Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech
Neiegkeeten

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech

Wéi de Freideg d‘ADR hire parlamentaresche Bilan virgeluecht huet, ass

D’CFL-Chantieren fir dat zweet Hallefjoer 2020 sti fest
Neiegkeeten

D’CFL-Chantieren fir dat zweet Hallefjoer 2020 sti fest

Wëll et duerch d’Moossnamen zur Andämmung vun der Pandemie zu

Kommt a maacht mat beim „Memory Walk“
Neiegkeeten

Kommt a maacht mat beim „Memory Walk“

E Samschdeg 21. September organiséiert d‘ALA (Association Luxembourg Alzheimer) vun

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart

Konsumenteschutz: keng mince Affäre!

Et war eng memorabel Generalversammlung déi de Kosummenteschutzverband (ULC – Union Luxembourgeoise des Consommateurs nouvelle a.s.b.l.) e Mëttwoch den 3. Mee zu Hesper ofgehalen huet. D‘Ursaache si villfälteg an een vun de Haaptsujeten ass Landeswäit bekannt. Leider waren net allze vill individuell Memberen an de Centre Nicolas Braun komm, eng Situatioun déi leider d‘Normalitéit ass.

D‘Optaktried gëtt traditionell vum President gemaach an den Nico Hoffmann ass no der obligater Begréissung, der Gedenkminutt fir déi Verstuerwen an de Mercien zimlech direkt op d‘Problemer ze spriechen komm. Wann et dann sécherlech richteg ass, datt déi sëllech Entrevuen mat de Ministère an den Administratioune et méiglech maachen, datt d‘Stëmm vum Konsument och gehéiert gëtt, esou bleift bedauerlech, datt nach ëmmer véier verschidde Ministère zoustänneg sinn. De President fuerdert dann op en neits endlech ee Verbraucherministère ze schafen.

Der Post an de Banken de Krich erkläert

Eng vun den aktuellsten Aktiounen vun der ULC betrëfft all Bierger a Frontalier, deen e Kont zu Lëtzebuerg huet. Mam Opruff zum ënnerschreiwen vun der Petitioun géint déi ongleeflech Fräien an der Schléissung vun Agencen, trëfft d‘ULC dann och voll an d‘schwaarzt. Mat bis elo iwwer 7.500 Signatairen dierf vun enger erfollegräicher Campagne geschwat ginn an et ass dann och net vun ongeféier datt se nach bis de 15. Mee weidergefouert gëtt.

Kritiséiert gëtt virrangeg d‘Hausse vun de Käschten déi ufalen fir ee Virement vu Kont zu Kont ze maachen an déi onmoosseg Fraisen fir un dat eegent Geld ze komme. Jee no Déngschtleeschter muss de Client tëscht dräi a véier Euro am Guichet berappen. Fir den Nico Hoffmann wëllen déi concernéiert Instituter domadder d‘Cliente zum e-Banking zwéngen. Dat ass inakzeptabel, wëll alt nees mat esou Methoden just an grad déi getraff ginn, deenen d‘Liewen net grad an d‘Gesiicht laacht. Gemengt sinn hei am besonneschen déi eeler Leit, d‘Personnes fragilisées an generell jiddereen mat engem klengen Akommes.

De President Nico Hoffmann huet kee Blat vrun de Mond geholl. © moien.lu/MdL

De Nico Hoffmann gëtt weiderhin ze bedenken datt et net ka sinn, datt Persounen mat Mobilitéitsproblemer vum Guichet bei de Geldautomat gedriwwe ginn. An dat gëllt och fir déi eeler Leit. Hei besteet eng Gefor, respektiv gi Leit engem onnéidege Risiko ausgesat, an dat ass fëlleg irresponsabel. Zemools wou gewosst ass datt zwar déi concernéiert Leit Bescheed wëssen awer wann de Fall antrëtt natierlech keng Verantwortung iwwerhuelen.

Ee weidere Mëssel huet mat de Fermeturen vun den Agencen ze dinn. D‘Banken engersäits an d‘Post anersäits. (Als Beispill ass unzeféieren dat net manner wéi 35 Postbüroen an néng Agencen vun der Spuerkeess betraff sinn.) Gesäit een emol dervunner of, datt dës Mesuren gläichbedeitent sinn mat Aarbechtsplazenoofbau, esou muss een dierfe feststellen, datt d‘Waardeschlaangen vrun de Guicheten ëmmer méi laang ginn, wat fir justifiéierten Onmutt bei de Clienten suergt.

Déi verantwortlech Politiker schéngen awer net dervun betraff ze sinn, wéi soss léisst sech erklären, datt trotz Ufroen an sëlleche Reklamatiounen einfach keng Reaktioun kënnt. Vun der ULC ginn dann nach weider Fuerderungen un d‘Politik gestallt. Sou d‘Schafe vun engem Internetsite dee vun an am beschten bei der CSSF sollt ugesidelt sinn an de Konsumente soll d‘Méiglechkeet bidden déi verschidden Instituter mateneen ze vergläichen.

Roaming, Sammelkloen an dës weideren méi

D‘ULC huet nieft dësem schwéieren Dossier awer nach weider Saachen op der Lee déi fir Kappwéi bei de Konsumente suergt. Esou stellt den Nico Hoffmann fest, datt d‘Ofschafe vun den „Roaming“ Fräien bei der mobiller Telefonie zur Erhéijung vun den Inlandskäschte gefouert huet. Hei schummen sech d‘Operateuren also net, quasi duerch d‘Hannerdier, de manque à gagner der Integralitéit vun hire Clienten a Rechnung ze stellen. Nach ee Sujet deen sech schleeft betrëfft d‘Sammelkloen an och an dësem däregen Dossier fuerdert d‘ULC déi Verantwortlech Politiker op ee Kader ze schafen deen esou eng Procedé erlaabt. An et ass net emol vill Aarbecht, vu datt sech ganz einfach un den Reguléierungen vun eise Nopeschlänner kéint orientéiert ginn.

Ugeschwat gouf och d‘Liewensmëttelgesetz, dat schonns säit Juli 2104 virun sech hin dëmpelt an de Wee einfach net bis op de Krautmaart fënnt. Ee weideren Punkt betrëfft d‘Kafkraaft an de Lounindex. Den Nico Hoffmann weist dorops hin, datt et op Grond vun engem duerchschnëttlechen Inflatiounstaux vu 1,44% säit 42 Méint keen Lounindex méi ginn huet. Fir d‘Majoritéit vun de Konsumenten awer de Lounindex déi eenzeg Méiglechkeet d‘Kafkraaft ze erhalen. Dat ass Ulass genuch fir eng Lounindexvirschosstranche vun annerhallef Prozent ze fuerderen. Wann et riets geet iwwert de Loun gëtt och gutt a gären vun Steiere geschwat an d‘ULC gëtt et sech jo net midd schonns zanter enger gefillter Éiwegkeet Steiergerechtegkeet anzefuerderen. Beim Wunnen läit och d‘Kromm an der Heck. Jäerlech Erhéijunge vun 7 bis 8% loossen Spekulatioune zou déi esou net vun der Politik dierfen ënnerstëtzt ginn.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel