘Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune beim TICE

Bis ewell hunn sech déi politesch Verantwortlech beim TICE op

FSPL: Hoffnung fir Syrien
Neiegkeeten

FSPL: Hoffnung fir Syrien

Viru kuerzem hat d‘Fridden- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) an Zesummenaarbecht

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus
Neiegkeeten

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus

Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine, déi vum

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker

Gëschter ass an der Ukrain d’Entscheedung getraff ginn, fir op hirem Territoire eng ganz Rei russesch Internetdéngschter ze blockéieren, dorënner déi ganz populär sozial Netzwierker. Et ass eng vun de Mesuren am Kader vun „neie“ Sanktioune géint Moskau, déi allerdéngs vu Mënscherechtsorganisatiounen denoncéiert ginn.

Aktéiert duerch en Dekret vum President Petro Porochenko, trëfft des Mesure ganz besonnesch Vkontake (VK) dat ëmmer nees als de russeschen Equivalent vu Facebook duergestallt an eng considerabel Audienz um Territoire vun der fréirer UDSSR huet. Weider betraff sinn dann och d‘Sichmaschinn Yandex. Millioune vun ukraineschen User sinn direkt vun dëser Entscheedung betraff.

Déi ukrainesch Internaute kritiséieren dës Moossnahme schaarf. Se géifen derzou bäidroen den ekonomesche Krich op ee weideren Niveau ze hiewen, mee och d‘Ausenanersetzung um Informatiounslevel ausdehnen. Hei zerklappe sech Kiew a Moskau säit der Annexioun vun der Krim, am Mäerz 2014, gefollegt vun engem bewaffente Konflikt am Osten mat russesche Separatisten, déi laut den ukraineschen Autoritéitemilitäresch vu Russland ënnerstëtzt solle ginn, wat awer Moskau heftegst dementéiert. Trotzdeem muss een dierfen erënneren, datt d‘Kämpf an dräi Joer iwwer 10.000 Affer gefuerdert hunn.

„Mat grousse Schrëtt Richtung autoritäre Staat“

De Dmitri Peskov, Spriecher vum Kreml, denoncéiert dann och „eng nei onfrëndlech politesch Manifestatioun géintiwwer Russland, eng nei Entscheedung no sëllech aneren, déi d‘Recht vun den Ukrainer, sech z‘informéiere, violéiert.“ De russeschen Ausseministère leet nach eng Schëpp no an deelt mat: „De Regime vu Kiew dirigéiert sech mat grousse Schrëtt a Richtung autoritäre Staat“.

Am Detail, nennt déi schwaarz Lescht, erausgi vun der ukrainescher Presidence, de Grupp „mail.ru“ vum Milliardär Alicher Ousmanov. Dëse Grupp ass bekannt fir d‘Messagerie mam selwechten Numm a besonnesch seng sozial Netzwierker, wéi den héich populäre VK – mat 16 Millioune Benotzer an der Ukrain – an Odnoklassniki. „mail.ru“ an „Yandex“ hunn an engem Communiqué d’Entscheedung bedauert. Si géif virun allem hir User penaliséieren a kaum Afloss op d‘Finanze vu béiden Entreprisen hunn.

Propaganda?

D‘Chercheuse Tanya Cooper vun Human Rights Watch huet dëst via Twitter als „eng absurd an disproportionéiert Mesure“ an „en heftege Schlag géint d‘Internet- an Informatiounsfräiheet“ bezeechent. D‘Representantin vu Reporter Ouni Grenzen an der Ukrain, d‘Osane Romaniouk, schwätzt vun engem „friemen an onerwaarte Verbuet“ a schreift op Facebook: „Dat si Sanktioune géint déi eege Bierger.

Vill Internauten hunn hirersäits matgedeelt, datt déi verbuede Sozialnetzwierker, VK an Odnoklassniki, grondleeënd Informatiouns- a Kommunikatiounsmëttel fir d‘Awunner an der Kriseregioun wieren. Bei der presuméierter Verwécklung vun der russescher Arméi, déi vu Moskau dementéiert gëtt, wieren des Quellen essentiell.

De President Porochenko, selwer Member bei dësen Netzwierker, erkläert seng Decisioun mat der Noutwennegkeet vu „Konter-Propaganda“ an huet op VK d‘Schléisse vu senger offizieller Säit ugekënnegt a seng Matbierger opgeruff „direkt déi russesch Server aus Sécherheetsgrënn ze verloossen.

Kiew gëtt net midd Mesuren ze huelen, déi seng ekonomesch a wirtschaftlech Verbindunge mat Russland begrenzen. Russland war awer ëmmer ee Schlësselpartner säit dem Néiergang vun der UDSSR virun eppes méi wéi 25 Joer an dem bluddegen Ofgang vum pro-russesche President Viktor Ianoukovitch ugangs 2014.

D‘ukrainesch Autoritéiten hu verschidde Gidder verbueden, dorënner Filmer oder russesch Bicher, awer och d‘Aktivitéit vu Filialen vu russesche Banken oder de Fluchraum fir russesch Fluchgesellschaften gespaart. Doriwwer eraus erhéicht sech mam Dekret d‘Zuel vu de Russen oder presuméiert Kreml-Ënnerstëtzer deenen et verbueden ass an d‘Ukrain anzereese vu 682 op 1.228.

Dëst Land steet ëfters an der Kritik, fir Journalisten aus Russland, mee och aus dem Westen, déi iwwert de Konflikt bericht hunn, d‘Arees verbueden ze hunn. Hei ass op Drock aus dem Westen de Porochenko gezwonge gewiescht zréck ze rudderen. Méi Rezent hat Kiew der russescher Kandidati fir d‘Eurovisioun, Julia Samoïlova, wéinst sengem Optrëtt op der Krim, d‘Arees verbueden. Deen doduerch entstanene Kaméidi huet derzou gefouert, datt déi russesch Tëlee refuséiert huet den Event ze iwwerdroen a Russland vun der Finale ausgeschloss ginn ass.

Ähnlech Sujeten Internetzensur, Russland, Ukraine
Nächsten Artikel Virrechten Artikel