Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt
International Neiegkeeten

dating app design

Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op

best dating app in indore
dating a guy your height
International Neiegkeeten

Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden

Déi parlamentaresch Sessioun 2016/17 geet op en Enn an et

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert
International Neiegkeeten

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert

Obwuel direkt hannert der Grenz – wéi eigentlech a granz

D‘USA erhéijen Douanestaxen op Wueren aus China

Handelskrich tëscht Washington a Peking huet en Impakt op déi europäesch Wirtschaft

D‘USA erhéijen Douanestaxen op Wueren aus China

Et gëtt den Ament wuel nach verhandelt, mee déi vum Donald Trump annoncéiert Erhéijung vun den Douanestaxen op Importer aus China, sinn a Kraaft getrueden. D‘Taxe fir Importer am Wäert vun 200 Milliarden US-Dollar ginn esou vun 10% op 25% ugehuewen.

Vun den US-Autoritéite gëtt allerdéngs confirméiert, datt déi Wueren, déi China scho verlooss hunn, nach mat den „niddregen“ Douanestaxen ofgewéckelt ginn. Dat mécht Sënn, zumindest ugesiichts dem Fait, datt den Transport per Schëff iwwert de pazifeschen Ozean bis zu 15 Deeg beusprocht. Dat gesot, gëtt zu Washington weider mam Vizepremier Liu He verhandelt.

Wéi eng Absichten den US-Handelsbeoptragte Robert Lighthizer an den US-Finanzminister Steven Mnuchin verfollegen, ass net gewosst. Den Donald Trump huet sech sengersäits jovial gewisen, an hält et fir méiglech mat China zu engem Accord ze kommen. Ëmmerhin hätt Peking seng Nummer 2 geschéckt, en dësem e Bréif matginn, an deem Wäert op Zesummenaarbecht geluecht gëtt.

Mee de Milliardär dee sech esou hoffnungsvoll gëtt, huet sech och a Kritik geüübt. „Loosst ons zesummeschaffen, steet am Bréif. Mee si wëllen d‘Ofkommes nei verhandelen, an och do och de Volet vum geeschtegen Eegentum. Dat geet net!“, esou den Donald Trump, dee niewebäi och vu Peking verlaangt seng „Geschäftsbezéiungen“ zum Iran ofzebriechen. Dat wäert net geschéien…

Wat den US-President soss nach alles wëll

Ausser wirtschaftspolitesche Fuerderungen, huet de Locataire aus dem Wäissen Haus nach eng Rei Wënsch déi hie gäre vu Peking erfëllt geséich. Esou soll China säi Maart méi zougänglech fir US-Produkter maachen, déi intellektuell Proprietéit muss besser geschützt ginn, an et sollt keen Zwang zum Technologietransfert ginn. Dat si Fuerderungen déi ënner Handelspartner geleefeg sinn.

Et mussen awer nach aner Fuerderungen am Raum gestanen hunn, well et, nodeems nach leschte Weekend béid Säiten d‘Hoffnungen opflame gelooss hunn, datt eng Eenegung méiglech wier, zum Eclat komm ass. Bei de Formuléierungen zum Entworf fir en neit Ofkommes, wieren sech déi chinesesch an amerikanesch Vertrieder net méi eens ginn. Well heeschen, et gouf gestridden…

D‘Amerikaner, déi „eesäiteg“ e Fuerderungskatalog vun 150 Säite virgeluecht haten, waren also verwonnert doriwwer, datt d‘Chinese systematesch déi amerikanesch Kärfuerderungen aus dem Pabeier gestrach hunn. De Vizepremier Liu He huet zu dësem Sträit géintiwwer dem chinesesche Staatssender CCTV gesot: „Mir wëllen den Dissens éierlech, zouversiichtlech a rational léisen“.

Wat et bedeite kann, och fir eis…

Gestreits ënner Weltmuechten, wéi eben tëscht China an den USA, hunn net eleng en Afloss op déi jeeweileg national Politik. Dat beaflosst déi gesamt Weltwirtschaft, an et dierf een net vergiessen, datt d‘USA och d‘Europäer mat Sanktioune bedreeën, wann d‘Unioun sech weiderhin umoosst, ouni d‘Erlaabnes vu Washington, Handelsbezéiunge mat anere Partner (Iran, Russland) anzegoen.

China wäert net op den iranesche Pëtrol verzichten an och weiderhin op d‘US-Provokatiounen am chinesesche Mier äntweren. Si loossen sech och an der Kausa „Nordkorea“ keng Virschrëfte maachen, an esou wéi een aktuell den Ëmgangstoun ze verstoen huet, muss een éischter dovunner ausgoen, datt China trotzt „Provokatioun aus Pyongyang“ sech net den US-Sanktiounen uschléisst.

mat indymedia/was/nyc
Foto: justinat /Pixaba

 

Ähnlech Sujeten China, Douanestaxen, Handelskrich, Liu He, Robert Lightheizer, Steven Mnuchin, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel