Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: Wéinst Idlib trëtt e Freideg den UN-Sécherheetsrot zesummen
Money Neiegkeeten

Syrien: Wéinst Idlib trëtt e Freideg den UN-Sécherheetsrot zesummen

D‘USA hu fir e Freideg eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot ugemellt,

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer
Money Neiegkeeten

What the Fact – Verëffentlechung vum J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ haut virun 81 Joer

Kaum ze gleewen, mee dem John Ronald Reuel Tolkien säi

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!
Money Neiegkeeten

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!

Et gëtt vill iwwert Literatur ze wëssen. A kee kann

money

D‘ULC ergräift Stellung zur Ausso vum President vun der Raiffeisen-Bank

D‘ULC ergräift Stellung zur Ausso vum President vun der Raiffeisen-Bank

Wann et der zwee gëtt, déi esoubal nach net wäerte matenaner an d‘Vakanz fueren, datt sinn d‘ULC (Konsumenteschutz) an d‘Direktioun vun der Raiffeisen-Bank. Déi éischt werfen deenen Zweete vir iwwerdriwwe Fraise bei de Bankenoperatiounen ze erhiewen.

Bezu gëtt sech an éischter Linn op déi vum President Guy Hoffmann gemaachten Ausso, dat déi vun der ULC virgeluechte Fuerderung vun enger substanzieller Reduzéierung vun de Fraise fir Schalteroperatioune vëlleg onrealistesch wieren, an een net vun enger Privater Entreprise kéint verlaangen, eng Déngschtleeschtung gratis unzebidden.

Hei stellt de Konsumenteschutz dann emol fir unzefänke fest, datt ni dovunner rieds gaangen ass, generell Schalteroperatioune gratis ze maachen. Hei huet d‘ULC kloer an däitlech formuléiert, datt d‘Gratuitéit, respektiv reduzéiert Fraisen, virun allem eelere Clienten, an Leit mat reduzéierter Mobilitéit an/oder spezifesche Besoine soll zerguttst kommen, déi net fit fir den Onlinebanking sinn an esou op d‘Ënnerstëtzung vum Schalterpersonal ugewise sinn.

Et geet hei also ëm déi sougenannte „vulnerabel Mënschen“ fir déi, déi europäesch Richtlinn mat Bezuch op d‘Bankkonten, d‘Onentgeltlechkeet fir d‘Standardoperatiounen am Bankschalter virschléit. Fir all déi aner Cliente verlaangt de Konsumenteschutz eng drastesch Reduktioun vun de Fraisen, wat déi gängeg Operatiounen am Schalter (Iwwerweisungen, abezuelen, ofhiewen) ugeet.

An dësem Kontext sief dann och nach emol un d‘Petitioun 1182 erënnert, déi nach bis de 4. Abrëll online ënnerschriwwe ka ginn. Wien net online kann oder wëll, dierf d‘Petitioun natierlech och um Sëtz vun der ULC, 55 rue des Bruyères um Howald, physesch ënnerschreiwen.

Loosst eis dann nach feststellen, datt d‘ULC net zu Onrecht doriwwer verwonnert ass, datt eng Bank, déi hir Gesamtbilanz ëm 11,4% géintiwwer dem Virjoer verbessere konnt, wat jo awer och den Einlage vun de Cliente geschëlt ass, respektiv mat Hëllef vun den Zënsen déi Cliente bezuelt hunn, erwirtschaft gi sinn.

Bei esou engem Resultat dierft ee mengen, datt eng Bank zumindest géintiwwer hire vulnerabele Clienten e Geste maache kéint, deen zudeem géif ënnersträichen, datt een wuel eng Privat Bank ass déi Profitter erwirtschafte muss, an awer sozial verantwortlech handelt. A well deem nach net esou ass, rifft d‘ULC d‘Konsumenten op déi uewe genannte Petitioun ze ënnerschreiwen. Si bezitt sech iwwregens op all d‘Banken zu Lëtzebuerg déi Schalter hunn.

Ähnlech Sujeten Bankfraisen, Konsumenteschutz, Petitioun, Raiffeisen, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel