Search

You may also like

money
D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo
Neiegkeeten

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!
Neiegkeeten

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!

Um vergaangene Weekend war de begierten traditionellen Treffpunkt fir all

Virliesung mam Andreas Hoppe: Vun Hoffnung an dem Wollef
Neiegkeeten

Virliesung mam Andreas Hoppe: Vun Hoffnung an dem Wollef

Zesumme mat der Lëtzebuerger Nationalbiblithéik (BnL) an der Natur- a

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!

Och wa sech de Konsumenteschutz am Groussen a Ganzen mat der Prozedur vun der Regierung, am Bezuch op de virsiichtege Relachement vun de Moossnamen an d’Exit-Strategien averstanen erkläert, esou ginn et dach e puer Ongereimtheeten an hirem Virgoen.

Wëll elo d’Chantieren a Baumäert asw hir Aktivitéiten ënnert strenge Sécherheetsvirschrëften nees ophuelen dierfen, ass et fir d’ULC ënnert anerem net novollzéibar, datt den Eenzelhandel a kleng Gastronomiebetriber bis op Weideres zou bleiwe mussen.

Grad bei dëse klengen a mëttlere Betriber wieren d’Sécherheetsmoossnamen méi liicht ëmsetzbar, wéi et beispillsweis bei Supermarchéen de Fall ass, wëll bei dëse klengen Entreprisen geet et och schlicht ewech ëm d’Iwwerliewen an déi domat verbonnen Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen.

Dofir fuerdert d’ULC d’Regierung op, sech d’Moossnamen nach emol grondsätzlech ze iwwerleeën an d’Ëffnung vun dëse klenge Betriber net nach weider erauszezögeren, selbstverständlech ënnert dem Respekt vun de strenge Sécherheetsmesuren.

Dat selwecht gëllt och fir kleng Coiffeurs-Butteker, wou meeschtens op Rendez-Vous geschafft gëtt. Ausserdeem sinn d’Salonen méi iwwersiichtlech, wéi grouss Verkafsflächen an et besteet d’Méiglechkeet vum obligatoreschen Droe vun engem Mondschutz.

Am Zesummenhang mam Coronavius verweist d’ULC och op dat, virun allem an der Krisenzäiten, verständnisvollt a solidarescht Mateneen tëscht de Verbraucher, Verkeefer a Geschäftspersonal.

Dofir riicht d’ULC och een Appell un d’Verbraucher, an de Geschäfter een den anere mam noutwennege Respekt ze begéinen, sief et elo tëscht de Regaler, bei de Stänn oder am Keeseberäich, an de virgeschriwwene Sécherheetsofstand vun 2 Meter strikt anzehalen.

Ee weidere Beräich bereet dem Konsumenteschutz an dëser Krisesituatioun Kappzerbriechen: D’Vereinsamung vun eelere Mënschen an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer. Bis ewell ass et souwuel dem Partner, wéi och de Kanner ënnersot, hir Léifst ze besichen, wat fir eeler Mënschen immens schwéier novollzéibar ass.

Dofir fuerdert d’ULC vun der Regierung, datt all Méiglechkeeten ausgeschëpft ginn, fir d’Gefill vum Verloosse-Sinn virzebeugen an den enkste Familljememberen ënnert strenge Sécherheetsoploen d’Méiglechkeet vun enger Visitt ze erméiglechen.

Wëll et och ënnert de Pensionnairen vun den Alters- a Fleegeheemer zu positiven Infektioune kënnt, fuerdert de Konsumenteschutz, datt all Insassen op de Covid-19-Virus getest ginn an all Matbewunner dat noutwennegt Schutzmaterial, bezéiungsweis ee Mundschutz kréie muss.

Matgedeelt vun der ULC

Related topics Altersheem, Besuch, Coiffeur, Coronavirus, Erëffnung, Exit-Strategie, Gastronomie, kleng a mëttelgrouss Entreprisen, Konsumenteschutz, Sécherheetsmesuren, ULC, Vereinsamung
Next post Previous post